Belley
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
Departement | Ain | ||||
Arrondissement | Belley | ||||
Kanton | Belley | ||||
Postcode | 01300 | ||||
Gemengecode | 01034 | ||||
Koordinaten | 45° 45’ 34’’ N 05° 41’ 11’’ O | ||||
Fläch | 2.242 ha | ||||
Bevëlkerung | 8.665 (2007) |
Belley ass eng franséisch Gemeng am Departement Ain an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes am Dall vum Furans a vum Rhône.
Et ass d'Ënnerprefecture vum Arrondissement Belley an déi historesch Haaptstad vun der Provënz Bugey.
Um Territoire vun der Gemeng gëtt et e Fluchfeld, den Aérodrome de Belley-Peyrieu, dat d'Gemeng sech mat der Nopeschgemeng Peyrieu deelt.
Persounen aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Pierre Camus, Bëschof vu Belley.
- Jean Luc Anthelme Mollet, Politiker.
- Claude d'Allemagne, Generol vum Empire.
- Jean Anthelme Brillat-Savarin, Politiker a Gastronom.
- Joseph Bouvier des Éclaz, Generol vum Empire.
- Anthelme Ferrand, Politiker, Deputéierte vum Ain.
- Benoît Prosper Sibuet, Generol vum Empire.
- Joseph Récamier, franséischen Dokter.
- Anthelme Richerand, Chirurg, och als Baron Richerand bekannt.
- Abel d'Allemagne, Journalist.
- Paul Anthelme d'Allemagne, Kavalleriesoffizéier
- Léon Dallemagne, Landschaftsmoler
- Charles Millon, Politiker a buergermeeschter vu Belley.
- Sandrine Bailly, Biathleetin.
- Didier Ollé-Nicolle, Foussballtrainer.
- Michel Mathieu, Komponist.