Beatrice Wester Krier

Vu Wikipedia
Beatrice Wester Krier
Gebuer 14. Juni 1921
Belgium
Gestuerwen 23. Februar 2017
Port Washington
Nationalitéit USA
Aktivitéit Genealog

D'Beatrice (Bea) Wester Krier, gebuer als Beatrice Anna Wester de 14. Juni 1921 zu Belgium am Wisconsin an den USA, a gestuerwen den 23. Februar 2017 zu Port Washington, war eng amerikanesch Genealogin a Buchautorin mat lëtzebuergesche Virfueren.[1],[2]

Si huet sech de 6. Mee 1944 zu Belgium mam Herbert Edward Krier (1918-1988)[3] bestuet, deen och lëtzebuergesch Originnen hat.[1]

D'Beatrice Wester Krier, déi sech fir d'Erhale vum Lëtzebuergeschen an Amerika agesat huet, war wärend 30 Joer Presidentin vun der Luxembourg Society of Wisconsin[4], Member vun der Luxembourg American Cultural Society[5] mat Sëtz zu Belgium an 1987 Matgrënnerin vum Luxembourg Fest zu Belgium.

Hir grouss Leidenschaft war d'Genealogie. „Si huet mat dem Stammbam vun hirer Famill an der Geschicht vun den Immigranten am Wisconsin ugefaangen, fir duerno och all méiglech Ënnerlage vun anere Lëtzebuerger Auswandererfamilljen queesch duerch Amerika ze sammelen. Dorausser ass mat der Zäit hiert Liewenswierk an eng vun de gréisste Kollektioune vu Luxemburgensia an den USA ginn.”[1]

Si ass den Auteur vum Buch Tapestry of Luxembourgers – Town Belgium History[6], dat si 1987 zu Belgium erausginn huet, an dat déi éischt 75 Joer vun de Lëtzebuerger Auswanderer an der Regioun Belgium beschreift. Hir aner Publikatioune sinn: Those hard working, independent Luxemburgers helped shape Port (Ozaukee Press. Port Washington WI. 5 September 1985, S. 8-9) a Stengen Heiser: Luxembourgish stone houses (Belgium WI: B. A. Krier, 1989, 167 S.).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Lorent 2017.
  2. Find a Grave: Beatrice A. Wester Krier.
  3. Find a Grave: Herbert Krier.
  4. Kuck: Wisconsin Historical Markers: Luxembourg Society of Wisconsin.
  5. Kuck: Claude Karger: „Ihr Herz ließen sie in Luxemburg zurück“. Lëtzebuerger Journal 2012-12-05.
  6. Fiche op a-z.lu