Benotzer Diskussioun:Caranorn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien. Ech hunn emol an de Wope gebliedert. Bei deem vu Baaschtnech hunn ech e Problem. Kann s d'emol op der Baaschtnecher Diskussiounssäit kucken Talk:Baaschtnech. Do hat ech mäi Pefferkär leiegelooss. An dann aas nach déi Fro no der Form vun de Wopen: Op de Commons stinn där enger, där anerer a där nach anerer. --Cornischong 09:21, 16 September 2006 (UTC)

Gudde Moien,
Ech hu mer och e puer Wopen ugekuckt a font dass déi déis du molst nit ëmmer den Originalen ëntspriechen, z.b. déi afgeronnten Ecker a Spëtzen. Et wiir flott wanns de d'Méiglechkeet häst daat ze veränneren. Mer wëlle jo keng falsch Biller do stoen hun och wann se ganz gudd gemeet sinn. Daat ass vläicht vill Aarbecht mä an der Iddi vun der Autentizitéit soll daat awer esou sinn. D'Läit déi op Wikipedia kucke ginn sollen eng richteg Informatioun kréien och wann déi nët sou schéin ass. Soss mus ech awer soen dass deng Mataarbecht wëllkomm ass a vläicht kanns de mol probéieren dee klenge Bobo do vun der Schinn ze kréien, daat wir am Sënn vun der Wiki ganz léif a flott. Les Meloures 09:44, 16 September 2006 (UTC)
Ma ech hunn elo probeiert daat ob der Baaschtnecher talk Sait ze erklaeren. D'Schelt Form spillt keng roll an der Heraldik. Als eischt kennt d'Text Beschreiwung vun engem Wope. Dess seet waat muss gewise ginn. Zum Beispill de bekanntst Wope vum Henri V de Blonden, Grof vu Letzebuerg deen ass burelé d'argent et d'azur (gestraift waiss a blo, burelé ass emmer ob mannst 5 Straife vunn all Farv, wa mai da steet daat derbai (burelé de 12 pièces, burelé de 14...)) au lion couronné d'or brochant sur le tout (e roude Leiw matt enger gellener Kroun iwwert deem virdrunn gennatenen (d'Straifen)). Dest ass daat wichtecht, beim Zeechnen huet de Kennschtler (ech gesi mech net als solchen, hunn keen richtegt Talent) dann eng gewesse Fraiheet esoulang dei Sachen um Wopen gudd ze gesinn sinn. Meng Waal vun der Schelt Form staamt dohier dass ech e Standard well behaalen (d'Schelt waat am Armorial des Provinces et des Communes de Belgique... benotzt gett ass iwregens mei einfach, kann aawer a verschiddene Faell net kloer sinn (zum Beispill bei all deene Letzeubuerger burelée wou oft dei lescht Straif an deem klengen dreieck enne verschwennt an domatt de Wope verfaelscht)). Daat Schelt waat ech gewielt hunn entsprecht enger Form aus dem 13. Joerhonnert (an waar an eiser Geigend geleefeg), et ass net onbedengt fier verschidde modern Wopen (dee vun Beaumont zum Beispill, ech wollt dee warscheinlech speider fresch Zeechnen, mä dann aenellt en nach manner deem aus dem wei en am Armorial gezeechent ass) mä deen beschte fier all dei mei aal. Iwwregens benotzen och d'Letzebuerger Armorialen ee mettelalterlecht Schelt (an dess Schelter sinn erem an der Moud wei et ausgesait, Schelt Form ass emmer eng moude saach gewiescht). Objiddefall ass esouwait ech gesinn kannt naicht un deene vu mier gezeechente Wope falsch. Vilaicht sollt ech eng Sait iwwert Heraldik schreiwen (mee mein geschriwennt Letzebuergesch ass ganz schlaecht, an ech gleewen net dass et schons eng Letzebuerger Form fier ze blasoneierent (de Wopen ze beschreiwen) gett also misst deen Artikel zum Deel ob Franseich oder Daitsch sinn). Iwwregens kennt ech e Schelt ronn oder ganz quadratesch zeeschnen an et wier nach emmer korrekt.--Caranorn 13:02, 16 September 2006 (UTC)

