Benotzer Diskussioun:Myriam/Archiv1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei ass déi éischt Säit vum Myriam sengem Archiv




"A wéi gesot: wou hells du déi Zäit hier?". - Mär setzen nuets e puer Stonne beim PC. Kéint ech net och déi Fro un dech stellen?! Wann ech dech froen, fir e klengen Text méngentwegen aus der däitsche Wikipedia z'iwwersetzen, seess der mär du häss keng Zäit!?? --Cornischong 22:19, 27 September 2005 (UTC)


Aua, dat deet wéi. Mee fir der mol ze soen: wann ech owes an de Net gin versichen ech mech ze entspanen: an hu keng Loscht méi nach vill Artikele no ze sichen. Ech sin meeschtens sou mat méngé Kanner iwwerlaascht dat ech meeschtens loscht hun just einfach Feierowend ze maachen ... Myriam 22:27, 27 September 2005 (UTC)


Lëtzebuerger Planzenimm[Quelltext änneren]

Ech hun eng Lëscht fonnt mat de Nimm vunn enger Rei Planzen op laténgesch, däitsch, franséisch a lëtzebuergesch. Géif dat gären enzwousch hisetzen, mee weess awer net wou. Iergendeen eng Iddi? Myriam 14:43, 21 Dezember 2005 (UTC)

kuck emol bei de Vigel[Quelltext änneren]

Moie Myriam,

mär hu bis ewell eng Lëscht mat Lëtzebuerger Vullennimm (nieft hirer däitscher, franséischer a laténgescher Iwwersetzung).

Eng änlech Lëscht mat Planzennimm: firwat nët? Am Henri Klees sengem "Lux. Tiernamen" ass ze gesinn, wou et quokelech ka ginn: jett deers Gedéiesch a Grings huet eng Abberzuel Synonymen (bei de Villecher, weess ech mech z'erënneren, war en et der alt bis iwwer 20!), sou dass et "delikat" ass, een do "z'imposéieren". De Klees huet se iwwregens no hiren däitschen Nimm zortéiert!

Mee fuer emol duer, mer kënne jo kucke, wéi dat herno ausgesäit.

Zinneke


Salut Myriam[Quelltext änneren]

Ech maachen elo meng alleréischt virsichteg Schrëtt hei. Wëll d'Schreiwen (ouni Fehler) net onbedengt meng Stäerkt ass, hun ech bis elo nëmmen eenzel kleng Ergänzungen virgeholl.

Mee vläicht gëtt dat jo am Laaf vun der Zäit och nach besser ... --Robby 23:34, 28 Dezember 2005 (UTC)

Firwat, rout ass dach eng schéi Faarf ;-) Mee elo am Eescht, et sinn der hei déi wéit méi aktiv wéi ech sinn, déi och ni eng Usersäit opmaache wollten. Dat ass ebe jidderengem säi Choix. Wann s de mech onbedéngt situéiere wëlls: mäi léifstes ass d'illustréiere vun Artikelen, der selwer schreiwen ass éischter déi grouss Ausnam well dat läit mer net esou. --Uditex 23:37, 28 Dezember 2005 (UTC)

ongewinnten Artikelen?[Quelltext änneren]

Moien,

ech weess net, wat u mengen Artikelen esou Ongewinntes soll sinn; do sinn Anerer, déi mat méi Iwwerraschendem/Aussergewéinlechem hei optrompe kënnen ;-).

Meng Usersäit zielt dat iwwert méch, wat néideg ass, an dat, wat ech aus Dateschutzgrënn nach vertriede kann ;-)

--Zinneke 23:48, 28 Dezember 2005 (UTC)

Sorry Zinneke, war net fir dech geduecht mee fir den Uditex, hunn ech mech wuel "verclickt" Myriam 00:02, 29 Dezember 2005 (UTC)

Halli. Ganz gutt Iddi fir emol méi "realpolitesch" Artikelen iwwer Fondue oder Raclette. Wann s de Loscht hues, da kanns de roueg de Fondue-artikel opsplécken, sou wéi an der franséischer Wiki. --Cornischong 01:32, 29 Dezember 2005 (UTC)

Lo gëss de awer eklech, oder? Ass fir dech Cornischong (deen sech ëmmer nach mat "C" schreiwt Myriam 01:36, 29 Dezember 2005 (UTC) (lo kréien ech es, gell?)
"Lo gëss de awer eklech, oder?" ???????????? --Cornischong 01:41, 29 Dezember 2005 (UTC)

Schéngt lo rëm alles an der Rei ze sin. Op alle Fall iech all e gutt neit Joer 2006 !!!! Hoffentlech hudd der all gutt ugefaang. Myriam 23:21, 1 Januar 2006 (UTC)

Cornischong, erklär mer dat: verstinn ech net Myriam 02:04, 29 Dezember 2005 (UTC)

Näischt vir ongudd Cornischong. Hoppla mai Clavier huet vun AZERTY op QUERTY geqennert. Wat kann ech dann elo maachen? Fanne verschidden Tasten just duerch Zoufall

Nee op QWERTY

A komescherweis just hei

Mäi Clavier ass hänkebliwwen, an zwar op qwertz. Wat soll ech maachen?? Hëllef. --Cornischong 03:24, 30 Dezember 2005 (UTC)


Schéngt lo rëm alles an der Rei ze sin. Op alle Fall iech all e gutt neit Joer 2006 !!!! Hoffentlech hudd der all gutt ugefaang. Myriam 23:23, 1 Januar 2006 (UTC)

Interwikigedeessems[Quelltext änneren]

Halli. Et geet där net besser wéi deenen aneren. Ech hunn och eng Zäiche gebraucht fir den Tralala ze verdauen. 't ass net schlëmm, fuer roueg weider. Schreif just d' "Category:Mythologie" mat derbäi, soss geet den Artikel nach ënner deenen Honnertdausende verluer. Ech verzéie mech awer lo mol e stack méi héich. Bis haut. --Cornischong 03:41, 7 Januar 2006 (UTC)

