Bakes

Vu Wikipedia
Bakes an Nordrhein-Westfalen (1904)

Eng Bakes ass ee Raum am Haus, oder nieft dem Haus, an deem d'Preparatioune vum Gebäck gemaach goufen.

Un d'Bakes war de Bakuewen ugebaut, an an der Bakes oder iwwer der Bakes sinn d'Fäsche versuergt ginn, déi gebraucht goufe fir den Uewen ze hëtzen, soudatt se ëmmer bei Hand waren, wa se gebraucht goufen. An der Bakes stoung eng grouss Mull an där den Deeg gekniet gouf, kleng Mullen an der Gréisst vum Brout dat sollt gebak ginn, an an deenen den Deeg opgoe geloss gouf, d'Hiertecher fir Taarten a Flueden auskillen ze loossen, d'Broutschéiss, a soss nach all Geschier dat beim Bake gebraucht gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bakes – Biller, Videoen oder Audiodateien