Juegdschäin

Vu Wikipedia

E Juegdschäin ass en offiziellt Dokument, dat et dem Titulaire erlaabt op d'Juegd ze goen.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Joresjuegdschäin[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëllt de Juegdschäin am ganze Land vum 1. Abrëll bis den 31. Mäerz vum Joer drop. E gëtt vum Ëmweltministère ausgestallt. Fir de Schäin eng éischt Kéier ze kréien, muss een e Juegdexame gepackt hunn. Et muss ee fir all Joer erëm eng nei Juegd-Haftflichtversécherung maachen. Wat de Casier judiciaire ugeet, sou kann een der Verwaltung erlaben e selwer kucken ze goen, oder et muss een den Extrait bei der Demande mat aschécken.

Fir d'Juegdjoer 2023/2024 sinn 230 € ze bezuelen, wouvun 21 € Enregistrementstaxe sinn, an 209 € an de Wëldschuedfong ginn.

Dëse Schäi kann un Awunner an un Net-Awunner ausgestallt ginn. Auslännesch Juegdexame ginn och unerkannt, wann d'Komplexitéit vum Exame mat där vum Lëtzebuergeschen ze vergläichen ass a wann dat Land och de Lëtzebuerger Juegdexamen unerkennt. Vun 2022 u gëtt de franséische Juegdexamen zum Beispill an de Beneluxlänner net méi unerkannt. Dat gëllt fir Juegdexamen déi nom 31. Mäerz 2022 ofgeluecht goufen[1].

D'Demarche fir dëse Permis ze kréien, kann op Guichet.lu gemaach ginn[2].

Den Dräi-Deeg-Juegdschäin oder Invitésjuegdschäin[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Schäi gëllt 3 Deeg an de Juegdlousen an déi een invitéiert ass an e kann nëmmen un Net-Awunner ausgestallt ginn, déi an hirem Land ee Joresjuegdschäin hunn. Et brauch een eng Kopie vu sengem auslännesche Permis an eng Juegd-Haftflichtversécherung. E gëtt vun der Natur- a Bëschverwaltung ausgestallt.

Fir d'Juegdjoer 2023/2024 muss ee 50 € bezuelen, wouvun d'Enregistrementstax 10 € ass a 40 € an de Wëldschuedfong ginn.

D'Zuel vun de Permisen ass pro Persoun a Juegdjoer op 4 a pro Juegdlous a Juegdjoer op 10 limitéiert.

D'Demarche fir dee Permis kann och op Guichet.lu gemaach ginn[3].

Den Invité muss sech säin Europäesche Waffeschäin beim Service des armes prohibées vum Justizministère ofstempele loossen, ier hie seng Waffen importéiert.

Déngschtjuegdschäin[änneren | Quelltext änneren]

D'Beamte vun der Natur- a Bëschverwaltung déi Policefunktiounen a punkto Juegd hunn, kréien op Propos vun hirem Direkter dee Permis. Si mussen de Waffenexamen gepackt hunn a si brauchen eng Juegd-Haftflichtversécherung. Dee Permis ass am ganze Land vum 1. Abrëll bis den 31. Mäerz vum Joer drop gülteg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/04-avril/06-examen-chasse-francais.html
  2. Guichet.lu
  3. Guichet.lu