Interwikilinke si wichteg (schonn eleng dowéinst well ech méi oder wéineger deen eenzegen "anere" sinn, de se nodréilech bäisetzt, sou datt ech mëttlerweil en Zäitproblem krut a knapps oder guer keen eegenen Artikel méi zuwee bréngen). Se bäisetzen ass einfach: meeschtens gëtt et deen Artikel schonn op der de-wiki oder en-wiki, da brauch een e just do ze fannen, deenen hir Interwikilinke bäi eis eriwwerkopéieren an den de-Link respektiv en-Link manuell derbäisetzen. Dat war et schonns. --Otets 03:52, 7 Januar 2006 (UTC)

huelen ech mer zu Häerz, versprach. Also all Artikel ab elo. Sorry wann ech iech zevill Aarbecht gemaach hun a gutt Nuecht iech zwee ! Myriam 03:55, 7 Januar 2006 (UTC)
Nach eng läscht Fro: Wou kritt der dann déi ganz interwikien hier? Muss ech déi all duerchkucken, dat kann dach bal net sinn, oder? Myriam 03:58, 7 Januar 2006 (UTC)

Ech maachen et ëmmer esou: wann s de elo z.B. en Artikel "Aphrodite" op der lb-wiki geschriwwen hues, da brauchs de just op der de-wiki no "Aphrodite" ze sichen an da fënns de do och een esou. Dann drécks de do op "Seite bearbeiten", scrolls erof bis ganz ënnen am Artikel, selectionnéiers alles wat s de do vun Interwikilinke fënns, rietse Mausklick "Copy", nees zréck bäi den lb-wiki-Artikel, do ënnen op der Säit (no der Kategorie) de Curseur gesat, rietse Mausklick "Paste" a schlussendlech nach ënnert den [[da: Link e Link manuell agefügt op [[de:Aphrodite]]. Fäerdeg, méi ass et net. D'alphabetescht Zortéiere kënnen da Boten iwwerhuelen. --Otets ♣ 04:18, 7 Januar 2006 (UTC)

Fettschrëft[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg Myriam, Giff dat goen fir dass du d'Haaptwuert ëmmer fettgedréckt schreiws? Beispill: Den Tartaros war Den Tartaros war

Merci --Alexandra 13:18, 7 Januar 2006 (UTC)

Gudde Mëtteg Alexandra, natiirlech geet dat :-) Myriam 13:20, 7 Januar 2006 (UTC)

ok, perfekt :-)

Halli. Sinn an der däitscher net aner Familljeverhältnisser? (Ech sinn e bësse fort vun elo un. Häls de eis Erotomanen e bëssen am A? Merci). --Cornischong 15:37, 7 Januar 2006 (UTC)

Salutti, dat ka scho sinn, ech war nach net kucken, mee bei de Griichen ware souwisou wéischt Familljeverhältnisser ;-) Et get meeschtens e puer Versiounen (kuck mol bei Chaos; woubäi ee net ka soen déi eng wär méi richteg wéi déi aner. Ech gi mer mol déi däitsch Säit ukucken. A wat d'Erotomane betrëfft (hunn ech mol fir d'éischt am Lexikon misste nokucken), hunn ech mol rëm eppes net verstan? Myriam 17:50, 7 Januar 2006 (UTC)
No zéng sinn ech nees do. --Cornischong 19:18, 7 Januar 2006 (UTC)

Einfach een neien Artikel mam Redirect-Numm opmaachen mam Contenu:

#REDIRECT [[Numm vum richtegen Artikel]]

--Tomateus 20:26, 8 Januar 2006 (UTC)

Einfach emol späicheren. Preview gëtt net eens do mat. --Tomateus 20:38, 8 Januar 2006 (UTC)

Zens a Walburga[Quelltext änneren]

Salu, ech hu just de Num Cents op Zens geännert soss hun ech näischt mam Artikel Kierch Lëtz-Zens ze dinn. Du hues jo secher d'Walburga vu Konter gesinn. Johnny Chicago 00:18, 9 Januar 2006 (UTC)

Hallo, jo secher, dat s de mer lo mam Wal(p)burga kënns ass scho komesch. Jo ech hunn den Artikel gelies, also wann dat zu Konter sou ass dajee alt. Mee beäntwert meng Fro awer nach net. Näischt fir ongudd :-) Myriam 00:24, 9 Januar 2006 (UTC)

Wat war dann déi Fro?? --Cornischong 01:11, 9 Januar 2006 (UTC)
Ma da kuck mol ënner Kierch Lëtzebuerg-Zens op der Diskussiounssäit Myriam 01:34, 9 Januar 2006 (UTC)

Redirect net direkt[Quelltext änneren]

A wat maache mer dann elo mat engem Redirect ouni Artikel?? (Ech mengen den "Tiziano Vecellio"). --Cornischong 15:39, 10 Januar 2006 (UTC)

Jo ech weess dat dat net ideal ass, hat awer lo nach keng Zäit fir mech em den Titian ze këmmeren ;-) Myriam 15:45, 10 Januar 2006 (UTC)

Sou, op menger Diskussiounssäit hunn ech der de Farplang genee opgeschriwwen, wéi s de kanns Fotoen aus enger aner Wiki heihikréien. Sich der eng eraus a fuer emol lass. Ech passen op, wann eppes schifleeft. --Cornischong 01:45, 11 Januar 2006 (UTC)

Probéier mol op der franséischer Wiki beim Artikel "Iris (mythologie)" fir dat Bild eriwwerzeschleefen. --Cornischong 01:52, 11 Januar 2006 (UTC)

Tipp, topp! --Cornischong 10:01, 11 Januar 2006 (UTC)

Fuer du mol einfach mat "Demeter (Mythologie)" lass. Ech kucke mat der Homonymie-Säit. --Cornischong 22:47, 11 Januar 2006 (UTC)

