Rätoromanesch

Vu Wikipedia
Rätoromanesch
Rumantsch, Rumàntsch, Romauntsch, Romontsch
Gëtt geschwat an: Schwäiz
am Kanton Graubünden
Regioun:
Gëtt geschwat vun: 36 600 (Mammesprooch)
Klassement: 2
Klassifikatioun no Famill: Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Schwäiz
Reglementéiert vun: Refrendum 1935
Sproochcoden
ISO 639-1 rm
ISO 639-2 roh
ISO 639-3 roh

Rätoromanesch ass eng al romanesch Sprooch, déi am Schwäizer Kanton Graubünden am Engadin geschwat gëtt.

Rätoromanesch ass den 20. Februar 1938 als déi véiert offiziell Landessprooch vun der Schwäiz unerkannt ginn. Rätoromanesch ass awer keng Amtssprooch.

Et ass eng neolaténgesch Sprooch a gëtt vu geschatenen 48.000 Mënsche geschwat. Et gëtt Sproochparallelen zum Ladineschen an den Dolomitten an dem Friulaneschen am Nordoste vun Italien.

Et kann een tëscht 5 verschiddene rätoromanesche Schrëftsproochen ënnerscheeden:

  • Il Puter: Uewerengadiner Romanesch
  • Il Vallader: Ënnerengadiner Rätoromanesch
  • Il Surmiran: Uewerhalbsteiner Romanesch
  • Il Sutsilvaun: Gëtt am mëttelbündneresche Raum geschwat
  • Il Sursilvaun: Uewerlännesch Sprooch

All dës Sprooche kënnen net vereenheetlecht gi well si ënner sech staark verschidde sinn. D'Zil ass eng eenzeg offiziell rätoromanesch Amtssprooch ze fannen, fir sécher ze sinn, datt déi Sprooch nieft deenen aneren dräi offizielle Sprooche gläichberechtegt existéiere kann.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimer an d'Räter sinn tëscht 30 a 650 no Christus an d'Däll vun de Bündner Alpen gezunn. Sou sinn Etrusker, Gallier a Kelten an dës dacks liewensfeindlech Géigende geplënnert. Déi Vëlker hunn hir spezifesch Sprooche geschwat. Haaptsprooch am ganze Raum war d'Latäin, a sou hu sech déi eenzel Sprooche mam Latäin vermëscht. Romanesch war deemools wäit verbreet an ass vum Gotthard (op romanesch Munt Avenum) bis bei de Walensee (Lej Rivaun) geschwat ginn.

Wéi d'Germanen mat den Alemannen komm sinn, hu se d'Rätoromanesch vum Norden hier a Richtung Süde verdrängt. Am 15. Joerhonnert sinn du fir d'éischt Adoptivjonge vum réimesche Keeser Augustus, den Drusus an den Tiberius, an d'rätescht Land komm. Doduerch bedingt kann een dat Rätoromanescht als Schlëssel tëscht dem Latäin an de moderne romanesche Sprooche wéi dem Franséischen, dem Italieeneschen, dem Spueneschen, dem Rumäneschen an dem Portugisesche gesinn.

Den éischte Beleeg vun Uewerengadineschen ass zu Zuoz vum Gian Travers am Joer 1527 geschriwwe ginn. Et handelt sech ëm "La chanzun da la guerra dal chastè da Müsch". Ënnerengadinesch ass 1560 fir d'éischt a Schrëfte vum Duri Champell zu Susch beluecht.

Beispiller fir rätoromanesch[änneren | Quelltext änneren]

  • moien = allegra
  • gutt Nuecht = buna not
  • vill Succès = bun success