BSF (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) BSF (Band))
BSF
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010
Trennung 2012

BSF war eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi am Januar 2010 gegrënnt gouf. Si huet engleschsproochege Pop-Rock gemaach.

Membere waren de Pascal Dechmann ("Bru"; Gittar, Bass, Batterie, Hannergrondgesank, Keyboard), de Louis Wright ("Surfdude"; Gesank) an den Alain Funk ("Funky"; Piano, Keyboard). De Pascal Dechmann ass och am Projet Dedo a mam Louis Wright bei de Surf Cowboys aktiv.

BSF haten e puer Single verëffentlecht.[1] Hir éischt Single If I Had Just huet et am Februar 2010 bis op déi éischt Plaz am Eldoradio Chartbreaker bruecht. Och hir spéider Lidder konnte sech an den Eldoradiocharts, an der RTL Hitmaschinn an an den offizielle Lëtzebuerger iTunes-Charts placéieren.[2]

Den 29. Dezember 2012 huet BSF op hirer Facebooksäit annoncéiert, eng Paus ze maachen, aus där se net méi erauskoumen.

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: If I Had Just
  • 2010: Don't You Hold Me
  • 2010: Take the Time
  • 2011: Let Me Make My Choice
  • 2012: Don't Be Afraid

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Digital Singelen, déi op iTunes verëffentlech goufen.
  2. Quell si Screenshots vun den Charts op der Band hirer Facebooksäit.