Axel (Virnumm)
Axel | |
---|---|
den Dout vum Abschalom, op deen den Numm Axel zeréckgeet | |
Geschlecht | männleche Virnumm |
Namensdag | 21. Mäerz[1] |
Ursprong | |
Sprooch |
Schweedesch fir Abschalom (Hebräesch: אַבְשָׁלוֹם) |
Varianten | |
Alternativen | Axl, Akki, Aki, Axi, Aksel(i), Atschel |
Anert Geschlecht | Axelle |
Änleche Familljennumm | Axel |
Axel ass, am däitsch-, skandinavesch- an engleschsproochege Raum a ronderëm, e geleefege männleche Virnumm.
Ursprong a Bedeitung vum Numm[änneren | Quelltext änneren]
Axel kënnt aus dem Schweedeschen a steet fir Abschalom (Hebräesch: אַבְשָׁלוֹם) wat esouvill heescht wéi „Papp vum Fridden“ oder „de Papp ass Fridden“, woubäi Ab = de Papp (gemengt ass warscheinlech Gott) + Schalom = Fridden.
An der hebräescher Bibel (Tanach) ass den Abschalom den zweete Jong vum David, de Kinnek vu Juda.
Varianten an Ofkierzungen[änneren | Quelltext änneren]
- Axl, Akki, Aki, Axi
- Aksel (skandinavesch Sproochen)
- Akseli (Finnesch)
- Atschel (Rätoromanesch)
Leit mam Virnumm Axel[änneren | Quelltext änneren]
Ënner de Leit mat deem Virnumm sinn:
- Axel Merckx (* 1972), fréiere belsche Vëlossportler
- Axel von Ambesser (1910–1988), däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- de Familljennumm Axel
- Axelle
- Axl Rose, US-amerikanesche Sänger (Guns N' Roses)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Axel (Virnumm) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 2023-10-05.