Wow, dat war jo séier gaang, ech wollt der lo just äntwerten, mee ech gesinn du hues et scho gemaach. Majo dann. Mäin Artikel wäert wuel e bësse méi laang daueren bis en drop ass. Myriam 22:59, 11 Januar 2006 (UTC)

Lofe, lofe, Lofe[Quelltext änneren]

Sou ech gi lo ann d'Bett. Eng gutt Nuecht iech alleguer. Wann ech lo net schlofe ginn sinn ech muer zimmlech kuuschteg (wäert ech warscheinlech souwisou sinn) Myriam 02:27, 12 Januar 2006 (UTC)

Ma dat wier jo ideal fir dann eng Hällewull Artikelen iwwer Kuuschtendéieren ze schreiwen. ;-)
--Otets ♣ 02:34, 12 Januar 2006 (UTC)

Soll dat heeschen, datt d'griichesch Gëtter haut NET fäerdeggeschriwwe ginn??!! --Cornischong 02:35, 12 Januar 2006 (UTC)

't ass awer keng Léift méi ënnert de Leit, also wierklech ;-)) Myriam 08:22, 12 Januar 2006 (UTC)

Jo, un der Gréisst vun der Mokuchsdagdiskussioun sinn ech jo net ganz onschëlleg. ;-)) Iwwert d'Originne vum Wuert hunn ech leider och näicht fonnt - besonnesch wou ech perséinlech "Mokussdag" dofir soen... --Otets ♣ 13:42, 13 Januar 2006 (UTC)

Jo hunn ech och schonn héieren, sou wéi: "Mokesdag" Myriam 14:16, 13 Januar 2006 (UTC)


Gudde Moien Myriam, Ech hunn deng Fro zu de Wochendeeg um Stamminet net esou richteg verstanen. Kanns du mir nach eng Kéier soen wats du dommadd--Alexandra 10:24, 14 Januar 2006 (UTC)er mengs ?

Ech giff soen dass du roueg kinns en Artikel Wochendeeg machen, mat Kuerzinfoen wat di eenzel Deeg ugeet an dann och Linke setzen op di eenzel Deeg. (Dann huet een och erem een Artikel méi) :-) Den Artikel Wochendeeg ka jo och nach ausgebaut ginn. Ech hu gesinn dass op aner Wikien och vill zu denen Themae steet. --Alexandra 12:41, 14 Januar 2006 (UTC)

Pardon, ech wollt dech elo net steieren. Ech hat mir just d'Fro gestallt ob een an der Kategorie Woch nach Artikelen kinnt schreiwen, a mir war neischt agefall :-) Wanns du elo awer nach méi Artikelen hues fir doranner, da kann ech et gäre réckgängeg machen. Mä wa just een dra kënnt, dat giff awer komesch ausgesinn, oder ? --Alexandra 17:35, 14 Januar 2006 (UTC)

Wees ech net :-) Ech ka just schwéier en Artikel ouni Kategorie gesinn. Hunn esou en Tick fir alles ze klasséieren an anzeuerdnen --Alexandra 23:36, 14 Januar 2006 (UTC)

Ma da gees de ganz uewen bei "preferenzen"/ an da kucks de mol bei "Datum an Auerzäit" / an dann drécks de bei "Zäitzon" op "Vum Browser" / an da späichers de deng Preferenzen of / an da bass de do wou s de solls sinn. :-)) --Cornischong 00:17, 15 Januar 2006 (UTC)

Esouvill Luef ëm dës Zäit, dat kann nëmme gudd doen... :-) Also wann ech Zäit hunn a Loscht, da geet dat alles ganz fëx. Mä et ginn awer och Zäite wou ech emol net dozou kommen, emol eng Kéier kucken ze kommen. Mä ech denken, dass mir alleguer gudd Aarbecht leeschten an dass du och ganz eifreg bei der Saach bass. Also, fir eis all .. Weider esou :-) Ah jo, wann dech dann erem eng Kéier ee rose mëcht (zum Beispill einfach deng Kat. ännere geet), villeicht fallen dir dann erem e puer Wierder méi an..... :-) --Alexandra 00:23, 15 Januar 2006 (UTC)

Spills du Cantonnier? --Cornischong 00:50, 15 Januar 2006 (UTC)

Wat as dat dann? (Also heescht nee) Myriam 00:53, 15 Januar 2006 (UTC)

"ass déi Opdeelung wierklech richteg ..?": Du hues eng Manéier, Froen ze stellen. (Kuckt och: Déi Fro vu virdrun). Ech weess iwwerhaapt net ëm wat et geet. --Cornischong 01:22, 15 Januar 2006 (UTC)

Fotoe fannen[Quelltext änneren]

Ech kucken emol op deene grousse Wikien: en, de, fr. Wann do näischt Valabels (!!) ass, da kucken ech bei deenen aneren. Heiansdo fënns de bei zimmlech Exoten eng gutt. Du weess, datt ech zimmlech kriddeleg si mat Fotoen. Dofir fannen ech och heiandsdo näischt. Wann ech eng fannen, déi u sech an der Rei ass, mee vill ze däischter ass (eng Onmass vun de Fotoen op de Wikien sinn grujelech däischter), da probéieren ech se méi hell ze maachen. Dat geet net ëmmer, mee dacks. Da kniwwelen ech nach e bëssen drun erëm (Kontrast, Faarfstéch, ..) an da fletschen ech se an eis. Gutt Fotografe ginn et der net ganz vill. Kuck der emol dem Utilisateur:Jean-Pol GRANDMONT ( http://fr.wikipedia.org/wiki/Utilisateur:Jean-Pol_GRANDMONT ) seng un. Déi sinn aussergwéinlech gutt. Allerdéngs frësst de Server (oder wat och ëmmer) Liicht, Dat heescht, et muss een d'Fotoen méi hell drasetzen, well am "Getriwwels " geet Liicht verluer. Lo weess de schonns méi. Deemno wéi, froen ech och hei (wéi beim Mokuch) , bei deem de Marcus haut de Mueren e Mokuchsrullo dragesat huet. --Cornischong 21:37, 16 Januar 2006 (UTC)

