Juegdexamen

Vu Wikipedia

De Juegdexame gëtt ofgeschloss mat der Remise vum Certificat d'aptitude à la chasse, dee vun der Natur- a Bëschverwaltung ausgestallt gëtt a vum President vun der Examenskommissioun [1] ënnerschriwwen ass. Mat dem Certificat kann ee säin éischte Juegdschäin ufroen.

Zäitlechen Oflaf vun der Jeeërausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Mäe Abr Mee Jun Jul Aug Sep Okt Nov Dez Jan Feb Mäe Abr Mee
Demande
Praktikum
Ofgi vum Praktikumsbichelchen
Fomatiounen
Schrëftlechen Examen
Sécherheetsparcours-Training
Sécherheetsparcours-Examen
Mëndlechen Examen
Schéisstraining
Schéissexamen

D'Demande[änneren | Quelltext änneren]

Si muss virum 1. Abrëll gemaach ginn. Et sinn 150 Euro Enregistrementstax ze bezuelen an an deem Joer, wou Examen ass, muss de Stagiaire mindestens 17 Joer hunn oder kréien. Béi där Demande ass de Praktikumsmeeschter an eventuell och säin Delegéierten unzeginn an och d'Lous respektiv d'Lousen, op deenen de Praktikum gemaach gëtt.

De Praktikumsmeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Hie gëtt vum Kandidat fräi gesicht, muss ee Juegdschäin hunn an op d'mannst fënnef Joer Juegdpiechter sinn. Hie kann den Encadrement och engem anere Jeeër delegéieren. De Praktikumsmeeschter an den eventuellen Delegéierten duerfe wärend de leschten zéng Joer kee Vergoe géint d'Juegdgesetz, d'Fëschereigesetz oder d'Ëmweltgesetz begaangen hunn an och de Juegdschäin net déi lescht zwee Joer virum Praktikum vum Minister ofgeholl kritt hunn. E Meeschter duerf parallel maximal dräi Stagiairë betreien.

De Praktikum[änneren | Quelltext änneren]

D'Natur- a Bëschverwaltung deelt een eidelt Praktikumsbichelchen aus. De Stagiaire muss mindestens zwanzeg Sortien zesumme mam Praktikumsmeeschter an d'Juegdlous maachen an dat mat engem Rapport am Bichelchen dokumentéieren. Follgend Theeme solle behandelt ginn:

  • Kenntnesser vun de wëllen Déieren an am spezielle vum jobare Wëld
  • Erkenne vun den Déierespueren
  • D'Gestioun vun de Lousen
  • D'Konstruktioun an den Ënnerhalt vun den Juegdariichtungen
  • Déi verschidde Zorte fir ze joen, Planifikatioun an Exekutioun
  • De Praktikumsmeeschter beim Pirsche begleeden
  • De Praktikumsmeeschter beim Usëtze begleeden
  • De Praktikumsmeeschter bei mindestens zwou Klappjuegte begleeden
  • D'Sécherheetsmoossnamen
  • D'Nosich vun ugeschossenem Wëld
  • D'Opbrieche vun Grousswëld
  • D'Behandele vun Nidderwëld nom Schoss
  • De Wëldschued

Obligatoresch ass d'Opbrieche vun zwee Stéck Grousswëld, zweemol béi der Pirsch oder dem Usëtz matzegoen an zweemol mat op d'Klappjuegd ze goen.

De Stagiaire gëtt nëmme fir den Examen zougelooss, wann hien der Natur- a Bëschverwaltung e valabelt Praktikumsbichelchen am Delai ofgeet.

D'Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Coursë[2] ginn iwwer 60 Stonnen a behandele follgend Theemen:

  • D'Gesetzer
    • Legislatioun iwwer d'Juegd
    • Legislatioun iwwer de Schutz vun der Natur
    • Legislatioun iwwer de Schutz vun den Déieren
    • Notiounen iwwer d'Hygiène vu Liewensmëttel, deenen hir Originn Déiere sinn
  • D'Ekologie a mënschlech Aktivitéiten
    • Notioune vun der Ekologie, dem Schutz vun de Planzen, den Déieren an den Habitaten
    • Notioune vun der Landwirtschaft an dem Bësch
    • De Wëldschued
  • Déi wëll Déieren
    • Kenntnisser iwwer d'Deieren, déi fréier oder haut däerfe gejot ginn
    • D'Wëldkrankheeten
    • D'Gestioun vum Wëld an den Equiliber vun de Populatiounen
  • D'Juegdpraxis
    • Den Usëtz, d'Pirsch an d'Klappjuegd
    • D'Nosich vun ugeschossenem Wëld
    • D'Behandlung an d'Conservatioun vu geschossenem Wëld
    • D'Juegdethik a lokal Traditiounen
    • D'Juegdhënn
  • Waffen a Munitioun
    • Den Ëmgang an d'Schéisse mat de Juegdwaffen
    • D'Flënten an hir Munitioun
    • D'Béchsen an hir Munitioun
    • Den Entretien vun de Waffen
    • D'Zilariichtungen
    • D'Sécherheetsmoossnamen
    • D'Kontroll vum Schoss
    • D'Sichen a d'Deite vun den Zeechen, déi ugeschossent Wëld hannerléisst

