Bësch vu Meerdal

Vu Wikipedia
Bësch vu Meerdal
Lokalisatioun
Land Belsch
Gemeng Oud-Heverlee, Bierbeek, Beauvechain, Grez-Doiceau
Koordinaten 50°48'18"N, 4°41'46"O
Dimensiounen a Geographie
Héicht 55 - 106 m
Fläch 1.320 ha
Séien
Weieren
Warandevijver


De Bësch vu Meerdaal (Forêt de Meerdael/Meerdaalwoud oder och Bois de Meerdael/Meerdaalbos) ass en 1 320 Hektar grousse Bësch am Süde vu Louvain op der Grenz vum flämeschen a wallounesche Brabant. Duerch de Bësch leeft vu Süden no Norden d'N25 déi do Hamme-Mille mat Blanden verbënnt. De Bësch gehéiet zu engem Komplex vun dräi Staatsbëscher südlech vu Louvain, déi aner zwéi sinn de Bësch vun Egenhoven an de Bësch vun Heverlee.

Grad wéi d'Forêt de Soignes an den Hallerbos, huet e fréier zum sougenannte Kuelebësch gehéiert dee sech duerch d'Mëttels-Belsch gezunn huet. Zwéin Drëttel vum Bësch si Lafholzaarte vun deenen d'Eech déi representatiivst ass. Bei den Nolenhëlzer ass et d'Fatzeg Dänn déi bei wäitem de gréissten Undeel huet (ronn 75 %).