Beim Psychopompos sinn ech natierlech schlecht drun; den Anubis wëll ech do net onbedéngt beméien. --Cornischong 21:56, 16 Januar 2006 (UTC)

Ann dat kriss de sou séier hinn? Respekt. Ech mengen ech misst scho rëm nokucken wéi ech déi lescht eropgeluden hunn, éierlech ;-) Myriam 22:24, 16 Januar 2006 (UTC)

Éierlech? --Cornischong 22:26, 16 Januar 2006 (UTC)

a Possen[Quelltext änneren]

  • Ma nawel direkt kuck emol d'Foto an der Diskussiounsäit vun A Possen , an am Artikel - ech hat esouguer bei d'rezent Ännerungen geschriwen fir d'Myriam (et kann een och mat enger Foto eng Äntwert ginn)

Johnny Chicago 23:53, 16 Januar 2006 (UTC) D'Foto vum Musee hat ech gesinn. Mee da weess ech nach net op dat eent mam aneren ze dinn huet. Mee ech gi lo mol kucken. Myriam 23:56, 16 Januar 2006 (UTC)

Iwwer Kéis huet déi däitsch Wikipedia fantastesch Artikelen. Zum Beispill de "Pecorino", allerdéngs ass d'Pecorino tenero-Foto onschaarf vu vir bis hannen (eng komplett Idiotie, bei där ech mech froen, wöi se esou eppes kënnen dra loossen), an déi vum "Pecorino Rosso Volterrano" huet e famouse Gréngstéch, mee dee kann een erauskréien. --Cornischong 14:22, 17 Januar 2006 (UTC)


Maja, do schengs du Recht ze hunn. Elo war ech einfach ze schnell am Plaz nach eng Kéier nozekuken... :-( Merci --Alexandra 22:23, 17 Januar 2006 (UTC)

Ech brauch och en zweete Brëll... :-) Fir d'éischt schreiwen ech Kawechelschen. Dunn hun ech et geännert (Merci dass du mech nach mat Zäite gestoppt haas, ier ech nach 10 ARtikelen geschriwwen hätt). De Cornichong huet mir dunn nach geschriwwen mat zwee ee. An ech hun erem net richteg gelies a gesot, jo ech wisst, well ech gemengt hat hie giff mir och soen mat ch an net mat sch. Wéi dunn den Zinneke Kaweechelchen geschriwwen huet, ass mir d'Späicherluecht opgangen, dass de Cornichong an du vun zwou Feeler geschwaat huet an net vun engem... an elo konnt ech erëm alles änneren. Et gesäit esou aus wéi wann haut net mäin Dag wier..... ech mengen elo sinn ech midd a gi gläich schlofen. Ah jo, Merci och fir dech Cornichong, obschonns ech net richteg gelies hunn wats du mir geschriwwen hues, an zwee ee net mat engem ch ausenanerhaale kann... :-) --Alexandra 23:07, 17 Januar 2006 (UTC)

Korrekturen[Quelltext änneren]

Geet an d'Rei ;-) --Otets ♣ 01:39, 18 Januar 2006 (UTC)

Dat war jo méi wéi just DLW - Merci Sisyphos ;-)) Myriam 08:24, 18 Januar 2006 (UTC)

Den Text vun der "eelerer Edda": http://www.cybersamurai.net/Mythology/nordic_gods/LegendsSagas/Edda/PoeticEdda/Index.htm#en --Cornischong 13:55, 18 Januar 2006 (UTC)

Du denks jo nach un déi zwéin Hongreger, de Moiren an de Moloch? --Otets ♣ 16:40, 18 Januar 2006 (UTC)

Da sinn ech berouegt. ;-) --Otets ♣ 11:39, 19 Januar 2006 (UTC)

Elo war ech ze lues mam Apollo :-) --Alexandra 18:34, 18 Januar 2006 (UTC)

"Meilestäng"[Quelltext änneren]

Elo ass deng Chance: de Compteur steet bei 7749 ;-)

--Zinneke 09:20, 19 Januar 2006 (UTC)

An enger Enzyklopedia gëtt ALL Thema behandelt. Du gesäiss, et ginn einfacher a verdächteg quokeleger. A jiddereen däerf sech un dat ginn, wat hien intresséiert. (Dat mat deem Biochemiker war ganz einfach eng verstoppte Reklamm fir säi Buch mat der Dissertatioun. Ech war e bësse liichtfankeg op de Läim getrëppelt. D'Preisen hunn dat emol nach net gemierkt, well do ass et nach dran. Ech hunn et op de Fouss geholl. D'Wiki ass eng fantastesch REklammsmaschinn; du fummels eppes esou dran: wa keen eppes mierkt, dann ass et eng bëlleg an onheemlech wierksam Reklamm. Mee dofir hu mär jo eis Zerberussen. --Cornischong 01:07, 20 Januar 2006 (UTC)

Mäin éischte Meilesteen, OK, ass eigentlech net wichteg, mee trotzdeem. Heescht awer ech sin am Grupp mat derbäi, oder? 195.218.28.20 00:17, 22 Januar 2006 (UTC)

Heescht ech sinn en aarmen Dâiwel, a kee wellt eppes mat mer ze einn hunn? H

Salut Ok ech si keen typeschen Italiener, mee kënne mer eis net awer eenegen? --Myriam 00:54, 24 Januar 2006 (UTC)

Jo, ëm dës Zäit misst ech u sech och schonn am Bett sinn. D'Wiki gëtt eng Sucht.  ;-))
Ech hunn eng Email-adress, ze erreechen op menger Usersäit ënnert dem Link "Dësem Benotzer eng Email schécken". Mee vu datt ech heiansdo just 2-4 Mol am Mount kucke ginn, ass et am Einfachste mech iwwer meng Diskussiounssäit hei op der Wiki ze erreechen. --Otets ♣ 00:48, 24 Januar 2006 (UTC)

