Badminton

Vu Wikipedia

Badminton ass besser bekannt als Fiederball, mä ass mëttlerweil well sou bekannt datt och Hobby-Spiller dëse Begrëff benotzen. Op der ganzer Welt sinn iwwer 14 Millioune Spiller an 156 Länner aktiv.

"Fiederbäll"

Badminton gehéiert zu de Réckschlagsportaarten a gëtt mat engem Fiederball (Shuttlecock) a jeeweils enger Rackett pro Persoun gespillt. De Ball muss iwwer d'Netz an dem Géigner säin Terrain gespillt ginn. D'Badmintondiszipline sinn Eenzel, Dubbel a Mixt. Badminton gëtt bal nëmmen an der Hal gespillt.

Badminton zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet am Ganzen 21 Badmintonclibb. Et gëtt Jugend-, Senior, Loisir- a Veteran-Championnater. Ausserdeem gëtt et all Joer eng "Coupe de Luxembourg" an eng Jugend-, Senior- a Veteran-Landesmeschterschaft. Fir d'Seniore gëtt et d'Masters-Tournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt) a fir d'Jugend d'Grandprixtournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt).

Ranking[änneren | Quelltext änneren]

De Ranking am Badminton ass an d'Klassen A, B, C, D agedeelt woubäi A déi bescht ass. All lizenzéierte Spiller fänkt als D35 un a kann duerch Plussen, déi een kritt, wann ee géint ee gläich oder méi héich klasséierte Spiller gewënnt, eng Klass opsteigen. Falls ee géint ee méi niddreg oder gläich klasséierte Spiller verléiert kann een och Minusse maachen. Et brauch een 12 Plusse fir eng Klass ze steigen oder 6 Minusse fir eng Klass ze falen.
Klassen: D35 - D30 - C25 - C20 - B15 - B10 - A05- A00

FELUBA[änneren | Quelltext änneren]

D'lëtzebuergesch Badmintonfederatioun heescht FELUBA (Fédération luxembourgeoise de badminton) an hire President ass de Richard Hölzmer.

Nationalekipp[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet och eng Nationalekipp déi vum Nationaltrainer Hargiono aus Indonesien trainéiert gëtt. D'Nationalekipp ass an e Senior-, A-, B- an C-Kader agedeelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Badminton – Biller, Videoen oder Audiodateien