Bësch vu Ravels

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Bësch vu Ravels ass en Naturreservat an der Belsch an der natierlecher Regioun Campine no bei der Uertschaft Ravels.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Am Norde vun der Provënz Antwerpen gëtt et dräi Koppen déi bis an Holland erareechen. Bei der ëstlechster dovu läit Turnhout, d'Haaptstad vun der Campine. Nërdlech vun Turnhout läit d'Uertschaft Ravels déi un d'Staatsbëscher stéisst, déi e Reservat vun 810 ha bilden. Am Süden ass d'Reservat vum Kanal Schoten-Kwaadmechelen begrenzt.

Geschicht vum Reservat[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war d'Géigend ëm Ravels eng typesch Heedlandschaft mat Mueren, wéi ee se déizäit op Schratt an Tratt an der Campine gesi konnt.

Vun 1903 un, huet de belsche Staat eng grouss Partie vun dësen Terrainen opkaaft an tëscht 1906 an 1930 opgeforst.

Uplanzungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank goufen déi méi dréchen Deeler mat Bëschkiferen, Pinus sylvestris, ugeplanzt. No an no, haaptsächlech no 1930, goufen déi awer duerch Korsesch Kiferen, Pinus nigra corsicana, ersat.

Op de fiichten a suppeje Plaze gouf Lafholz ugesat. Déi Haaptholzaarten déi do gebraucht goufe waren: Eller Alnus glutinosa, Weid Salix, Bierk Betula pendula, Summereech Quercus robur, amerikanesch Routeech Quercus rubra, Mouereech Quercus palustris, Falsch Akazi Robinia pseudoacacia, Esch Fraxinus excelsior, Ahorn Acer, a Bich Fagus sylvatica.

An den Hecken an op de Borde vun de Bëscher goufe wëll Kiischten, Prunus avium mat abruecht.

An de gemëschte Bëscher goufen haaptsächlech amerikanesch Routeechen a japanesch Meläsen, Larix leptolepis, ugeplanzt.

Am grousse ganze gesinn, huet de Bësch vu Ravel op 71% vun der Fläch reng Nolenholbëscher, 10% Lafbëscher, an 19% gemëschte Bestänn.

Aner Planzen am Reservat[änneren | Quelltext änneren]

D'Uplanzungen hunn eng grouss Partie vun den urspréngleche Planzenaarten déi op der ganzer Fläch verdeelt waren zerstéiert. Et ass awer dofir gesuergt ginn datt se nach all a klenge Formatiounen erhale blouwen.

Déi meescht Suppe goufen a Wisen transforméiert soudatt nach just 7 Stéck rescht blouwen, wouvun d'Supp vu Kesseven mat 3,5 ha, déi Gréissten ass. Op deene fiichte Plaze wuesse Lëtschen, Phragmites sp., Sauergrieser Cyperaceae a Seggen Carex sp.

Op den dréchene Plazen ass et d'Heed, Calluna vulgaris, Päifegrieser, Molinia, a Schofsschwingel Festuca ovina.

Déierewelt[änneren | Quelltext änneren]

Als Déiere sinn haaptsächlech d'wëll Kanéngchen, Oryctolagus cuniculus, de Fasan, Phasianus colchicus, d'Réi Capreolus capreolus, an d'Bëschschnepp Scolopax rusticola ze fannen. Trotz der grousser Zuel vun Touriste leit de Wëldbestand net, well e vergréissert sech stänneg.

Pedologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Biedem am Reservat si ganz arem. D'Humusschicht déi nëmmen e puer cm déck ass läit op enger Lo vun ausgewäschenem groe Sand. Dodrënner ass eng Couche vun eisenhaltegem Sandsteen, méi déif ass giele Sand, an dodrënner ass wäisse Sand. Et si sougenannte Podzolbiedem.

Tourismuns[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Touriste goufen am Norde vun der Nationalstrooss 25, eng ronn 280 ha amenagéiert. Et gëtt Spillplazen, markéiert Trëppelpied, Raschtplaze mat Bänken an Dëscher, a sanitär Anlagen.