Effektiv, hat do wuel bäim leschte Preferenzerondgank eppes falsch ugeklickt. Elo misst et awer nees goen. --Otets ♣ 09:00, 24 Januar 2006 (UTC)

Myriam, du bass jo eise Mythologiesspezialist. Kinns du villeicht en Artikel machen wanns du Loscht an Zäit häss: Lëscht vun de griichesche Gëtter . Et weisen 27 Linken dorobber an et gëtt keng esou eng Lëscht. Merci --Alexandra 18:41, 25 Januar 2006 (UTC) Dat ass gudd esou, Merci :-) --Alexandra 09:15, 26 Januar 2006 (UTC)


Firwat de "Calpe" Redirect op "Gibraltar" ?? --Cornischong 23:14, 25 Januar 2006 (UTC)

Déi *Calpe"-Saach kënnt mer "komesch" vir: Kuck emol op der däitscher Wikipedia wann s de "Calpe" antipps!! Si hunn dat ënner Calp, mee dat ass eng spuenesch Stad un der Costa Blanca!! Souguer wann dat mat Gibraltar géif stëmmen, da misste eppes an de Gibraltar-Artikel schreiwen, soss weess jo keen, op wat sech Calpe bezitt. Mee, wéi gesot, kuck der mol an der de déi Saach un.--Cornischong 23:58, 25 Januar 2006 (UTC)

Calpe ass wierklech eng spuenesch Uertschaft an der Provënz Alicante. Mä d'Myriam huet awer och Recht, dass de Fiels vu Gibraltar och esou genannt gouf. Sollt ee villeicht eng Homonymie-Säit machen ? --Alexandra 09:27, 26 Januar 2006 (UTC)

Et wier vläicht am einfachsten, et esou wéi op der en-wiki ze maachen: Calpe ass iwwert d'spuenesch Uertschaft, mat Homonymieshiwäis op Gibraltar. An ënnert Gibraltar fënnt een alles iwwert de Fiels Calpe. --Otets ♣ 09:53, 26 Januar 2006 (UTC)

Jo, dat wier eng gudd Idee. --Alexandra 10:37, 26 Januar 2006 (UTC)

Et war natierlech eng gutt Iddi, fir d'Satellitefoto vun de Commons eriwwerzehuelen, mee mat de Commonsfotoen ass et vill zevill dacks esou, datt se vill zevill dacks technesch (looss mer dat mol ganz frëndlech soen) "net grad optimal" sinn. Ech hunn der selwechter Foto mol de "Kapp gewäsch". Lo gesäit een emol Europa. Wann s de der eriwwerhëls, schaff léiwer nach eng Kéier drun, et lount sech. --Cornischong 13:42, 26 Januar 2006 (UTC)

An nach eppes Léiwes:An der däitscher Wiki ass d'Mëttelmier vill méi breet (déi Klunnien hunn d'Foto an d'Breet gezunn) --Cornischong 13:47, 26 Januar 2006 (UTC)

Also a punkto "dru schaffen": ech mengen do sinn ech zimmlech séier erschoss :-( Myriam 13:50, 26 Januar 2006 (UTC)

Kee Problem. Adresséier dech un ee vun eisem Fachpersonnal :-) --Cornischong 14:27, 26 Januar 2006 (UTC)

Verbindungs-S: Et mécht een en Espace vir- an hannendrun, sou datt den "s" ganz eleng steet. Gesäit glungen aus, mee eppes anescht (ausser Bindestrécher) wier grammatesch net ze begrënnen. Richteg ass also "Wann s du schreifs". --Otets ♣ 21:35, 26 Januar 2006 (UTC)

Privat äntwere mer op Froen. ;-))) Nee, mee seriö: d'Wikipedia frësst effektiv dee gréisste Batz vum Privaten. Et ass eng Sucht, wéi ech schonn entzwusch gesot hunn. --Otets ♣ 07:41, 27 Januar 2006 (UTC)

De Kandidat huet 60 vu 60 Punkten , et ass de Josy Braun. Johnny Chicago 01:01, 28 Januar 2006 (UTC)

"Huet ee vun iech eng Ahnung?" hunn ech op der Säit gelies. A well ech keng Anung hunn, hunn ech net drop g'äntwert. Wann ee mat dem Ausdrock "brenne wéi Zitz" kënnt, da muss en och wëssen, wat en do schreift. Ech hale mech iwwerhaapt léiwer aus deem Thema eraus, well do gëtt "behaapt ewéi Zitz". Jidderee kënnt mat iergendeppes an ass steif a fest iwwerzeegt, senger Bom hire Kueder hätt ëmmer sou gesot. Wat wëlls de dann do maachen? Déi Riedensaarten, déi ech dragesat hunn, waren aus dem Dicks senge Sammlungen. Esou laang iergendeen iergendeppes dora setzt ouni Explikatiounen geet dat Gedeessems weider. Soll ech elo nach "lache wéi de Schnokes" drsetzen? Wee wëll mär beweisen, datt dat elo grad aus menger Tastatur gerutscht ass? Mat de siwe Buschtawen hu mer scho gesinn, wat do erauskoum! So mol engem, hie soll der noweisen, wou en et hierhuet; da gëss d'erbass. --Cornischong 01:40, 29 Januar 2006 (UTC)

" Der Standard erlaubt alle Farben: von rein weiß, über weißlich mit cremefarbenen Abzeichen, Tricolor (dreifarbig), etc., bis hin zu rein schwarz." Dat gëtt ee gewuer, wann ee an déi däitsch Wikipedia kucke geet. A wa mer een(t) hätten, dat den däitschen Artikel kéint iwwersetzen, stéinge mer net sou aarmeséileg do ouni Chihuahua-Artikel. An: Kuck emol vu wiem déi Foto ass. Gär gschitt. --Cornischong 11:09, 29 Januar 2006 (UTC)

