Benotzer Diskussioun:78.141.151.38

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ech gesinn, Dir hutt Iech vill Méi gemaach, Biller zum Artikel HMM op Wikimedia Commons eropzelueden. Wann Der op ee vun de Biller klickt, gesitt Der eng Warnungs-Schabloun, déi seet, datt do wichteg Donneeë feelen, neemlech déi, ween de Fotograf ass, a virun allem, wat fir eng Lizenz deen de Fotoe ginn huet. Fir kënnen op der Wikipedia z'"iwwerliewen", musse Fotoe "fräi" sinn, dat heescht, de Fotograf muss ausdrécklech erlaben, datt säi Wierk vu jidderengem an egal wou firubenotzt ka ginn, ënner der Konditioun, datt hien als Auteur muss genannt ginn. Eng Lizenz, déi dat erlaabt, ass d'"Creative Commons" CC-by-sa Lizenz, déi ee beim eroplueden ugi kann. Déi muss bei d'Biller dobäigesat ginn, soss, fäerten ech, ginn se nees geläscht. Zéckt net, mer hei ze schreiwen, wann eppes net kloer ass. --Zinneke 15:48, 19. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Bon, elo kommen ech och nach mat enger Bemierkung.

Am Artikel Harmonie Moutfort-Medingen si Saache wéi "bei eis an der Musek" a "Mir hun jorelaang" ze liesen.

Well d'Artikelen op der Wikipedia sech un d'Allgemengheet riichten ass et net gutt fir am Text Pronomen wéi "ech, mir, meng, eis..." ze gebrauchen.

Deemno "bei eis an der Musek" duerch "an der Moutforter Musek" a "Mir hun jorelaang" duerch "D'Moutforter Musek huet jorelaang" ersetzen (ech huelen un datt d'Moutforter Musek gemengt ass).--Fliedermaus 16:03, 19. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wa mer schonn amgaang sinn, dann hunn ech och nach e puer Bemierkungen. Den Artikel Harmonie Moutfort-Medingen huet bestëmmt säi Stellewert op der lb:Wikipedia, ass awer leider an déier Form wéi en elo besteet enzyklopedesch net konform. D'Wikipedia ass net ze verwiesselen mat den Annalen vun engem Veräin. Dofir soll alles, wat riskéiert vun engem Dag op deen aneren ze änneren, ewech bleiwen. Z.B. d'Nimm vun de Musikanten an Ex-Musikanten. Et geet duer z'ernimmen wéi d'Musek besat ass. (10 Blechbléiser, 12 Holzbléiser asw.) E gutt Beispill wéi esou en Artikel kann ausgesinn ass deen hei. --Pecalux 16:52, 19. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.