Avenue André Drouart
Ausgesinn
D'Avenue André Drouart ass eng Strooss zu Auderghem. Si féiert vun der Kräizung mat dem Boulevard des Invalides an der Rue Guillaume de Demuylder no Süde bis op den T mat der Avenue Jules Vandeleene an der Avenue Joseph-Jean Gossiaux. Si ass ronn 210 Meter laang.
D'Strooss krut den Numm fir un den André Drouart e belsche Resistenzler aus där Gemeng z'erënneren.[1]
Déi éischt Gebaier an der Strooss goufen 1949 vun der Association des Industriels de Belgique (A.I.B.) do opgeriicht, an de 26. Oktober 1949 konnt si an déi nei Büroen a Laboratoiren eraplënneren.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Note vun der Gemeng publizéiert den 9. Dezember 1947: Nous avons l'honneur de porter à votre connaissance que notre Collège échevinal, réuni en séance le 28 novembre 1947, désireux de glorifier la mémoire de ceux des enfants de la commune qui ont donné leur vie pour la Patrie, a décidé de dénommer avenue André Drouart mort pour la Patrie décapité à Cologne le 25.10.43 la nouvelle artère créée au bld des Invalides, en prolongement de la rue Demuylder, vers le Pont de Belle-Vue