Benotzer:Katia ro

Vu Wikipedia
Logo vun de Guardians of the Galaxy

Guardians of the galaxy

Introduktioun

Guardians of the Galaxy ass en amerikanesche Science-Ficition Film deen vum Comic « Guardians of the Galaxy » fum Studio Marvel inspiréiert ass. De Filmregisseur ass den James Gunn deen och eng Roll am Film iwwerhëlt. D’Haaptrollen sinn déi vum Starlord, Gamora, Groot, den Drax an de Rocket, zesummen bilden si dann am Laf vun der Geschichte eng “Liga” déi d Populatioun am Weltall schützen soll, an nennen sech d “Guardians of the Galaxy”.[1]


Geschicht


D Geschicht vun de Guardians of the Galaxy geet domat un dass den Peter Quill sech am Spidol vun senger Mam verabschide déi um Stierwen läit,wou si him erzielt dass säin Pap en “Wiesen vun Licht” war. Wärend dem sech de klenge Bouf dobaussen ophälld, fir der haarder Situatioun aus dem Wee ze goen gëtt en vun Ausserierdeschen gekidnappt. Eppes haalt de klengen Peter awer dobäi wat eng wichteg Roll an der ganzer Geschicht spillt, dat ass e Walkman an en Kaddo deen hien vun senger Mam geschenkt krut wou si am Spidol louch, dowéinst ass de Walkman an de Kaddo deen hien eréischt zum Schluss vum Film opmécht vun engem emotionalen Wäert fir hien.

Eng ganz laang Zäit dono, no ongeféier 26 Joer, ass aus dem Peter Quill en “Ravager” ginn, an hien nennt sech den “Starlord”, an hien ass zu engem Plünderer an Schmuggler ginn am Weltraum zesummen mam Yondu, deen hien och erfouert huet wou e kleng war.

Als den Peter dann wärend engem Iwwerfall bal em d Liewe komm ass, huet hien net Yondu am Stach gelooss an huet sech dat wat en wärend dem Optrag klaue misst ,den “Orb”, probéiert un en Händler ze verkafen, woufir en dann och vill Suen kréien géing.

No dëser Action, gouf den Peter vum Yondu an sengen Männer gejot an verfollegt mee et gelengt him ze entkommen. Wärend dësen trefft hien dann an Xandar an wou sech den Händler befënnt, do ward awer schonn déi nächst Erausfuerderung, d Gamora, d’Adoptivduechter vum Thanos, déi d Missioun hued fir den Roman, deen mam Thanos en Ofkommen huet an deem hien dofir suergen muss dass Xandar ausgeläscht gëtt. D Gamora an Nebula seng Schwëster, sollen fir hien d Leit embrengen, mee den Peter stellt och e Feind duer well hien den Orb geklaut huet. Dann kommen den Rocket an den Groot an d Spill, si sinn nämlech Kopfeldjeher an si wëllen de Peter dem Yondu ausliwweren, well hien eng grouss Som op hien gesat huet fir deen, deen de Starlord géing fannen.

Den Rocket gëtt als Form fun engem arroganten Waschbär duergestallt, an den Groot ass e Bam deen vum berühmten Schauspiller Vin Diesel interpretéiert gëtt.

No engem Kampf teschent dem Peter, d Gamora, dem Rocket an de Groot ginn alle véier vun der Police ugehall an an e Prisong gestach wou lauter Verbriecher se veruerteelen schonn vun Ufank un. An dem Prisong taucht dann och den leschten Haaptpersonnage op, den Drax. Am Gefängnis gëtt d Gamora vun den aaneren Prisoneierten an och vum Drax menaceiert, dat well hat eng direkt Verbindung zu Thanos an Ronan huet. Den Drax huet nämlech seng Fra an seng Duechter duerch dem Ronan verluer.

Schlussendlech ass ed dem Peter meiglech d Gamora aus der prekärer Situatioun ze befreien, an et kennt dann och sou weit dass déi fënnef, d Gamora, den Peter, den Drax, de Rocket an den Groot mat der Hëllef vum Rocket aus dem Prisong entkommen kennen. Si fléien dann direkt an Richtung vun engem Kolleg vum Gamora deen hinnen méi iwwert den Orb zielen kann an deen vlait weess wou deen sech elo befënnt. Dobäi kennt eraus dass an dem Orb een Infinity Steen dran ass, de leschten den dem Thanos feelt fir d ganz Muecht vun der ganzer Galaxie ze gewannen. Hier Missioun ass et also ze verhënneren dass den Orb an den Steen an déi falsch Hänn gelongen an den Thanos déi ganz Muecht kritt, an se entscheeden den Steen an Sécherheet bei d Nova Corps ze bréngen.

Hier Missioun ass et awer och ënner anerem Xandar an hier Awunner ze schützen.

