Hallerbos

Vu Wikipedia
Hallerbos
Lokalisatioun
Land Belsch
Gemeng Halle, Braine-le-Château, Beersel
Koordinaten 50°42'28"N, 4°17'41"O
Dimensiounen a Geographie
Fläch 552 ha
Markant Plazen Kluisberg


Den Hallerbos ass e 552 Hektar grousse Bësch südëstlech vun Halle. Ronn 500 Hektar leien am Flämesche Brabant, eng 50 am Wallounesche Brabant (Forêt de Hal)[1]. En erstreckt sech iwwer eng Rei vu Koppen déi den Dall vum Molenbeek vun deem vum Hain trennen.

De Bësch ass virun allem bekannt well op grousse Streecher am Ënnerholz géint Enn Abrëll, uganks Mee, déi blo-mof Bësch-Hyazinthe bléien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hallerbos ass e Relikt vum Kuelebësch (la:Silva Carbonaria; fr.: forêt Charbonnière), dee bis an den Héichmëttelalter existéiert huet. Enn vum 18. Joerhonnert war en nach mat enger Sträif Bësch mat der Forêt de Soignes / Zoniënwoud, am Südoste vu Bréissel, verbonnen[2].

Déi eelst schrëftlech Quell, an där en ernimmt gouf, ass vu 686 wéi d'Waudru vu Mons se dem Klouschter, ronderëm dat Mons entstanen ass, geschenkt huet. 1239 gouf en zu gläichen Deeler där Abtei, dem Grof vum Hainaut an dem Grof vu Bréissel ënnerstallt. Leschtgenannten huet seng Part kuerz dono dem Grof vum Hainaut iwwerlooss. Am 15. Joerhonnert goung de Besëtz vun der Grofschaft Hainaut un d'Herzogtum Bourgogne, spéider un d'Habsburger[2].

De Kinnek Felipe IV. vu Spuenien, deen ë. a. och Herzog vum Hainaut war, hat de Bësch mat der Stad Halle dem Herzog vun Arenberg als Pand iwwerlooss[2], deen dunn de 14. November 1652, wéi de Kinnek seng Schold net konnt bezuelen, zu 2/3 an de Besëtz vun den Arenbergs koum. Deemools hat de Bësch nach eng Fläch vun iwwer 900 ha[3]. No enger Zäitche koum et zu Onstëmmegkeeten tëscht der Abtei St. Waudru an den Herzoge vun Arenberg iwwer de Verkaf vun Holz, soudatt de Bësch 1779 gedeelt gouf, wat mat 24 Grenzmaarken, déi opgeriicht goufen, festgehale gouf (eng Säit mat SW fir Sainte Waudru, eng mat AR fir Arenberg)[2]. 20 vun deene Maarke stinn haut nach do.

Wärend der Franséischer Revolutioun gouf d'Klouschter Sainte Waudru opgeléist a säi Besëtz, dorënner de Bësch, verstaatlecht. 1822 gouf den Hallerbësch der Algemene Nederlandse Maatschappij ter begunstiging van de Volksvlijt ënnerstallt, déi, no der Sezessioun a Grënnung vun der Belsch, d'Société générale de Belgique gouf. 1831 hunn d'Herzoge vun Arenberg deen Deel vum Bësch zeréckkaaft.[2]

Wärend dem Éischte Weltkrich hunn déi däitsch Besatzer all déck Beem am Bësch ewechgehaen, wat dem Bësch säin haitegt jonk Ausgesi gëtt. Nom Krich gouf de Besëtz vun der Famill Arenberg, déi Däitsch war, fir zukünfteg Reparatiounsbezuelunge beschlagnaamt, a goung 1929 definitiv an de Besëtz vum Staat iwwer. Tëscht 1930 an 1950 gouf de Bësch nees opgeforst[2]. No de sëllege Staatsreforme gehéiert de Bësch haut der flämescher, resp. zu engem Zéngtel, der wallounescher Regioun.

E puer grouss Griechten déi vun de Baachen, déi all hir Quellen am Hallerbos hunn, an de Buedem gegruewe goufen, splécken de Bësch a fënnef Deeler an Nord-Süd-Richtung. Duerch de Bësch zéie sech vill Spadséierweeër an e puer Promenaden tëscht 3,5 a 7,5 km sinn ausgezeechent.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hallerbos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Geschiedenis" op hallerbos.be
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 "From Merovingians and Habsburgs over Dukes to national forest" op hallerbos.be.
  3. Guide IPPA de la nature, S.183