Quintett vum Stephan

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arp 319)
D'Quintett vum Stephan
D'Quintett vum Stephan vum Hubble-Teleskop fotograféiert

D'Quintett vum Stephan ass eng Grupp vu 5 Galaxien am Stärebild Pegasus, déi 1876 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt goufen.

D'Galaxiëgrupp besteet aus de Galaxien NGC 7317, NGC 7318A, NGC 7318B, NGC 7319 an NGC 7320.

D'Galaxien NGC 7317 bis NGC 7319 maachen e raimlech engt, wiesselwierkend System op enger Distanz vu ronn 300 Millioune Liichtjoer. Wéinst der géigesäiteger Gravitatiounswierkung sinn d'Spiraläerm vun de Galaxien onreegelméisseg verformt.

Den NGC 7320 gouf ufanks vum Stephan zum Stephans Quintett gezielt, dobäi ass déi Galaxie awer wéinst der däitlech niddreger Routverrécklung (~ 800 km/s géintiwwer ~ 6500–7000 km/s bei den anere 4 Galaxien) eng Galaxie, déi méi no läit, nämlech 35 Millioune Liichtjoer.

Dofir gëtt awer haut den NGC 7320C zum Quintett gezielt, soudatt et awer nees 5 Galaxië sinn.

D'Galaxië vum Stephans Quintett hunn eng Hellegkeet vu ronn 13 mag.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Xu, C. Kevin: Stephan's Quintet: A Multi-galaxy Collision (PDF) - Zusammenfassung des Wissenstandes über Stephans Quintett, Stand Dezember 2005

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stephan's Quintet – Biller, Videoen oder Audiodateien