Autorité de concurrence du Grand-Duché de Luxembourg

Vu Wikipedia
Autorité de concurrence du Grand-Duché de Luxembourg
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère de l'Économie
Gegrënnt 30. November 2022
Um Spaweck https://concurrence.public.lu/fr.html

D'Autorité de concurrence du Grand-Duché de Luxembourg (Konkurrenz-Autoritéit) ass e lëtzebuergescht ëffentlecht Etablissement, dat duerch d'Gesetz vum 30. November 2022[1] an d'Liewe geruff gouf an de fréiere Conseil de la concurrence ersetzt. De Verwaltungssëtz vun der ass an der Stad[2].

Der Autorité de concurrence hir Haaptaufgab ass et fir d'Artikele 4 a 5 vun Gesetz iwwer d'Konkurrenz ëmzesetzen, engersäits wat Ofkommessen tëscht Entreprisen oder Associatioune vun Entreprisen a gemeinsam Praktiken ugeet an anersäits fir Mëssbrauch vun dominante Positiounen z'iwwerwaachen an eventuell ze bestrofen.

Se mécht och sektoriell Enquêten, schreift Avisen iwwer all Gesetzesprojet oder reglementareschen Text déi d'Konkurrenz betreffen. All Joer kënnt e Joresrapport vun hiren Aktivitéiten eraus, wouran déi wichtegst Decisioune beschriwwe sinn, grad wéi alles wat der Zesummesetzung, den Ernennungen an Entloossunge vun de Membere vun der Autoritéit an de Finanzen ze dinn huet.

D'Autoritéit gëtt vun engem Verwaltungsrot (Collège de l'autorité) aus sechs permanente Memberen an op d'mannst grad esouvill Suppleante geréiert. D'Membere gi vum Grand-Duc fir en erneierbaart Mandat vu siwe Joer nominéiert.

Collège de l'autorité
Period President Memberen
2023-2029 Pierre Barthelmé[3] Marco Estanqueiro[4], Sven Frisch[5], Tom Mannes[6], Mattia Melloni[7], Jean-Claude Weidert[8]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 30 novembre 2022 relative à la concurrence. legilux.public.lu (30.11.2022). Gekuckt de(n) 23.12.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 30 novembre 2022 portant fixation du siège de l'Autorité de concurrence du Grand-Duché de Luxembourg. data.legilux.public.lu (30.11.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  3. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  4. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  5. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  6. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  7. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.
  8. Autorité nationale de concurrence - Nomination. data.legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 24.12.2022.