Moldawesch
Moldawesch (Limba moldovenească) | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Moldawien, Ukrain, Rumänien |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | ronn 2,5 Milliounen a Moldawien |
Klassement: | ? |
Klassifikatioun no Famill: | Indogermanesch |
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Moldawien |
Reglementéiert vun: | Wëssenschaftsakademie vu Moldawien (fir dat Rumänescht) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | mo |
ISO 639-2 | mo1 |
ISO 639-3 | {{{iso3}}} |
Moldawesch (Laténgescht Alphabet: limba moldovenească, Kyrillescht Alphabet: лимба молдовеняскэ) ass déi offiziell Sprooch a Moldawien, sou wéi se do an der Constitutioun steet.
Déi meescht Linguiste gesinn d'Moldawescht awer net als Sprooch, mä just als Dialekt vum Rumäneschen. Anerer dogéint plädéiere fir de Statut vun enger richteger Sprooch, well am Moldawesche vill Aflëss vum Russeschen ze fanne sinn, wat beim Standardrumänesch guer net de Fall ass. D'Bezeechnung Kulturdialekt trëfft et an dësem Fall wuel nach am beschten.
Bis 1989 ass d'Moldawescht mam kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn. Duerno ass déi rumänesch Variant vum laténgeschen Alphabet offiziell an der moldawescher SSR agefouert ginn, mä ganz vill Moldawier hunn d'Kyrillescht trotzdeem bäibehalen (cf. moldawesch Wikipedia) an am Separatistenterritoire Transnistrien ass et souguer offiziell bäibehale ginn.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Moldovan language – Biller, Videoen oder Audiodateien |