Artikel (Grammaire)
Den Artikel ass grad wéi d'Besëtzadjektiver an d'demonstrativ Adjektiver e Bestëmmungswuert fir Substantiver. Hien ännert seng Declinaisoun, jee nodeem fir wateree Geschlecht e gebraucht gëtt, ob en an der Eenzuel oder an der Méizuel steet, an och ofhänngeg vum Casus, d. h. ob en am Nominativ, Dativ oder Akkusativ gebraucht gëtt.
Am Geschlecht[änneren | Quelltext änneren]
Den Artikel markéiert déi dräi Fäll vum Geschlecht déi et am Lëtzebuergesche gëtt. E kann dobäi als bestëmmten, onbestëmmten, betounten oder negativen Artikel gebraucht ginn.
Bestëmmten Artikel[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
den Apel | d'Kutsch | d'Buch | De betëmmten Artikel hëlleft fir e bestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem scho Rieds war: Den Apel hänkt um Bam an de Mann pléckt den Apel. D'Kutsch fiert op der Strooss, d'Fra sëtzt an der Kutsch. D'Buch läit um Schaf, d'Kand kënnt net drun |
de Mann | d'Fra | d'Kand |
Onbestëmmten Artikel[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
en Apel | eng Kutsch | en Heft | Den onbestëmmten Artikel hëlleft fir en onbestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem nach net Rieds war: Hien huet en Apel. Dat ass eng schéi Kutsch. Gëff mir mol en Heft eriwwer. |
e Mann | eng Fra | e Kand |
Betounten Artikel[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
deen Apel | déi Kutsch | dat Heft | De betounten Artikel gëtt gebraucht fir eng demonstrativ Ausso duerzestellen oder bei Substantiver déi en Adjektiv hunn: Deen Apel ass faul. Déi schéi Fra brauch kee Maquillage. Déi betount Form gëtt dacks mat de Prepositiounen hei oder do gebraucht, dei dann hanner dem Substantiv stinn. Dee Mann hei huet e grousse Gaart. Déi brong Kutsch do huet keng Bremsen. |
deen ale Mann | déi kleng Fra | dat déckt Kand |
Negativen Artikel[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
keen Apel | keng Kutsch | keen Heft | Den negativen Artikel gëtt gebraucht fir eng onbestëmmt oder partitiv Nominalgrupp ze niéieren: De Mann huet keen Apel. D'Fra huet keng Kutsch gesinn. |
kee Mann | keng Fra | kee Kand |
Feele vum Artikel[änneren | Quelltext änneren]
Wa keen Artikel do steet da gëtt en Deel vun engem Ganze gemengt. Am Lëtzebuergeschen entsprécht dat dann dem franséische partiven Artikel.
- Ech drénke gär Wäin, de Jos huet léiwer Whisky.
- D'Kand mécht Botter op d'Schmier.
Méizuel[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
d'Äppel | d'Kutschen | d'Hefter | An der Méizuel gëtt et nëmmen ee bestëmmten Artikel - d' - fir déi dräi Geschlechter. |
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
... Äppel | ... Kutschen | ... Hefter | An der Méizuel gëtt et keen onbestëmmten Artikel. D'Feele vum Artikel an der Méizuel seet aus, datt et sech entweder ëm eng zielbar Quantitéit handelt oder ëm eng Totalitéit Hien huet Gromperen. Hatt huet Grompere gär. |
Männlech | Weiblech | Neuter |
---|---|---|
keng Äppel | keng Kutschen | keng Hefter |
Männlech | Weiblech | Neuter |
---|---|---|
déi Äppel déi faul Äppel |
déi Kutschen déi schéi Kutschen |
déi Hefter déi blo Hefter |
Eegenaarten[änneren | Quelltext änneren]
- Et gëtt eng al Form vum männlechen Artikel an der Eenzuel, --der-- déi a festen Ausdréck ze fannen ass:
- dat ass der Jomer, wat der Jomer.
- Ëmsoss ass der Doud, an e kascht nawell d'Liewen.
- Géint der Mueren ass et méi kal ginn.
- Am Lëtzebuergesche kréien d'Virnimm ëmmer de bestëmmten Artikel:
- Den Heng an d'Léin gi muer bestuet.
- De Jos an d'Toini sinn um Tour.
- Weiblech Virnimm déi ouni Apellatioun oder Qualifikatioun gebraucht ginn, ginn al neuter bestruecht:
- Do steet d'Germaine Jolibois; hatt huet säi Portemonni verluer.
- Dohanne leeft d'Justine; hatt trainéiert vill, et wëll déi nächst Course gewannen.
- Weiblech Virnimm déi mat enger Appellatioun, enger Qualififatioun oder engem Titel gebraucht ginn, accordéiere sech domat:
- Do hänkt e Bild vun der Sängerin Cher; si war do nach ganz jonk.
- Do wunnt d'Joffer Ketty; si ass al, se huet 40 Joer laang Schoul gehalen.
- D'Kinnigin Leonie as dout; si gëtt an aacht Deeg begruewen.
Fäll[änneren | Quelltext änneren]
All Funktioun vun der Nominalgrupp am Saz gëtt mat engem Fall markéiert.
Am Lëtzebuergesche gëtt et dräi Fäll: den Nominativ, den Akkusativ an den Dativ.
- Den Nominativ ass de Fall vum Sujet a vum Attribut vum Sujet:
- Den Tram steet op der Streck
- Dat ass den Tramschauffer.
- Den Akkusativ ass de Fall vum Complement direct vum Objet oder vum Attribut vum Complement direct vum Objet:
- De Bauer huet en Trakter.
- Hie stellt den Trakter an de Schapp.
- Den Dativ ass de Fall vum Attributiounscomplement:
- Hie verkeeft dem Noper e Camion.
- Et ass elo dem Noper säi Camion.
Bemierkung:
Den däitsche Genitiv (Complement vum Objet) gëtt et just a verschiddenen Expressiounen.
- Enn des Mounts, ass de Schantje fäerdeg.
- Ufanks der Woch ginn zwéin nei Weeër gebaut.
- Hatt ass des Däiwels.
Declinaison[änneren | Quelltext änneren]
Nominativ / Akkusativ[änneren | Quelltext änneren]
D'Declinaisounen am Nominativ an am Akkusativ sinn d'selwecht.
Männlech | Weiblech | Neuter | Méizuel | |
---|---|---|---|---|
bestëmmt | den Apel | d'Kutsch | d'Buch | d'Kawéchelcher |
onbestëmmt | en Apel | eng Kutsch | e Buch | ... Kawéchelcher |
betount | deen Apel | déi Kutsch | dat Buch | déi Kawéchelcher |
negatif | keen Apel | keng Kutsch | kee Buch | keng Kawéchelcher |
Dativ[änneren | Quelltext änneren]
Männlech | Weiblech | Neuter | Méizuel | |
---|---|---|---|---|
bestëmmt | dem Apel | der Kutsch | dem Buch | de Kawéchelcher |
onbestëmmt | engem Apel | enger Kutsch | engem Buch | ... Kawéchelcher |
betount | deem Apel | där Kutsch | deem Buch | deene Kawéchelcher |
negatif | kengem Apel | kenger Kutsch | kengem Buch | kenge Kawéchelcher |