Benotzer Diskussioun:Guinevere~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

User:Zinneke

Gebrauch vun Tags[Quelltext änneren]

Wann s du un engem bestëmmten Artikel schaffs an net wëlls, datt Jenni a Menni der dra piddele kommen, dat setz einfach un den Ufank vum Artikel den Tag {{EnCours}}. Dat gëtt eppes wéi dat heiten:

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Da weess jiddereen direkt, datt dat e Schantjen ass an datt en do ewechbleiwe soll. --Otets♣ 09:53, 27 Abr 2005 (UTC)

Bäi dengem Metal Artikel iwwert d'Museksrichtung brauchst du u sech keng Homonymiessäit, well dat cheemescht Element kritt, grad wéi am Däitschen, zwéin "l", esou datt do guer keng Verwiesselungsgefor besteet.
Wann s du soss nach eng Fro huest, zéck net fir mär oder dem Cornischong ze schreiwen, mär zwéi kucken ëmmer e puermol am Dag hei laanscht an hëllefe gären. --Otets♣ 10:20, 27 Abr 2005 (UTC)

Metall en Element[Quelltext änneren]

Just e Pefferkäer:

Chimie ass nun wierklech net méng Stäerkt, mee ech mengen, mech z'erënneren, dass Metall keen Element ass, mee et eng Rëtsch vun Elementer gëtt, déi zu de Metaller gehéieren (dorënner zB Eisen (Fe) fir emol dat bekanntst ze nennen).

E schéine Bonjour, a flott, dass hei en neie Mataarbechter ass!

Zinneke

Metal an esou[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg. Jo, lo kënnt schonns en Drëtte getrëppelt mat engem Pefferkär. Kuck der mol op der däitschsproocheger Wikipedia déi Saach mat dem "Metal" un. Déi hun een Artikel iwwer "Metal" an een iwwer "Hard Metal". Da kanns de der e Begrëff maache vun deem, was de wëlles hues. Du däerfs roueg Saachen "iwwersetzen" aus iergendenger Wikipedia. Esou kanns du der och iwwerleeën, wéi s de däin Artikel nenne wëlls. Wanns de nach Froen hues, da looss se roueg kommen. E schéinen Openthalt hei wënscht de --Cornischong 13:57, 27 Abr 2005 (UTC)

Ech lauschtere vill Saachen, an esou och heiansdo Metal. Vu datt ech awer selwer nach vill Schantercher opstoen hunn, wäert ech kaum aus eegenem Undriww vill Neits kreéieren. Mee wann s du z.B. deen een oder aneren Abschnitt vun engem däitschen Text tel quel iwwerhuele wéilst, dat so mer Bescheed, da wäert ech mech mat esou Deel-Iwwersetzungen un dengem Metal-Projet bedeelegen. Sythese-Oarbechten iwwerloossen ech awer léiwer där, well esou e grousse Metal-Expert sinn ech schlussendlech awer net datt ech do déck matschwätze kéint. --Otets♣ 15:23, 27 Abr 2005 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch richteg schreiwe geet grad esou séier wéi et falsch schreiwen, déi zwee sinn allebéid just eng Saach vu Gewunnecht. Sech do ëmzestellen, dat brauch zwar eng Zäitchen, mee dat ass kee Problem, mär waren hei alleguerten eng Kéier op deem Punkt. Wann s du am Ufank nach e puer Feeler méchs, da brauchs de dech net ze verrauen, dat ass um Ufank normal, mär hëllefen der do gäre mat der Korrektur.
Ech hunn elo d'Kategorie "Heavy Metal" duerch d'Kategorie "Metal" ersat.
Jidderee kann nei Kategorië maachen. Dat geet grad d'selwecht wéi nei Artikele maachen, just datt do wou s du normalerweis den "Artikelnumm" huest, huest du hei "Category:Kategorienumm" stoen.
--Otets♣ 10:11, 29 Abr 2005 (UTC)

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt[Quelltext änneren]

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt[Quelltext änneren]

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)