Barrage vu Santa Clara

Vu Wikipedia

De Barrage vu Santa Clara ass e Staudamm a Portugal am Distrikt Beja an der Gemeng Odemira nieft der Uertschaft Santa Clara-a-Velha. Den Damm gouf 1960 geplangt, an 1968 war de Bau fäerdeg. De Bauhär war d'Associação de Beneficiários do Mira.

De Stauséi gëtt vum Floss Mira gefiddert.

De Staudamm huet eng duebel Funktioun, an zwar Waasserreservoir fir d'Irrigatioun vu Felder a Stroumproduktioun.

D'Hydroelektresch Zentral huet eng Joresleeschtung vun 1,9 GWh. Si gëtt iwwer eng Drockleitung mat engem Duerchmiesser vun 1,5 m beliwwert, mat engem Maximaldebit vun 124 m³/s.

An den Irrigatiounskanal kënnen 208 m³/s oflafe gelooss ginn.

Technesch Donnéeë vum Damm

Héicht vum Fëllement (iwwer Mier) [1]: 087 m
Héicht vum natierlechen Terrain (iwwer Mier): 083 m
Héicht vum Barrage: 048 m
Héicht op der Kroun (iwwer Mier): 135 m
Längt vun der Kroun: 428 m
Breet vun der Kroun: 010 m
Bauvolumen: 3.966.000

De Stauséi huet eng Fläch vu 1.986 ha an e Waasservolume vu 485.000.000 m³, wouvun der 240.000.000 fir Stroumproduktioun, oder Irrigatioun kënne gebraucht ginn. Den héchste Waasserstand ass bei 132 Meter (iwwer Mier).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Héicht iwwer dem mëttlere Mieresspigel a Portugal huet als Ausgankspunkt de Peegel vu Cascais