Wëldschuedfong

Vu Wikipedia

De Wëldschuedfong zu Lëtzebuerg ass eng Solidaritéitskeess, déi eng Partie vun den Onkäschten, déi duerch de Wëldschued vum Hirsch a vum Wëllschwäin entstinn, op d'Jeeër vum ganze Land verdeelt.[1]

Woufir just den Hirsch an d'Wëllschwäin?[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Wëldaarte wiesselen dacks d'Lous, sou datt een eenzele Piechter net ka responsabel gemaach gi fir de Schued, dee s'op sengem Lous gemaach hunn.

Quell vun de Suen[änneren | Quelltext änneren]

De gréissten Deel vum Präis vum Juegdschäin, eng ronn 90 %, ginn an de Fong. Et sinn also nëmme Sue vun de Jeeër, déi verdeelt ginn.

D'Prozedur[änneren | Quelltext änneren]

De Piechter streckt d'Sue vir a kann um Enn vum Juegdjoer bis zu 4 Euro pro Hektar vun der Fläch vum Lous aus dem Fong zeréckkréien. Am Joer 2019 goufe méi ewéi 700.000 Euro ausbezuelt an 98 Prozent dovu ware fir de Schued vum Wëllschwäin.[2] De Fong gëtt vun der Natur- a Bëschverwaltung geréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Groussherzoglecht Reglement vum 24. Mäerz 2017
  2. Bulletin technique de l'administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse - numéro 8 Säit 39