Ben Affleck

Vu Wikipedia
Ben Affleck
am Joer 2009
Gebuertsnumm Benjamin Geza Affleck
Gebuer 15. August 1972
Berkeley
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Pokerspiller, Schrëftsteller, Synchronspriecher, Delegéierte Produzent, Produzent, Televisiounsproduzent
Partei Demokratesch Partei
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Jennifer Garner, Jennifer Lopez
Liewenspartner(in) Gwyneth Paltrow, Jennifer Garner, Jennifer Lopez
Geschwëster Casey Affleck
Kanner Violet Affleck, Seraphina Affleck, Sam Affleck

De Benjamin Géza Affleck-Boldt, bekannt als Ben Affleck, gebuer de 15. August 1972 zu Berkeley, Kalifornien, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent. Hie gouf fir d'éischt bekannt an den 1990er Joren am Kevin Smith senge Filmer Mallrats (1995), Chasing Amy (1997), an Dogma (1999). 1997 huet hien en Oscar an e Golden Globe fir d'Dréibuch vum Film Good Will Hunting gewonnen, dat en zesumme mam Matt Damon geschriwwen hat.

International bekannt Rollen hat en an Armageddon (1998), Pearl Harbor (2001), Changing Lanes (2002), The Sum of All Fears (2002), Daredevil (2003), Hollywoodland (2007), State of Play (2009) an The Town (2010).

Hien ass Regisseur vun ë. a. Gone Baby Gone (2007) The Town (2010) an Argo (2012), woufir en e Golden Globe Awards, BAFTA, Directors Guild Award an den Oscar fir de beschte Film gewonnen huet.

De Ben Affleck ass de Brudder vum Schauspiller Casey Affleck. Hien ass zanter 2005 mat der Schauspillerin Jennifer Garner bestuet. Virdru war e mam Gwyneth Paltrow an dem Jennifer Lopez zesummen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: I Killed My Lesbian Wife, Hung Her on a Meathook, and Now I Have a Three Picture Deal at Disney - (Kuerzfilm)
  • 2007: Gone Baby Gone - Haaptacteuren: Casey Affleck, Michelle Monaghan
  • 2010: The Town
  • 2012: Argo
  • 2016: Live by Night

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997: Good Will Hunting
  • 2007: Gone Baby Gone
  • 2010: The Town
  • 2016: Live by Nigh
  • 2021: The Last Duel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]