Hei wat ech nach ze dem Thema Lieu-dit ze soen hunn, kuck och nach bei Talk:Banzelt.~
Well mer kee Wuert dofir hunn(Cornischong).
Méiglechkeete ginn et awer:
Deutsch luxemburgisches Wörterbuch: Ort = Plaz, Uertschaft
oder
am Lëtzebuerger Dixionär stinn zwéi Begreffer:
1)Uert an (Dim.) Iertchen
2) Uertschaft = Ortschaft
Kënnte mer äis da net op Plaz oder Uert eenegen.
NB. An der Nuecht war ech ze futti fir der nach eng Äntwert ze ginn. Johnny Chicago 10:03, 2 Februar 2006 (UTC)

Déi lëtzebuergesch Orthographie ass net méi schwéier oder méi onlogesch wéi déi franséisch oder déi däitsch. An deenen hire Schreifweise ginn et och e puer net grad ideal Kompromësser, déi sech dacks just doduerch erkläre loossen datt d'Sprooch eben esou gewuess ass. Fir just ee Beispill ze nennen: Aggression an agression, firwat schreiwen déi eng et mat zwee "g" an déi aner just mat engem - a virun allem wéi eng Form ass déi franséisch a wéi eng déi däitsch? Logesch erkläre léisst sech dat och net. An dach ass dat kee Grond fir einfach ze schreiwe wéi ee wëllt. Duerch d'Gewunnescht trainéiert ee sech op esou kleng quokeleg Wierder uechtzedinn, bis datt s de se mat der Zäit automatesch richteg schreifs. Ech veranstalte jo keng ëffentlech Verbrennunge vu Leit déi mol ee Feeler op Lëtzebuergesch schreiwen (soss wier ech deen éischten Hexemeeschter deen do lande géif :)) mee just vu Leit déi am Lëtzebuergesche méi Feeler maache wéi am Däitschen oder Franséischen an deenen dat en plus nach egal ass. Wee sech Méi gëtt kritt mat der Zäit eng Gewunnescht doranner a méi brauch et net fir 99% vun de Wierder richteg ze schreiwen. An op deem Wee hues de jo e puer Glungener wéi de Cornischong a mech déi der do mat Rot an Dot zur Säit stinn. D'Haaptsaach ass datt s de gudde Wëllen hues, de Rescht kënnt no. --Otets ♣ 22:51, 2 Februar 2006 (UTC)

Maach der awer lo keng Gewunnecht draus, Gewunnescht ze schreiwen! --Cornischong 22:59, 2 Februar 2006 (UTC)

Lo stinn ech (schonn erem eng Kéier) um Schlauch, wéi mengs de? Mam falsch schreiwen? Myriam 23:06, 2 Februar 2006 (UTC)

Am Süde si "ch/sch"-Feeler ugebuer. ;-) --Otets ♣ 23:07, 2 Februar 2006 (UTC)

"eng Kéier", dat ass en Artikel virun engem Substantiv, also näischt Apaartes. --Otets ♣ 23:16, 2 Februar 2006 (UTC)

Substantiver ginn ëmmer grouss geschriwwen, och am Däitschen. --Otets ♣ 23:24, 2 Februar 2006 (UTC)

Wann en Artikel virdrusteet oder e Wuert wéi "näischt" oder "eppes", dann ass et ëmmer e Substantiv. --Otets ♣ 23:30, 2 Februar 2006 (UTC)

"Erëm" huet um zwweten "e" (deen, deen och betount gëtt) en Treema. --Otets ♣ 23:38, 2 Februar 2006 (UTC)

Däi Bouf ka "lofe" soen, soulaang en "dacks" an net "oft" seet. ;-) --Otets ♣ 23:47, 2 Februar 2006 (UTC)


Gudde Moien Myriam, Schonn am gaang mat schaffe? Moies ass et hei ëmmer méi roueg :-) Solle mer e puer nei Artikelen lancéieren, wéi ech gesinn waren der gescht jo net ganz vill.... --Alexandra 08:34, 3 Februar 2006 (UTC)

== E hunn am "eis Schreifweis" déi Saach mat den eezelnen oder duebele Vokalen nees opgewiermt. Dat schéingt wierklech quoleleg ze sinn. Kuck der et mol nach eng Kéier un; lo misst et sëtzen :-) --Cornischong 14:06, 3 Februar 2006 (UTC)

Guckuck. Extra fir dech hunn ech nach en Ödipus-Bild an der Wäsch. E bësse Gedold. --Cornischong 00:45, 4 Februar 2006 (UTC)

Ech verstinn net ganz, firwat s de dee Kärel Achille"u"s nenns? An der Këscht (steet e mat Achilles). A wou ech dech lo hei um Apparat hunn: Wëlls de déi Këscht bäibehalen? Déi bei der Literatur hat ech op d'Schëpp geholl. (Ech fannen, dat hëlt Plaz ewech, d'Biller passen net méi gutt dran an 't ass doutellen). Wann s du dat awer hale wëlls, dann ass kee Problem! --Cornischong 01:24, 4 Februar 2006 (UTC)

Du has e REDIRECT gemaach vun "Nereiden" op "Okeaniden". Dee leeft an d'Eidelt. Du mierks et. wann s de bei Achilleus op déi getéitschte "Miernmph" klicks. --Cornischong 01:45, 4 Februar 2006 (UTC)

Ma dat ass eng Iddi. Gutt, datt s de mech drun erënnert hues:-)) --Cornischong 02:04, 4 Februar 2006 (UTC)

Dach dach, dofir och e ganz grousse Merci! --Otets ♣ 11:12, 4 Februar 2006 (UTC)

Enzyklopedie ass weiblech, dann ass Wikipedia et och. Ech mengem, dem Cornischong säi Kommentar war éischter ironesch gemengt, also kee Problem. --Otets 00:57, 6 Februar 2006 (UTC)

:-) --Cornischong 01:07, 6 Februar 2006 (UTC)

Tja, dat ass dat Mysteriéist an der Wiki. Et weess een awer net ëmmer sou richteg, wien hanner deene "komeschen" Nimm do hantéiert. Et kéint ëmmerhin engem seng Botzfra oder dem Noper säin Dackel sinn. --Cornischong 09:27, 6 Februar 2006 (UTC)

