Arzach

Vu Wikipedia
Lokalisatioun vun Arzach am Kinnekräcih Armenien bis zum Joer 387 n. Chr.
Arzach bis zum 9. Jh. (gréng agefierft)

Arzach (Armeenesch Արցախ - Arc̕ax,; Russesch Арцах) war vun 189 v. Chr. bis 387 n. Chr. déi zéngt Provënz vum Kinnekräich vun Armenien. Duerno gouf d'Gebitt zwar nach als sollecht genannt, war awer keng politesch Entitéit méi, weeder vun 387 n. Chr. bis zum 7. Joerhonnert als Deel vum Kaukaseschen Albania, nach vum 7. bis d'9. Joerhonnert ënner arabescher Kontroll. Eréischt ëm d'Joer 1000 ass et nees operstanen, als Kinnekräich Arzach, wat op eng Ausdeenung vun 11.528 eng km² geschat gëtt[1] an eent vun deene leschte mëttelalterlechen armeenesche Kinnekräicher a Fierschtentëmer war dat seng Autonomie oprechterhale konnt no den Turkinvasiounen am 11. a 14. Joerhonnert[2].

E gudden Deel vum Gebitt vum historeschen Arzach iwwerlappt mat der Regioun Biergkarabach, déi haut zur Republik Nagorny Karabach gehéiert, an déi dowéinst an Armenien inoffiziell och dacks Arzach genannt gëtt.

Arzach lokaliséiert sech um nord-ëstleche Bord vum Armeeneschen Héichland[3] an ass haaptsächlech eng Bierglandschaft mat ville Bëscher[4]. Mëttelalterlech Quelle beschreiwe se als strateegesch wichteg a staark befestegt Regioun[5],[6].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Suren T. Yeremyan Հայաստանը ըստ Աշխարհացույցի (Armenien, nom "Askharatsoyts"), Eriwan Armeenesch Wëssenschaftsakademie, 1963, S. 41.
  2. Robert H. Hewsen, Armenia: A Historical Atlas, University of Chicago Press, 2001, S. 118-121
  3. Robert H. Hewsen, The Meliks of Eastern Armenia: A Preliminary Study, in Revue des Études Arméniennes, IX, 1972, S. 255-329.
  4. Léo, Œuvres assemblées, vol. IX, Eriwan, 1989, S. 246-250.
  5. Faustus vu Byzanz, Kapitel L.
  6. Movses Dasxuranci, The History of Caucasian Albanians, 1.17, 2.11 2.14.