Bearded Collie
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Bearded Collie | |
|---|---|
| FCI - Standard Nr. 271 | |
| Hierkonft | Groussbritannien |
| Klassifikatioun FCI |
|
| Faarwen | Schiefergro; Réihbrong; Schwaarz; Blo; all Grotéin; Brong a Sandfuerwech; mat oder ouni Ofzeechen |
| Héicht um Genéck | Ridd: 53-56 cm Mudder: 51-53 cm |
| Gewiicht | Ridd: zirka 23-28 kg Mudder: zirka 18-22 kg |
| Lëscht vun den Hondsrassen | |
De Bearded Collie ass eng brittesch Hondsrass déi bei der FCI ënner der Nummer 271 an der Grupp 1, Sektioun 1 gefouert gëtt.
De Bearded Collie ass en Hierdenhond, deen aus dem schotteschen Héichland kënnt. E ka fir komplex Hierdenaarbechten agesat ginn, bei deenen e selbststänneg schaffe kann, wéi Siche vu verluerenem Véi, dat e bei den Trapp zeréckbréngt.
En huet en décke Pelz mat laangen Hoer, a gëtt, well en net aggressiv ass, vill als Familljenhond gebraucht.
D'Standardmoosse fir d'Héicht fir de Ridd sinn 53,5 bis 56 cm, a fir d'Mudder 51 à 53,5 cm. Dat normaalt Gewiicht läit tëscht 20 a 25 kg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bearded Collie – Biller, Videoen oder Audiodateien |