Benotzer Diskussioun:JayCeeH/Archiv

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 21:05, 27 Sep 2004 (UTC)

Moien dann och vu mir. Ech hu gesin, du hues do schon eng ganz Reih ëmgerappt, *op d'Schëller klapp*.

Fir datt mir e bësse wëssen mat weem mir esou ze din hun, wéi wir et wanns de gings e bëssen eppes iwwert dech selwer op deng User-Säit schreiwen ? :) A wanns de wëlls, kanns de dech och an eis Wikipedianer-Lëscht androen, dann hu mer e bëssen en Iwwerbléck wee wou waat :)

E klengen Hinweis: All déi extra-Messagen wéi Template, Category, User etc. lafe, wéi's de vläit gemierkt hues, op englesch. Ech haat den Interface zwar iwwersaat mee daat ass irgendwéi net mat duerchgangen. Da wees de Bescheed fir déi nächst Kategorie -> Category :)

--Briséis 22:17, 27 Sep 2004 (UTC)

Klengegkeeten[Quelltext änneren]

Resali,

Et si jo souwisou just Klengegkeeten, näischt extrem gravéierendes waat een net an 2 Minuten erëm verbessert huet :) Fir e gesamten Iwwerbléck zu sou "Stil"-Saachen kanns de dir den Artikel Wikipedia:Stil ukucken, a fir eng kleng Hëllef mam lëtzebuergeschen Wikipedia:Eis Schreifweis (e Mini-Résumé mat de wichtegste Regelen). Mee keng Angscht, mat deem lëtzebuergeschen ploen mir eis och nawell genuch :)

Ah nach eh ech et vergiessen: wanns du en Artikel mechs, deen et op der englescher Wiki gëtt, kéins du drun denken dann bei deenen eisen Link bäizesetzen ([[lb:...]]) ? Mir mussen daat just bei hinne maachen, hiere Bot regelt dann de Rescht, datt eise Link och iwwerall steet herno bei den anere Wikien. :-)

--Briséis 07:07, 28 Sep 2004 (UTC)

Salut. D'Briséis, dat Nuetschicht hat, huet dech jo scho berouegt. D'Lëtzebuerger hunn et net einfach mat hirer Sprooch, mee hei ass jo e gudden Trainigsterrain. Jiddefalls merci fir deng Mataarbecht. Wanns de Froen oder Virschléi hues, da looss se kommen. --Cornischong 10:42, 28 Sep 2004 (UTC)

Salut op Féitz. Ma dat geet jo flott esou. --Cornischong 21:37, 30 Sep 2004 (UTC)

Salut JayCeeH! Mehr ist's mit meinem Lätzebuergsch leider nicht her (mer künnte ävver op Kölsch...), also habe ich hier geantwortet. Viele Grüße, [[Benutzer:PeerBr|¶eerBr Þ]]

Nationalhymn[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Et ass gutt, datt een mat eise "Nationaldichter" ufänkt. Et war mär bis elo en zevill décke Maufel. Ee Wuert zur "Hymn": Ech hat dat bis elo Nationallidd genannt, well ech nach keng Corfirmatioun fonnt hat fir d'Nationalhymn. Dat ass awer elo kloer. "Nationalhymn" ass an der Rei. Da muss ech emol op d'Sich goen, wou dat "aalt" Wuert nach erëmläit. Nach eng kleng Fro: Hues de wëlles, mat engem oder mat allen Nationaldichter weider ze fueren? Ech froen et nëmme well mer villäicht eppes kéinten duebel ugoen. --Cornischong 08:28, 4 Oct 2004 (UTC)

Chronologie[Quelltext änneren]

Sali

ECh hu gemierkt datts du dech do e bëssen an der Chronologie verrannt hues. Et ass net sou datt ech deng Arbecht net ze schätze wees, mee eben just datt mir eigentlech en anere System hei hun, ganz banal Joerhonnert, Joer, Mount, Dag. Engersäits sees du lo bestëmmt "et ass awer méi iwwersiichtlech esou", do gin ech dir net onrecht, mee usech wir et keng domm esou gréisser strukturell ännerungen mat denen aneren ze beschwetzen (an ech soe lo mol vrun allem mat mir deen sech bis elo eigentlech quasi em dei chronologie gekëmmert huet) op déi do d'accord sin oder op de System wéi gehabt weiderleeft.


PS: Wanns du Artikel ufänks déi nëmmen 2-3 Zeilen hun, da schreiw w.e.g. {{Skizz}} driwwer an dro den Artikel bei Wikipedia:Skizzen an.

--Briséis 00:46, 8 Oct 2004 (UTC)

Ma ech konnt elo eng Zäitchen net online kommen well ech d'Uni gewiesselt hun (vu Metz op Paräis) an hei irgendwéi am Studentenheem déi Internet-Geschicht net unbedingt geklappt huet. Ech si mëttlerweil denger Meenung (jojo, ech brauch e bëssen :-) datt een "no Joerhonnerten"-System eigentlech keng esou domm ass. Ech maache meng Kategorie-Läschungen emol réckgängeg :) Mee dann ass déi Saach emol geklärt, da komme mer eis do net méi an d'Féiss.

