Wëldschued
De Wëldschued ass de Schued, deen d'Wëld, dat gejot ka ginn, an de landwirtschaftleche Kulturen, am Bësch oder am Wäibau mécht.
Et sinn zum Beispill d'Wulle vun de Wëllschwäin an de Wisen, d'Ëmtrëppele vun de Maisstaangen, d'Friesse vun de Maiskolwen, d'Ofbäisse vun de Spëtze vun den nei geplanzte Beem oder och d'Schiele vun de Stämm.
Den Ausgläich, deen ze bezuelen ass, besteet aus dem Akommesverloscht, dem Frëschmaache vun de Kulturen oder och dem Neiuséie vun de Wisen.
Dobäi gëtt nëmmen nom ekonomesche Schued gekuckt. Eng ze héich Wëlddicht vu Réi an Hirsche behënnert oder verhënnert d'Naturverjüngung, e Schued, deen net a Suen kann ausgedréckt ginn an deen nëmmen mat Hëllef vun engem Weisergatter geschat ka ginn. Sou Gatteren hëllefen deemno och beim Festsetze vun de Bejoungspläng.
Prozedur
[änneren | Quelltext änneren]Deen, deen de Schued erlidden huet, soll en direkt beim Sekretär-Tresorier vum Lous mellen. Bei der Umeldung vum Schued muss een d'Zort vum Schued, eng Schätzung vun der beschiedegter Fläch an eng Berechnung vum Schued uginn.
De Sekretär-Tresorier invitéiert all d'Parteien, de Geschiedegten, de Piechter, de Juegdgéigner, ee Vertrieder vun der Natur- a Bëschverwaltung (wann de Wëldschuedfong am Spill ass), de Collège des syndics, fir de Schued kucken ze goen an och fir dann op der Plaz en Accord ze fannen.
Wa keen Accord fonnt gëtt, da gëtt de Sekretär-Tresorier d'Affär un de kompetente Friddensriichter, deen dann, op der Basis vun der Schätzung vum Collège des syndics, eng Ordonnance de paiement un de Piechter an de Juegdgéigner ausstellt. Wann do dergéint eng Oppositioun ageet, dann ernennt de Friddensriichter en Expert.
De Service d'économie rural publizéiert eng Lëscht mat de Präisser vun der Produktioun pro landwirtschaftlech Kultur an Hektar.[1]
Wie muss bezuelen?
[änneren | Quelltext änneren]De Schued, deen op Terrainen entsteet, wou d'Juegd verbueden ass, oder déi zeréckgezu sinn, muss de Proprietär selwer bezuelen.
Wann et op Terrainen ass, wou d'Juegd duerch e Reglement oder Gesetz verbueden ass, muss de Staat de Schued bezuelen.
Op den aneren Terrainen ass de Piechter zesumme mam eventuelle Juegdgéigner responsabel.
Opdeele vun der Entschiedegung
[änneren | Quelltext änneren]Een Zéngtel gëtt aus der Syndikatskeess bezuelt.
Néng Zéngtel gi vum Piechter an dem Juegdgéigner bezuelt. Wann d'Syndikatskeess eidel ass, da muss deen Zéngtel och vum Piechter a Juegdgéigner iwwerholl ginn. De Piechter kann en Deel aus dem Wëldschuedfong rembourséiert kréien.
- Anert Wëld dat gejot ka ginn:
De ganze Schued muss vum Piechter an dem Juegdgéigner bezuelt ginn.
Schued vum Dachs
[änneren | Quelltext änneren]Well den Dachs net gejot ka ginn, gëtt dee Schued komplett vum Staat iwwerholl. Dacks maachen d'Dachsen an d'Wëllschwäin zesumme Schued am Mais, sou datt e Prozentsaz festgesat muss ginn, wéi vill op de Kont vum Wëllschwäi geet, also vum Piechter ze bezuelen ass, a wéi vill op de Kont vum Dachs geet.[2][3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (fr)ANF Informations et formalités relatives aux dégâts de gibier
- (de)Horst Stern - Bemerkungen über den Rothirsch