Op der Wikifriess am Juli kënnt dat awer eraus, wann ee sech aplaz e Menü eng Schossel Schappi bestellt. --Otets ♣ 09:35, 6 Februar 2006 (UTC)

Komesch Saachen[Quelltext änneren]

Moien. Allgemeng kritt ee vu sengem Internet-Provider just eng IP-Address fir eng Setzung ausgeléint. Dat heescht, all kéiers wann ee sech nei awielt, huet een eng aner IP-Adress. Da kann dat sinn, datt een aneren, vun dengem Provider virdrun Dommheeten an der en:Wiki gemaach huet an Du dës Kéier déi IP verléint kruss an elo Remarque gemaach kriss. --Tomateus 13:08, 6 Februar 2006 (UTC)

Aha, alt erëm eppes bäigeléiert. Also kee Grond fir sech opzereegen. Merci Myriam 13:19, 6 Februar 2006 (UTC)

Do hat ech wuel eppes tëscht klengem Titel an nach méi klengem Titel verwiesselt. Ganz uewen ass net logesch, well dohi geet kee sichen. Vläicht misst een en Ënnertitel maache wéi "Soss Projeten" oder "Cross over" oder "Multi-Konschti" oder... --Otets ♣ 14:17, 7 Februar 2006 (UTC)

"Béibreg", esou heescht ee vun den Artikelen hei op der Wiki. Et ass also liicht erauszefannen. ;-) --Otets ♣ 23:02, 7 Februar 2006 (UTC)

Halli. Kanns de mer just soen, watfir e Bild dat war. Ech kommen elo net drop. --Cornischong 00:32, 8 Februar 2006 (UTC)

Jo dat war eent wat s de bei den Herakles bäi gesat has. Mee et war sou séier fort dat ech et net gesin hunn. Wann ech dat richteg an Erënnerung hunn war et eng Foto vun enger Skulptur (der Beschreiwung no), mee awer ouni Garantie. Myriam 00:51, 8 Februar 2006 (UTC)

De Bellerophon ass scho gekapert ech muss en nach e bësse "schéimaachen". Wann s de an enger Wiki e bild fënns, wat eis an de Kreemche passt, so mer Bescheed. ok? --Cornischong 01:00, 8 Februar 2006 (UTC)

D'Revue kréien ech net ze gesinn! Wann s de dat kéins scannen, a mer et mailen, wier et net schlecht. --Cornischong 01:19, 8 Februar 2006 (UTC)

Am beschten iwwer Mail, well mär verstoppen hei de Kulang :-)) --Cornischong 01:44, 8 Februar 2006 (UTC)

Jo, vu datt mer elo eng Muséeslëscht hunn, kéinte mer déi an d'Plaz vun deene sëlleche kuckt och Linke setzen. Gutt Iddi! --Otets ♣ 09:27, 8 Februar 2006 (UTC)

D'Artemis-Foto ass grouss, jo, mee se huet genee déi richteg Gréisst. All foto huet eng "richteg" Gréisst. Wann s de déi do méi kleng méchs, erkenns de iwwerhaapt net méi wat alles drop ass. Hei ass zënter enger Zäit eng Angscht viru méi grousse Biller a viru méi groussen Artikelen. Wann d'Biller méi kleng sinn, fält manner op wéi kleng d'Artikele sinn, schéingt d'Iwwerleeung ze sinn. - Mee wou ech dech lo um Apparat hunn: Wat seess de zu der 9.29 Auer Ännerung? Ech leeë ganz grousse Wäert drop erauszefannen, wou dat hierkënnt. Ech hunn op der richteger Plaz emol nogefrot; ech misst do eng Ëntwert kréien. Ech fannen dat nämlech eng risegrouss Sauerei!! Et muss ee sinn, dee Bescheed weess, wat hei leeft. An ech hätt e schlecht Gefill, et ehi mat engem Roff ze dinn ze hunn. Wat mengs du?? --Cornischong 22:36, 9 Februar 2006 (UTC)

"an der griichescher mythologie"[Quelltext änneren]

'N Owend,

ech giff et drasëtzen, well jo all Artikel als eegestänneg soll kënne gesi ginn. D'Kategorie ass just eng Zort Sortéiersysteem, fir ~d'Saachen, déi beienee gehéieren, och beieneen ze hunn.

--Zinneke 00:09, 16 Februar 2006 (UTC)

Sou heescht nun eemol den Artikel (wuelgemiekt: *eng* Seechen, huet näischt mam homonyme Verb ze dinn!)

Nee, souwäit hat ech och net geduecht ;-) Myriam 00:19, 16 Februar 2006 (UTC)

Den oder d'Styx[Quelltext änneren]

ech kucke moar, ech sollt scho laang am bett sinn. nuecht! --Zinneke 00:17, 16 Februar 2006 (UTC)

Jo, kee Problem, ech konnt leider net éischter heihi kommen. Gudd Nuecht! Myriam 00:20, 16 Februar 2006 (UTC)

Moie Myriam. Ech hat der d'Eleusesch Triad eropgelueden. mee dat war an d'Box gaagnen, well d'Serveren am Ament bei de Biller ufänke mat Gierksen. Ech kommen drop zréck. --Cornischong 01:20, 22 Februar 2006 (UTC)

Bonsoir. Dierf ech d'Statu drasetzen? Villmols Merci. --Cornischong 22:08, 22 Februar 2006 (UTC)

Wéi ass et da mat mengem Bild, dat ech extra fir an däin Artikel gebotzt a geblénkt hunn? Wëlls d' et lo net? (23.07 "Image:Persephone Akropolis.jpg")  ;-/ --Cornischong 01:24, 23 Februar 2006 (UTC)
Kuck awer mol nach no (ech mengen op der de oder en) ob dat net awer d'Kore ass. Ech gi mat deene iwwernatierleche Figuren ëmmer sou dronken. --Cornischong 01:37, 23 Februar 2006 (UTC)

