Arthur C. Clarke

Vu Wikipedia
Arthur C. Clarke
Gebuertsnumm Arthur Charles Clarke
Pseudonym Charles Willis, E.G. O'Brien
Gebuer 16. Dezember 1917
Gestuerwen 19. Mäerz 2008
Colombo
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun King’s College London
Aktivitéit Erfinder, Dréibuchauteur, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller, Explorateur, Schrëftsteller, Physiker
Den A.C. Clarke 2005

De Sir Arthur Charles Clarke, gebuer de 16. Dezember 1917 zu Minehead, engem Stiedchen an der Grofschaft Somerset, a gestuerwen den 19. Mäerz 2008 zu Colombo der Haaptstad vu Sri Lanka, war en englesche Schrëftsteller.

De Clarke ass ee vun de groussen Auteure vun der Science-Fiction-Literatur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur war dat eelst vu véier Kanner vum Charles Wright Clarke a senger Fra, der Mary Nora Willis.

Hien hat eng Dauchschoul.

De Clarke an den "2001: A Space Odyssey"[änneren | Quelltext änneren]

1951 koum an der Anthologie "10 Story Fantasy" dem Clarke seng Kuerzgeschicht "The Sentinel" ënner dem Titel "Sentinel of Eternity" eraus. Et war u sech eng einfach Geschicht iwwer en Artefakt, deen op der Spëtz vun engem Bierg um Äerdmound fonnt gouf, a bei deem et sech eraustellt, datt e vun héichentwéckelten Aliens, Millioune vu Joer virdru geschaf gouf. Déi Geschicht war den Ausgankspunkt fir d'Dréibuch vum Film 2001: A Space Odyssey, dat de Clarke zesumme mam Stanley Kubrick geschriwwen huet.

Eréischt nodeem de Film fäerdeg war, huet de Clarke eleng e Roman geschriwwen, dee sech op dat Dréibuch stäipt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthur C. Clarke – Biller, Videoen oder Audiodateien