Rebonjour: Merci fir deng Erklärongen déi jo och ganz verständlech sinn Les Meloures 13:10, 16 September 2006 (UTC)

Wierklech? Ech haat nach fonnt ech haett mech chatastrofal ausgedreckt:-). Ech hu grad ugefang deen naechste Wope ze zeeschnen (man et alphabeeteg, mä ouni d'Flaemesch Wope fier de Moment (well daer gett et der schons e puer vun aanere Lait), hoffen der haut erem 4-6 faerdeg ze kreien.--Caranorn 13:21, 16 September 2006 (UTC)
Moien. En décke Merci fir deng Erklärungen. "Vilaicht sollt ech eng Sait iwwert Heraldik schreiwen": - Dat wier eng ganz gutt Iddi. De Problem mat der Schreifweis ass keen. Schreif dat einfach esou wéi s du dat gewinnt bass, an dat gëtt dat ganz séier der "neier Schreiweis" ugepasst. Maach der do kee Kappzerbrieches, dat geet an d'Rei. Du kriss gär gehollef. Wann an deem Artikel Saache mussen op Däitsch oder op Franséisch ernimmt ginn, ass och kee Problem. Looss d'Saach mol lues urullen. Merci am Viraus. --Cornischong 13:30, 16 September 2006 (UTC)

Salut, Gudden Ufank emol gemaach

Ech stelle mer d'Fro op een net soll erklären datt et am allgemengen eng Helmdecoratioun ass a Form vun engem Schwäif oder Plommen an am speziellen an der Heraldik d'Decoratioun vum Helm iwwer dem Ecu. (Plaz wou de Wopen um Helm ass).

Waat den Numm ugeet wier vläicht daat franséischt Wuert Cimier besser, daat däitscht Zimier liést sech schlecht an do gëtt et och mat der Schreifweis quokleg. Et kéint een och Helmschwäif soen an duerno souwiesou daat ganz erklären. Wat mengst du derzou. Les Meloures 01:16, 25 November 2006 (UTC)

Jo et ass schonns eng Saach wou ee kann e bësselchen erkläre kann a besonnesch och déi nei Formen nët vergiessen déi op moderne Kape vu Gendarmerien a Police sinn oder d'Helmer vun der Garde Republicaine. Domatter gesäit een och schéin wéi déi Traditiounen am Militärberäich bäigehaal goufen. Den Numm ka spéider nach ëmmer geréckelt ginn. Les Meloures 14:30, 25 November 2006 (UTC)

Gudden Owend. Wat ech awer wësse wollt: Wou has de dat dann hier mam Santer senger Fra? --Cornischong 21:56, 28 November 2006 (UTC)

Salut:
Da wir et awer vläicht besser gewiescht se mol op déi lëtzebuergesch Wiki ze lueden amplaz datt se mar all verschwonne sinn wann ee bei Commons op de richtege Knäppchen dréckt.
Da war all deng Aarbecht bei deene fir d'Kaz

Les Meloures 13:33, 26 Februar 2007 (UTC)

Et ass ni ze fréi a seelen ze spéit. --Cornischong 13:37, 26 Februar 2007 (UTC)
War haaptsechlesch dem Spanish Inquisition séng Aarbecht (ech hu juste beroden). Ech kucken elo effektiv an den näechsten Deeg (ech sinn nach zimmlech rose wéint geschter, hunn also nët welles haut do kucken ze göe soss kéint ech emol explodéieren) mer all déi Wopen ze kopéeieren, wann se dann gelescht ginn lueden ech se ob déi eenzel lokal wikipediaen, inklusiv héi.--Caranorn 14:23, 26 Februar 2007 (UTC)
Dann tommel dech well wann an 10 Mibuten do een op de Knäppchen dréckt sinn se fort an de gëss de nach méi rosen  :-)) Les Meloures 15:25, 26 Februar 2007 (UTC)


Salut,

De Wope vu Baaschtnech ass aus dem Buch vun der Dexia. Les Meloures 22:57, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Resalut,
Et gëet zwéi Bänn vun de Wallouner an och zwéi vun de Flamänner.
Wanns de wëlls, an eng Woch Zäit hues kann ech der se besuergen. Déi zwéi Bänn ginn ëmmer zesummeverkaaft a kaschten 49 Euro fir déi zwéin zesummen.

