Benotzer Diskussioun:Jmnau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moie Jmnau,

a wëllkomm bei der Wikipedia!

Merci fir däi laangen Artikel iwwert d'Baha'i. Kuck emol am Artikel seng Diskussiounssäit; do erklären ech, wat ech g'ännert hunn, a firwat. Du kanns mer gären op méng Säit schreiwen, wann eppes net kloer wier, oder wann s de soss eppes soe wëlls. Wann s d'am Text eppes ännre wëlls: fuer duer, dat ass jo grad dat flott un der Wikipedia: een ergänzt oder verbessert deen Aneren.

Op eng gutt Zesummenaarbecht,

--Zinneke 22:24, 22 Januar 2006 (UTC)

Moien,

Dëst Bild Fichier:Abdu'l-uhj.jpg dat vun dir eropgeluede gouf huet keng valabel Lizenz. Kanns de dat w.e.g. änneren. Am anere Fall muss d'Bild geläscht ginn. Les Meloures 15:21, 15. Okt 2008 (UTC)

Moien, Dir hutt e Link op d'Kategoriessäit agesat. Dat ass eng reng Struktur-Säit, keng Artikelssäit, dofir hunn ech deen nees do ewechgemaach. Wann der mengt, en Artikel iwwer Baha'i zu Lëtzebuerg wier enzyklopedesch relevant an et géif eppes dozou ze zielen (Geschicht, Status, etc.), sidd Dir häerzlech invitéiert dësen unzeleeën (andeems der hei op de roude Link klickt). Da kréich deen Artikel och d'Kategorie "Reliounen zu Lëtzebuerg", an e géif do stoen.--Zinneke (Diskussioun) 14:26, 1. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]