Bataclan

Vu Wikipedia
Bataclan
Land Frankräich
Gemeng 11. Arrondissement
Strooss Boulevard Voltaire
Koordinaten 48°51'47"N, 2°22'15"O
Architekt(en) Charles Duval
Datum vum Bau 1865
Opgaangen 3. Februar 1865

De Bataclan ass e Sall fir Spektakelen a Concerten um Boulevard Voltaire, am 11. Arrondissement vu Paräis.

E gouf 1863-1864 no Pläng vum Architekt Charles Duval als Concerts- an Danzsall opgeriicht an den 3. Februar 1865 ageweit. En hat am Ufank den Numm Le Grand Café Chinois-Théâtre Ba-ta-clan'[1]. Den Numm huet sech op dem Jacques Offenbach seng Operett Ba-ta-clan bezunn. Andeems d'Bindestrécher méi spéit ewechgelooss goufen, gouf sech domat op déi allgemeng Bedeitung vum Wuert bataclan bezunn, wat ee mat Kaméidi, Zodi, oder Bataklang iwwersetze kann.

Am Ufank hat d'Gebai e Pagodendaach. An den 1920er-1930er Jore war et eng Zäitchen e Kino. E Feier an den 1930er an Ëmbauaarbechten an den 1950er Joren hu weider Verännerunge mat sech bruecht. Zanter den 1970er Jore gëtt et do Rock-, Pop- an Elektropopconcerten, an de Sall gouf och als Diskothéik genotzt.

Den 11. Mäerz 1991 gouf d'Gebai als historescht Monument klasséiert.

Bei den Attenater vum 13. November 2015 goufe wärend engem Concert am Bataclan 90 Leit vu Männer ëmbruecht, déi zum Islamesche Staat gezielt hunn.

Zanter 2021 gehéiert d'Gebai der Stad Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bataclan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le Bataclan. Paris. op bnf.fr.