Zum Diskutéieren: bon, bei der Chrono-Saach soen ech emol "mat mir" well ech mech bis elo drëms gekëmmert hun, bei filmtechnesche Saachen wenden ech mech emmer un de Cornischong oder Johnny Chicago. Hänkt halt vun der Saach oof. Mee ech man zB dann oft bei neie Saachen och mol eng Säit a schreiwen dann op d'Diskussiounssäit vun dem Artikel e Message à la "geet et esou" :-) Bon a wann ech am Land sin, telefonéieren ech oft mam Cornischong :-)

--Briséis 01:57, 8 Oct 2004 (UTC)

Diskussiounen[Quelltext änneren]

Also eigentlech mat jiddferengem. Wanns du zB op enger Säit vun engem Artikel eng Diskussioun opwerfs, kann eigentlech jiddfereen dorunn deelhuelen. Daat ass eigentlech elo op kee beschränkt, allerhéchstens méi administrativ Saachen à la "gi mer un d'press" wiren éischter mat den admins (cornischong, maradong an ech) ofzeklären, ansonsten ass et usech egal.

--Briséis 02:05, 8 Oct 2004 (UTC)

Tja, also: wat wells Du dann: ech hunn et gemeet, a keen soot eppes dozou ...

Ech kann nëmme soen, de Cornischong haat mir Bescheed gesoot datt d'Chronologie op d'Kopp gestallt gëtt, a well daat "mäin" Rayon (mat Betounung op Gänsefüsschen :) plus ou moins ass, wor daat daat éischt waat ech nogekuckt hun, wéi ech endlech erëm Internet haat. Also verstéi mech net falsch, du muss net irgendeen fir all kleng ännerung ëm Erlaabnis froen, et ass ebe just datt wann zu engem Thema e gewësse Kader besteet (waat jo hei de Fall wor, ech haat eng Jett Joeren esou opgebaut), da wir et eventuell keng domm déi concernéiert Leit unzeschwätzen befir alles geännert gëtt. Ech hun zum Beispill och dem Johnny Chicago eng Film-Template gemaach, déi hien fir all seng Film-Artikele benotze kann, an déi usech mat him zesummen ausgeschafft waat wou hisoll, wéieng Fuarw am schéinsten ass an alles. Wann elo irgendeen déi Tabell wéilt op d'Kopp geheien, mat där eben den Johnny ëmmer schafft, wir et eben der mannster eng, bis kuerz unzeklappen, an e Wuert mam concernéierten ze schwetzen. Da kann een sech eenz gin, an de Buttik rullt. --Briséis 02:44, 8 Oct 2004 (UTC)

OK, da ma mir dat eben vun elo un ... et wier zwar schéin, wann iergendwou sting, u wien ee sech keent wenden, wann een esou eppes wéi d'Chronologie wëllt ënneren ... et wor jo och net béis gemengt, ech wollt just déi ganz Saach e beschen méi iwwersiichtlech maachen, an zudeem huet jo och keen sech geréiert - kloer, wanns Du keen Zougang zum Internet haas ... ma ech hoffen, mir ginn trotzdeem mateneen eens ... --JayCeeH 07:10, 8 Oct 2004 (UTC)

Déi einfachst Method ass do einfach den Historique vun der Säit ze kucken, da mierkt ee jo ween dru schafft oder vill geschafft huet, ergo bei weem een kann uklappen :)

--Briséis 09:36, 8 Oct 2004 (UTC)

... klappen un d'Stir ... dorop hätt ech jo eigentlech och misste kommen! Ma vun elauter Beem geseit een munchmol de Besch net méi ... oder esou ... ;-) ... --JayCeeH 11:15, 8 Oct 2004 (UTC)

Nodeems du jo de neie System mat de Joereskategorien no Joerhonnert agefouert hues, wir ech dir nawell ganzeg dankbar wanns du mir gings dobài hëllefen déi "aal" Joeren dann mat de neie Kategorien ze verbesseren. Daat 1. Joerhonnert v. Chr. hun ech ganz gemaach, daat 2. och, feelt nach 3. 4. a 5. ... Ech sin elo mol beim 3. amgangen. Ech hun jo wéi gesoot meng Meenung geännert a fannen déi ganz Saach jo och eng flott Iddi, mee wann et elo erëm u mir hänkt, iwwerall mam Torschong ze fueren gin ech lues awer secher e bësse queesch. Merci :-)

--Briséis 21:03, 15 Oct 2004 (UTC)

Gudden Owend. Ech hoffen, du hues dech gutt erkrabbelt an dengem kuerze Congé. Zu denger Foto vum Diddelenger Gemengenhaus: Ech hu mer se mol op engem TFT- an op engem Röhremonitor ugekuckt. Um TFT geet et mee op deem aneren ass allerhand däischter. Kanns de se villäicht e bësse méi hell maachen. Dat wir léiw. Merci am Viraus. --Cornischong 20:27, 24 Oct 2004 (UTC)

Majo hu mech och hei bei Wikipedia ugemellt, an si sou duerch d'Wikipedianer gebliedert, an sin drop gestouss dats du zu Monnerech Musek spills. Majo ech spillen zu Zolwer um Bass. Wollt dat mol just sou soen. ;)