Op den Inhalt sprangen

Balchaschséi

Vu Wikipedia
Balchaschséi
Land Kasachstan
Länner um Uwänner Kasachstan
Fläch 18.200 km²
Héicht. i. M. 342 m

De Balchaschséi (Kasachesch: Балқаш көлі (Balqaş kölı); Russesch: о́зеро Балха́ш (ózero Balháš)) ass dee gréisste Séi am Kasachstan an deen drëttgréisten an Asien, nom Kaspesche Mier an nom Baikalséi. En huet keen Offloss a läit an der wüüstenhafter Stepp am Oste vum Land.

De Balchaschséi läit an engem Baseng tëscht der Kasachescher Schwell an dem Siwestroumland. En huet eng längelzeg Form vun enger Séchel; säin Anzochsgebitt ass ronn 413.000 km² grouss. Seng Surface variéiert jee nom Waasserstand; se ka bis zu 18.428 km² grouss sinn. En ass bis zu 620 km laang a bis zu 26 m déif, woubäi d'Moyenne vun der Déift bei 5,8 m läit. Ongeféier an der Mëtt ass eng enk Plaz, déi 4,5 km breet Uzun-Aral-Strooss.

Iwwerdeems den Osstdeel en héije Salzgehalt huet (iwwer 7 %), ass deen am Westen, wann iwwerhaapt, just liicht salzeg (0,5-1,5 %). De Grond dofir sinn déi vill Zouflëss am Westen an den niddrege Waasseraustausch tëscht deenen zwéin Deeler vum Séi.

Laanscht d'Südufer ginn et eng jett Inselen an Hallefinselen. Déi gréisste Stad um Uwänner ass Balqasch. Déi zwéin Haaptzouflëss sinn den Ili an de Qaratal.

Commons: Balchaschséi – Biller, Videoen oder Audiodateien