Presenzen an den zwee Coursen „Notiounen iwwer d'Hygiène vu Liewensmëttel, deenen hir Originn Déiere sinn“ a „Wëldkrankheeten“ sinn obligatoresch fir de Certificat als „Chasseur formé“ vun der Administration des services vétérinaires ze kréien.

De Sécherheetsparcours-Training[änneren | Quelltext änneren]

De Kandidat léiert de sécheren Ëmgang mat Flënten a Béchsen. Da gëtt am Speziellen de Gebrauch vun de Waffen um Usëtz, op der Pirsch a bei der Klappjuegd geléiert.

De Schéisstraining[änneren | Quelltext änneren]

Hei ginn d'Disciplinnen, déi am Exame gepréift ginn, geüübt. Et däerf nëmme mat de Waffe vun der Natur- a Bëschverwaltung trainéiert ginn. De Kandidat muss d'Munitioun fir ze trainéiere selwer kafen. Fir dat legal ze maachen, muss hien eng „Autorisation de port d'armes spécial“ vum Justizministère, Service des armes prohibées hunn, ausser hien huet eng „Autorisation de port d'armes de sport“ mat Waffen, déi identesch Patrounen hunn ewéi déi, déi beim Training gebraucht ginn.

De Juegdexamen[änneren | Quelltext änneren]

Den Exame setzt sech aus dräi Deelexamen zesummen. E gepackten Deelexamen ass dräi Joer gülteg. Am selwechte Joer ginn och Noexamen organiséiert.

De schrëftlechen Examen[änneren | Quelltext änneren]

Et si sechs Fächer.

Fach Punkten
D'Gesetzer 20
D'Ekologie a mënschlech Aktivitéiten 20
Déi wëll Déieren 40
D'Juegdpraxis 20
Waffen a Munitioun 10
D'Sécherheetsmoossnamen 10

De Kandidat muss wéinstens d'Hallschent vun den Punkte bei de Sécherheetsmoossnamen hunn. A véier vun deenen anere fënnef Fächer muss hien och d'Hallschent vun de Punkten hunn. Am Ganze muss hien 80 Punkte vun 120 méiglechen Punkte hunn.

De mëndlechen Examen[änneren | Quelltext änneren]

Do gëtt de Kandidat mat Hëllef vu praktesche Beispiller, Fotoen wéi och didakteschem Material oder all aner Medien op seng Kenntnisser iwwert d'Juegd gepréift.

Den Test dauert, pro Stagiaire, maximal 45 Minutten.

De Waffenexamen[änneren | Quelltext änneren]

Deen Exame besteet aus zwou Partien:

  • De Sécherheetsparcours-Examen

Hei gëtt d'Manipulatioun vun de Waffen um Terrain gepréift. Dofir gëtt de Kandidat mat enger Béchs oder enger Flënt mat Puffermunitioun, ënnert der Opsiicht vun den Examinateuren, op ee Parcours geschéckt, wou den Usëtz, d'Pirsch an d'Klappjuegd nogestallt ginn. Dobäi ass kee Feeler erlaabt.

  • De Schéissexamen
    • Mat der Béchs, am Sëtzen, 100 Meter, op Silhouette vum Wëllschwäin: fënnef Schoss, dräi Touchen an de Réng 8 bis 10
    • Mat der Béchs, am Stoen, 100 Meter, op Silhouette vum Réibock: fënnef Schoss, dräi Touchen an de Réng 3 bis 10
    • Mat der Béchs, am Stoen, 50 Meter, op d'beweegt Silhouette vum Wëllschwäin: fënnef Schoss, 2 Touchen an de Réng
    • Mat der Flënt, Trap, 11 Meter, 15 Scheiwe, 5 Touchen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ministeriellen Arrêté vum 23. November 2021 iwwert d'Ernennung vun de Memberen an der Examenskommissioun fir de Juegdexamen
  2. Ministeriellen Arrêté vum 30. Juni 2022 iwwert d'Ernennung vun de Chargé-de-Coursë fir d'Preparatioun op den Juegdexamen