Als se sech dann besseren ameséieren wëllen, huet den Drax e Glas ze vill gedronk an huet doropshin dem Ronan eng Noriicht iwwerbruecht an him matgedeelt wou se sech befannen. Den Ronan taucht dann do ob, an den Drax fuerdert hien eraus, mee leider huet en keen Erfolleg, dem Ronan geléngt et dann den Infinity Steen fir sech ze gewannen.

D’Equipe deet sech zesummen an probéiert an den Schëff vum Ronan anzebriechen, dat geléngt hinnen och, den Schaff stierzt of an Xandar ass gerett, d Guardians of the Galaxy hunn dat och iwwerlieft well den Groot seng Stämm méi ausgebreet huet sou dass hien eng Aart Boule geformt huet an se sou schützen konnt. Mee den Infinity Steen ass nach ëmmer an den falschen Hänn. De Peter hellt dem Ronan den Infinty Steen of, deen den Peter och embrengen kéint, well wann eng Persoun eleng den Infity Steen upéckt heige Schued fir déi Persoun entstoen kann, well den Steen vill ze staark ass. D’Gamora hellt dann dem Peter seng Hand an sou gëtt déi staark Energie vum Infintiy Steen gespléckt, dann fügen sech déi aner dräi, de Rocket, den Drax an de Groot dem dobäi, an kennen de Steen dofir benotzen fir den Ronan ze vernichten.

Zum Schluss ass Xandar dann och gerett an d Galaxie ass fir den Ament géint den Thanos geschützt. Do nennen sech déi Grupp och fir déi éischte Kéier als Guardians of the Galaxy an zesummen bilden si elo wei eng nei Famill. Si ginn och vun der Nova Prime an hiren Assistenten geéiert. Den Peter Quill mechd dann schlussendlech den Kaddo deen hien deemools vun senger Mam krut op an et ass eng Kassette gewiescht mat neien Lidder fir dem Peter säin Walkman.[2]

Zum Film gëtt et och een zweeten deel deen den 21. Aprell 2017  erauskomm ass, en drëtten deel ass och geplangt an soll am Joer 2020 erauskommen. Mee bis dohin wäerten nach e puer aner Marvel Filmer erauskommen.


Schauspiller an Produktioun vum Film

De Peter Quill gëtt vum Chris Patt gespillt, an den jonken Peter Quill gëtt vum Wyatt Oleff gespillt. D' Zoe Saldana, wat och ënner aneren duerch de Film Avatar bekannt ass, huet d Roll vum Gamora iwwerholl, den Vin Diesel ass d’Original Stemm vum Groot, de Bradley Cooper ass d ‘Original Stemm vum Rocket, an fir de leschten vun den Guardians, den Drax gëtt vum berühmten Wrestler Dave Bautista gespillt. Den Ronan gëtt vum Lee Pace interpretéiert, d Nebula gëtt vum Karen Gillan gespillt.

Den Michael Rocker spillt den Yondu, den Beniciio del Toro ass den Taneleer Tivan, den Händler,  den Josh Brolin spillt den Thanos. D'Ophelia Lovibond spilld d'Carina, den Korath gett vum Djimon Hounsou duergestallt, de Glenn Close spillt den Irani Rael, den Rhomann Dey gëtt vum John C. Relly interpretéiert.[3]

De Produzent vum Film ass den Kevin Feige an den Regisseur ass den James Gunn. Den Film ass den 24. Juli 2014 an London déi éischte Kéier erauskomm, an dauert 121 Minutten.

D Guardians of the Galaxy goufen vun engem Comic inspiréiert, de Comic heescht och d selwecht an ass am Joer 1969 entstanen.

De Comic un sech ass awer bessen aneschtes vum Inhalt hier, et si méi Personnagen am Comic wei am Film. Am Comic sinn 11 Haaptcharakteren opgezielt déi Deel vun de Guardians sinn, am Film sinn et der nëmme 5 schlussendlech. Am Comic gesaid een och um Cover de Groot, Moondragon, Nova, Silver Surfer, Cosmic Ghost Rider, Adam Warlock, Beta Ray Bill, Darkhawk, Phyla-Vell, Guardian an de Star-Lord. E puer vun deene sin och am Film present, ewéi de Star Lord an de Groot, mee et ass och méiglech dass e puer vun de Personnagen aus dem Film am Comic dra si mee anescht heeschen.[4]



  1. http://screencrush.com/guardians-of-the-galaxy-marvel-history-revisit/
  2. https://marvel-movies.fandom.com/wiki/Guardians_of_the_Galaxy_(film)
  3. https://www.imdb.com/title/tt2015381/plotsummary
  4. https://comicbook.com/marvel/2018/12/31/iron-man-3-new-years-eve-tony-stark-robert-downey-jr/