Benguela (Stad)

Vu Wikipedia
Benguela

D'Plage vu Benguela
Land Angola
Verwaltungseenheet: Benguela
Koordinaten 12° 35’ 00’’ S
      13° 24’ 00’’ O
Fläch 3.140 km²
Awunnerzuel: 607.785[1] (Schätzung vun 2017)
Héicht: 39 m
Websäit /
center}}}

Benguela ass eng Stad op der Atlantikküst am Weste vun Angola an d'Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm.

Benguela gouf 1617 vum Manuel Cerveira Pereira als portugiseschen Handelsposte gegrënnt.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Mee 1617 ass de Manuel Cerveira Pereira mat sengem Schëff an der Bucht vun de Kéi (Baía das Vacas) gelant, wou hien d'Festung vum Hellege Philipp vu Benguela (Forte de São Filipe de Benguela) gegrënnt huet. Et war déi zukünfteg Haaptstad vum Buengela-Kinnekräich, dat 1615 administrativ vum Kongoräich, engem Vasallestaat vun der portugisescher Kroun, ofgespléckt gi war. 1641 ass Benguela vun den Hollänner eruewert ginn an eréischt 1648 konnten d'Portugisen ënnert dem Kommando vum Salvador Correia d'Stad nees ënnert hir Kontroll bréngen.[3]

Méi spéit huet sech d'Festung zu engem wichtege Bréckekapp fir d'Migratioun an d'Penetratioun vun de Portugisen an d'Hannerland entwéckelt, wat eng Phas vun urbanistescher Entwécklung mat sech bruecht huet.[3]

Nodeems d'Fransousen d'Stad 1705 bal komplett zerstéiert haten ass si tëscht 1710 a 1733 erëm nei opgebaut ginn. 1748 war déi éischt Mass an der Kierch Nossa Senhora do Pópulo gehale ginn. Si war dat éischt Gebai aus Steen a Kallek an der Stad.[3]

1899 huet d'portugisesch Regierung mat der Konstruktioun vun der Benguelabunn ugefaangen, fir d'Ressourcen aus dem angolaneschen Hannerland an aus dem belsche Kongo op d'Küst kënnen ze transportéieren.[4]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2017 gouf d'Bevëlkerung vun der Gemeng op 607.785 Awunner geschat, dovun 317.158 Fraen.[1] 2024 soll se der anglolanescher Bevëlkerungsprojektioun no 728.199 Awunner hunn.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benguela (Stad) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Projecção da População de Província de Benguela, 2014-2050", Quadro 39 - População projectada por municípios, segundo o sexo, 2017-2019, Editioun 2016, Säit 57, erofzelueden hei
  2. Heritage of Portuguese Influence: Benguela (gekuckt de 14. Oktober 2017)
  3. 3,0 3,1 3,2 Beschreiwung vu Benguela um Site vun der União das Cidades Capitais de Língua Portuguesa (gekuckt de 14. Oktober 2017)
  4. Encyclopædia Britannica: Benguela (gekuckt den 13. Oktober 2017)