Juegdgéigner

Vu Wikipedia

E Juegdgéigner, am Sënn vum Juegdgesetz, ass eng Persoun, déi aus eetheschen a perséinleche Grënn d'Juegd op hirer Proprietéit verbitt.

Beim Wëldschued muss se proportionell zu der Gréisst vun hirem Terrain fir den eventuelle Schued op den anere Parzellen am Lous opkommen.

Si ass dann och net Member am Juegdsyndikat a kann net bei der Generalversammlung mat ofstëmmen.

Si muss d'Juegd och op all hiren Terraine verbidden an net nëmmen op enger Parzell an engem Lous.