Beesten

Vu Wikipedia
Beesten
Den Zahneschhaff deen der fréierer Uertschaft Beesten den haitegen Numm gëtt
An anere Sproochen fr: Beisten
de: Beisten
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Noumer
Buergermeeschter Sophie Diderrich
Koordinaten 49° 48’ 15’’ N
      06° 06’ 52’’ O


Beesten war eng Uertschaft an der Gemeng Noumer[1]. Bis zur Walreform zu Lëtzebuerg war et eng Walsektioun, déi awer wéi nach anerer an der Gemeng opgeléist gouf.

Wann haut vu Beesten geschwat gëtt ass domat just de fréieren Haff Hoffmann, haut Zahneschhaff genannt, op der Strooss vu Kruuchten op Colmer (CR123), gemengt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zahneschhaff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wat fir eng Lännereien zu Beesten gehéiert hunn ass net méi sou genee festzestellen. Dat eenzegt wat geschichtlech nozevollzéien ass datt den Nicolas Bourg vu Beesten 1854 President vum Walbüro an der Gemeng Noumer war. Doduerch kann een dovun ausgoen datt deemools de Buerghaff zu Beesten gerechent gouf. Spéitstens 1963 gouf de Buerghaff eng eege Walsektioun.

Uganks vun den 1900er Jore gouf et zu Beesten eng Brennerei fir Branntewäin, d'Branntweinbrennerei Wwe Bourg N.[2].

Op der Ferrariskaart (1778) ass d'Uertschaft westlech vun der Mëtschbaach agezeechent. Op den topographesche Kaarte duerno[3] réckelt den Numm méi no Osten, op d'Héicht vum Schleederhaff. Duerno verschwënnt den Numm vun de Kaarten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mémorial administratif du Grand-Duché de Luxembourg: deuxième sémestre de 1816 (1823). Gekuckt de(n) 2021-06-21.
  2. Distillerie - Brennerei Wwe Bourg N., Beisten / Nommern. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-22.
  3. Versiounen 1907, 1927 an 1939 op geoportail.lu