Bësch-Hyazinth
|
Bësch-Hyazintehn an der Bléi | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Liliopsida |
| Uerdnung | Asparagales |
| Famill | Hyacinthaceae |
| Gattung | Hyacinthoides |
| Aart | Bësch-Hyazinth |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Hyacinthoides non-scripta | |
| (L.) Chouard ex Rothm. | |
|
| |
D'Bësch-Hyazinth (Hyacinthoides non-scripta), ass eng Zwibbelplanz, déi fréi blitt, aus der Gattung vun de Hyacinthoides bannent der Famill vun de Spargelgewächser (Asparagaceae).
Charakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]Et handelt sech ëm eng ausdauernd, krauteg Planz, déi 15 bis 40, och alt emol 50 cm héich gëtt. Si iwwerwantert mat Hëllef vun 1 bis 1,5 Zantimeter décken Zwiwwelen. Am Fréijoer kommen do 3 bis 6 Blieder eraus, déi 20 bis 50 cm laang a 7 bis 15, och alt 25 Millimeter breet ginn.
Tëscht Mëtt Abrëll a Mëtt Mee huet d'Planz blo-mof kläckelcherfërmeg Bléien, déi un Drauwe vu 6 bis 12 Bléie wuessen.
Vereenzelt Bëscher si bekannt dofir, dass d'Bësch-Hyazinth do besonnesch dacks virkënnt, an esou ganzer Blummenteppecher am Ënnerholz bilt, wéi z. B. den Hallerbos am Flämesche Brabant.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- John McNeill: Hyacinthoides. (efloras.org)
- Helmut Preisinger: Waldhyazinthen und die blauen Frühlingswälder Nordwesteuropas. Botanischer Verein zu Hamburg, Verein für Pflanzenkunde, Naturschutz und Landschaftspflege.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hyacinthoides non-scripta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
