Belrupt

Vu Wikipedia
Belrupt
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Darney
Koordinaten 48° 05’ 19’’ N
      06° 05’ 40’’ O
Fläch  914 ha
Bevëlkerung  111 (1999)

Belrupt ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Belrupt läit an der Vôge an am Dall vun der Saône. Een Deel vun der Uertschaft läit um flaachen Terrain, an den aneren am Hank, deen un de Staatsbësch vun Darney stéisst.

Op Belrupt kënnt een iwwer d'Departementale D56.

Fréier gouf et eng Gare zu Belrupt op der Streck vu Jussey op Darnieulles-Uxegney. Iwwer de Viaduc vu Belrupt ass d'Linn iwwer d'Saône gaangen. Belrupt ass haaptsächlech bekannt duerch d'Glasfabrécken déi do, an an der direkter Ëmgéigend waren.

Gebaier zu Belrupt[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Belrupt gouf 1763 gebaut, an d'Schoul an d'Gemengenhaus 1842.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]