Bejoungsplang

Vu Wikipedia

De Bejoungsplang schreift fir all Lous d'Zuel vum Grousswëld fest, dat wärend enger Juegdperiod muss oder däerf geschoss ginn[1].

Wéi gi se opgestallt[änneren | Quelltext änneren]

Se ginn op Propos vun de regionale Juegdkommissioune vum Ëmweltministère festgeluecht, no Krittären déi d'Landwirtschaft, de Wäibau, de Bësch, d'Biodiversitéit an d'Wëldgesondheet betreffen. Da gëtt och nach gekuckt, wéi vill Wëldschued am Lous ugefall ass. Déi Krittäre gi vun der Natur- a Bëschverwaltung festgeluecht a vum Ëmweltministère geneemegt.

Wat steet dran[änneren | Quelltext änneren]

Fir all Juegdlous steet d'minimal an d'maximal Zuel vun Hirschen, Hirschkéi an Hirschkaalwer dran, déi wärend der Juegdperiod mussen, respektiv däerfe geschoss ginn. Fir dat anert Grousswëld steet just d'minimal Zuel vun Déieren dran, déi musse geschoss ginn[2].

Et ginn da sou vill Wëldmarke verschéckt, wéi dobäi festgesat gouf.

Fir d'Lousen aus enger Juegd-Bewirtschaftungs-Unitéit ginn d'Zuelen, déi fir déi verschidde Louse festgesat goufen, addéiert.

Revisioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Piechter vum Lous, de Collège des syndics an d'Juegdkommissioun kann eng Revisioun froen, wann d'Zuel vun den Déieren am Lous sech substanziell geännert huet oder de Wëldschued staark an d'Luucht gaangen ass. Déi Demande muss begrënnt ginn an un den Ëmweltministère geschéckt ginn, deen dann ënner Ëmstänn en néien Arrêté hëlt.

Kontroll[änneren | Quelltext änneren]

Bannent zwéi Méint nom Enn vu jiddwer Juegdjoer muss de Piechter der Natur- a Bëschverwaltung d'Zuel vum geschossene Wëld matdeelen. Wann de Piechter dat net mécht, da kritt hien ufangs der neier Juegdperiod keng Wëldmarke geschéckt.

Wann um Enn vum zweete Juegdjoer de Piechter net op d'mannst 50 Prozent vum Plang erfëllt huet, gëtt hien doriwwer mat engem ageschriwwene Bréif vun der Natur- a Bëschverwaltung informéiert. Eng Kopie geet un de Collège des syndics.

Wann um Enn vun der Juegdperiod de Plang net erfëllt ass, da muss de Piechter sech virun der regionaler Juegdkommissioun erklären. Op där hiren Avis hi kann den Ëmweltministère eng administrativ Juegd ordonéieren oder en Aktiounsplang ausschaffe fir dofir ze suergen, datt de minimale Bejoungsplang agehalen gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Groussherzoglecht Reglement vum 30. November 2012
  2. Ministeriellen Arrêté vum 20. Mäerz 2024