Gallo
Gallo Galo | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Oste vun der Bretagne |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 197.000 (geschat 2018) |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch |
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Bretagne |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | |
ISO 639-2 | |
ISO 639-3 |
Gallo ass eng Minoritéitesprooch déi am Oste vun der Bretagne geschwat gëtt. Déi, déi et schwätzen, ginn op Franséisch gallots genannt.
Gallo ass eng vun de Langues d'oïl vun der Ieweschter Bretagne (Gallo: Haote-Bertègn) a gëtt traditionell am Ille-et-Vilaine, an der Loire-Atlantique an am Oste vum Morbihan an de Côtes-d'Armor geschwat.
Well et keng universell akzeptéiert Critèrë gëtt fir Sprooche vun Dialekter z'ënnerscheeden, gëtt et kee richtege Konsens iwwer de Status vum Gallo. Och wa se weesentlech mëndlech gebraucht gëtt, ass d'Sprooch awer Theema vun Universitéitsstudien an Efforte fir se ze standardiséieren.
Gallo ass als Regional- oder Minoritéitesprooch a Frankräich unerkannt an zielt dem Conseil régional no zënter 2004 – nieft dem Franséischen an dem Bretoneschen – als Sprooch vun der Bretagne. Gallo gëtt vun der UNESCO als eng Sprooch klasséiert, déi eeschtlech a Gefor ass[1].
Textbeispill
[änneren | Quelltext änneren]Gallo[2] | Lëtzebuergesch |
---|---|
Le monde vienent su la térre librs tertous e s'entrvalent en drets e dignetë. Il lou apartient d'avair de la rézon e de l'esprit e il ont de s'entrenchevi côme feraent dés freres. | All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gallo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Atlas des Langues en danger dans le monde (ISBN 978-92-3-204096-1). unesdoc.unesco.org (2010). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
- ↑ Article premier de la Déclaration universelle des droits de l'homme dans toutes les langues - LEXILOGOS. www.lexilogos.com. Gekuckt de(n) 21.11.2024.