Les Meloures 23:17, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Salut:

Ech kucken datt ech se mo erbäi kréien. Wann ech se hunn mellen ech mech. An da gesi mer weider. Ech kommen dacks genuch op Lëtzebuerg, fir der se soubal wéi méiglech da kënne matzebréngen. Les Meloures 22:40, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut:

Ech hu geduecht et kéint un der Këscht leien, an hunn emol d'Hannergrongfaarwen all wäiss gemaach. Et ass dat awer net.

Dunn hunn ech en 20px méi grouss gemaach. Dat huet och net vil gedéngt. Et kann ee Widderschäin vum Schierm sinn, well d'Originalbild ass schluetwäiss. Les Meloures 22:19, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Lizenzschablounen[Quelltext änneren]

Kuck emol, op {{Bild-Konscht-Architektur}} de Skulpture-Problem net besser léist wéi dee fréiere (widerspréchleschen) {{Bild-CC-by-nc-nd/3.0}}. Dee Moment kéint de Redirect bestoe bleiwen, mä du giffs iwwerall wou s de mengs déi nei Konscht-Architektur Lizenz an d'Plaz setzen. --Otets 21:01, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Gudden Owend,

Well anscheinend net jiddereen Zäit huet fir d'Getalks ze liesen an op Froen ze reagéieren, a fir bei der Aktualitéit ze bleiwen, setzen ech emol jiderengem deen an de leschte 24 Stonnen aktiv war dës Info déi och um Staminet ze fannen ass op seng Säit.

De Playmisty hat dës Fro gestallt:

Referenz small -- kéint een dat nët an de Modell Referenz direkt aprogramméieren?).

Ech hunn du mol bei de franséschen an däitsche Nopere gekuckt wéi dat bei deene fonktionnéiert. Komescherweis ginn d'Referenzen do a Klengschrëft ugewisse wann se déi selwecht Programméierungszeeche wéi mir gebrauchen. U wat et läit, datt et bei ons a Grousschrëft ugewise gëtt, hunn ech awer net erausfonnt.

Dunn hunn ech probéiert fir eng eege Schabloun ze bastelen:

D'Resultat an den Ënnescheed gesitt der hei ënnendrënner mat der Syntaxt derbäi

<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner <references />

gëtt dat heite Resultat:[1]

  1. De Pitt ass do
<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner der neier Schabloun {{Referenzen}}

gëtt dat heite Resultat:[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Pitt ass do

Les Meloures 20:28, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut,

Dat mat de Wopebicher vun der Belsch wäert am Laf vun der nächster Woch and'Rei goen. Do hat een oder eent eppes veschweesst. Komescherweis ass et deen, deen elo zënter dräi Deeg net méi do schafft. Dee ka sech och elo net méi wieren. Trotzdeem d'Commande leeft nach. Soubal wéi ech se hunn, mellen ech mech. Les Meloures 18:29, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut,

Deng Wopebicher sinn ukomm.

Wéi maache mer den Transfert. Ech si mar zu Lëtzebuerg. Géif dat dech arrangéieren. Wann net da so mer wéini et ongeféier geet. Les Meloures 10:39, 10. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut,

Geet dat fir dech fir um 3 Auer bei der aler Post um Aldringen. Do kréien ech ëmmer eng Parkplaz. Ech hunn e beige SKODA mat der Plack RB 1950. D'Bicher kaschte 40 Euro fir déi zwee zesummen. Les Meloures 12:36, 10. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Ok ass gebongt Les Meloures 17:06, 10. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Schuerels als Templer-Besëtz[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, gëtt et eventuell Neies zur Schuerels als Templer-Besëtz? Wier et méiglech fir bei däi Kolleg nach emol nozefroen? Äntwer w.e.g. op dëser Diskussioun:Schuerelser_Schlass#Templer, wous Du déi Informatioun hannerlooss haass. Merci am viraus, --Christian Ries 13:02, 2. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]