bell hooks

Vu Wikipedia
bell hooks
Gebuertsnumm Gloria Jean Watkins
Pseudonym bell hooks
Gebuer 25. September 1952
Hopkinsville
Gestuerwen 15. Dezember 2021
Berea
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University,
Hopkinsville High School,
Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz
Aktivitéit Philosoph, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller

D'bell hooks, gebuer de 25. September 1952 als Gloria Jean Watkins zu Hopkinsville am Kentucky a gestuerwen de 15. Dezember 2021 zu Berea am Kentucky, war eng US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin a Schrëftstellerin. Si war eng Verfechterin vun intersektionalen, feministeschen, antirassisteschen a kapitalismuskriteschen Usätz.

Hire Pseudonym war en Deel vum Numm vun hirer heemescher Urgroussmamm Bell Blair Hooks, dee si awer a klenge Buschtawe geschriwwen huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gloria Watkins ass mat fënnef Schwësteren an engem Brudder an enger Famill mat afroamerikaneschen Originnen opgewuess. Si huet zu Stanford an op der University of Wisconsin-Madison studéiert an 1983 op der Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz promovéiert.

Vun 1994 un huet si als Professesch fir Englesch Literatur am City College zu New York geschafft an hat vun 2004 un eng Professur am Berea College am Kentucky.

Si war fir hir Virliesungen a Rieden an ëffentlechen Optrëtter bekannt. An hire Publikatiounen huet si sech haaptsächlech mat Feminismus a Gender-Froen, Antirassismus, Klassismus a Kulturkritik befaasst.

D'bell hooks ass no laanger Krankheet de 15. Dezember 2021 am Alter vun 69 Joer un engem Niereversoe gestuerwen.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Ain't I a Woman: Black women and feminism (1981) ISBN 0-89608-129-X.
  • Feminist Theory from Margin to Center (1984).
  • Talking Back: thinking feminist, thinking black (1989).
  • Yearning: race, gender, and cultural politics (1990).
  • Breaking Bread: insurgent Black intellectual life (1991) (with Cornel West).
  • Black Looks: race and representation (1992).
  • Sisters of the Yam: black women and self-recovery (1993).
  • Teaching to Transgress: education as the practice of freedom (1994).
  • Outlaw Culture: resisting representations (1994).
  • Art on My Mind: visual politics (1995).
  • Killing Rage: ending racism (1995).
  • Bone Black: memories of girlhood (1996).
  • Reel to Real: race, sex, and class at the movies (1996).
  • Wounds of Passion: a writing life (1997).
  • Happy to be Nappy (1999) (mam Christopher Raschka; Kannerbuch) ISBN 0-7868-0427-0.
  • Remembered Rapture: the writer at work (1999).
  • Feminism is for Everybody (2000) ISBN 0-89608-628-3.
  • All about Love (2000) ISBN 0-7043-4664-8.
  • where we stand: Class Matters (2000) ISBN 0-415-92913-X.
  • Teaching Community: A Pedagogy of Hope. 2003, ISBN 0-415-96817-8.
  • Skin Again, 2004, (mam Christopher Raschka), ISBN 0-7868-0825-X.
  • We Real Cool: Black Men and Masculinity (2004).
  • The Will to Change: Men, Masculinity, and Love (2004).
  • Belonging: A Culture of Place (2009), ISBN 9780415968164.
  • Teaching Critical Thinking. Practical Wisdom (2010), ISBN 0-415-96820-8.
  • All About Love: New Visions (2018)

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Black Is... Black Ain't (1994)
  • Give a Damn Again (1995)
  • Cultural Criticism and Transformation (1997)
  • My Feminism (1997)
  • Voices of Power (1999)
  • BaadAsssss Cinema (2002)
  • I Am a Man: Black Masculinity in America (2004)
  • Happy to Be Nappy and Other Stories of Me (2004)
  • Is Feminism Dead? (2004)
  • Fierce Light: When Spirit Meets Action (2008)
  • Occupy Love (2012)
  • Hillbilly (2018)

Präisser an Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Florence Namulundah: bell hooks’ Engaged Pedagogy. A Transgressive Education for Critical Consciousness. Bergin & Garvey, Westport CT 1998, ISBN 0-89789-564-9.
  • Maria del Guadalupe Davidson an George Yancy (Hrsg.): Critical Perspectives on bell hooks. Routledge, New York 2009, ISBN 978-0-415-98980-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: bell hooks – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]