Atlas (Biergketten)

Vu Wikipedia
Den Atlas (rout) um afrikanesche Kontinent

Atlas (op Arabesch: جبال الأطلس) ass de Sammelbegrëff vun enger Rei vun héije Biergmassiver am Nordweste vun Afrika. En erstreckt sech iwwer ongeféier 2.400 km a Marokko, Algerien an Tunesien. Den héchste Punkt, de Jbel Toubkal am Zentrum vu Marokko, huet eng Héicht vu 4.167 m. Den Atlas ass eng Barrière tëscht de fiichte Küstegebidder um Atlantik an um Mëttelmier am Nordoste vum Kontinent an der dréchener Sahara. D'Bevëlkerung ass haaptsächlech berberesch.

Déi bekanntst Biergketten am Atlas sinn den Héijen Atlas, den Tellatlas, de Mëttleren Atlas, den Antiatlas de Saharaatlas an de Rif.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atlas Mountains – Biller, Videoen oder Audiodateien