Dach dach, den DLW schreift dat wierklech "Zeen". D'Abiergerung vu Wierder fuerdert alt heiansdo Affer. --Otets ♣ 00:43, 24 Februar 2006 (UTC)

Do hu mer e Wuert, dat genee sou geschriwwe gëtt, wéi et ausgeschwat gëtt. Wann et "Tzcsén" géif gechriwwe ginn, hätt d'Vollek gär et soll "méi einfach sinn". 't ass wéi mam Duxall. --Cornischong 09:51, 24 Februar 2006 (UTC)

Also "Tzcén" ass nu wierklech grausam, mee dem Otets ginn ech Recht mat den Affer. Heescht dann och e frz. Chauffeur: Schofer? Myriam 21:10, 25 Februar 2006 (UTC)


Gëtter a Gëttinnen[Quelltext änneren]

Myriam, du haas eng Kéier esou eng flott Lëscht vun de griichesche Gëtter gemacht. Kinns du villeicht och esou eng mat de réimesche machen ?? Merci --Alexandra 16:15, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Salut Alexandra, jo, ech setzen dat op meng "To do"-Lëscht; ass awer warscheinlech net méi fir haut :-) Myriam 16:23, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Kee Problem, presséiert net :-) Merci --Alexandra 16:24, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Super :-) --Alexandra 08:55, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Eppes iwwert mech[Quelltext änneren]

Iwert mech steet alles bei de Wikipedianer, an den Harker fënns beim Nosferatu erem. Ech si kee gespréichegen Typ.JHarker 00:19, 2 Mäerz 2006 (UTC) Salutti, nee et verlaangt jo keen dat's de e gespréichege bass (ech hunn och meng Zäite wou ech meng Rou wëll hunn), mee do war ech nach net kucken, maachen ech awer dann elo, bis dann :-) Myriam 00:25, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn eng Emailsadress uginn, mee d'Devs hu gëscht oder haut d'MediaWiki geupdate a verlaangen zënterhier en plus eng Authentifikatioun vun der Adress. Dowéinst ass näischt méi gaangen. --Otets ♣ 14:58, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Bonsoir Madame. Wa mer eis Froen mat hiren Äntwerten all op eng Plaz setzen, da fanne mer se méi spéit besser erëm, a mer behalen en Iwwerbléck wat scho gefrot gi war. Et ass net aus Spéngelschësseregkeet. An de Problem vu Froen, déi schonns duerch de Wollef gedréit goufen, léisst sech ëmgoen. Merci fir är léif Opmierksamkeet. (war dat net sou richteg frëndlech?) --Cornischong 17:55, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Wéi ass dat mat de Policen (et gi jo och Leit, déi se sou nennen) dann ausgaang?? DAt anert verstinn ech net ganz. Mengs de, wann een deem Aneren eppes schreift, an deen Aneren nees deem Engen, da steet d'Halschen top deem engem senger säit an ëmgedréit? War et dat? --Cornischong 00:24, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Ma neen. Z.B. wann ech dir eppes op deng Diskussiounssäit schreiwen, fir datt s de dat matkriss, gëss du mir villäicht eng Äntwert op menger Säit fir datt ech dat och gesinn. Mee fir een deen näischt domatt zedinn huet ass dat warscheinlech net nozesichen? Myriam 00:33, 4 Mäerz 2006 (UTC)
A meng Fro iwwer d'Flicen? Fir dat anert:Du schreifs "Ma neen" an da schreifs de genee dat wat ech sot. Et gëtt der, déi schreiwen op hir Dsikussiounssäit, si géifen nëmmen do änweren. D'Perfektioun ass anscheinend vun dëser Welt. Looss de Resch emol mat Mail kommen, soss stéiere mer déi di nach schafffen. :-)) --Cornischong 00:38, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Wolls de keng Mail-Adress an der Wiki uginn, oder hues de se nach net confirméiert op denger Preferenze-Säit? Op der däitscher Wiki steet et op all Säit uewen "Aktueller Hinweis: Um weiterhin Nachrichten über das E-Mail-Formular empfangen zu können, ist eine Bestätigung der E-Mail-Adresse notwendig." --Cornischong 00:57, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Do gespenstert en hollännesche bot hei erëm. De Bot ass e klnge Programm, deen eis Interwikie kontrolléiert, d.h. de verfollstännegt déi automatesch. Dee kleng Bot gëtt lafegelooss, an da mécht deen et. Mär hu jo e "vertopp Bot" oder "weis Bot" Knäppchen uewen, domat kënne mer se net ausschalten, mee da gesi mer si net. Et ass scho praktesch, well wann se an der fr den Tiel vun engem Artikel änneren, da kënne mär et kaum gewuer ginn, lo këmmert sech de Bot drëm. Lo kann awer net jiddereen e bot Gassi féieren, well soss sinn d'Serveren iwwerlaascht. Dofir hat den Otets Konditiounen opgesat ënner deene mer mat engem Bot d'accord sinn. All Bot muss ugemellt sinn. ok? --Cornischong 17:42, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Genee. Steet alles bäi "Wikipedia:Bot". --Otets ♣ 15:05, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Merci, Myriam. Aus Zäitgrënn hat ech et just gelauschtert. --Cornischong 12:58, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Verstéi mech nëmmen net falsch: Mer missten eis iwwerleeën, wéi mer dat mat de Sprachwierder maachen. D'Wiki ass kee Wierderbuch. Sprachwierder gehéieren an de Wiktionnaire, deen et awer fir eis kleng Männerkens nach net sou richteg gëtt. Wa mer eng Kéier zu vill méi sinn, dann däerfe mer vun engem Wierderbuch dreemen, mee un deem drécken sech der elo schonns e puer den Aarschdaarm eraus, an déi gi vum Monni staat bezuelt!! Ech mengen, mer sollten op der Lëscht vun de Sprachwierder selwer e kuerze (wat ass kuerz?!) Kommentar an (oder) Erklärung ofginn. Du kanns dat awer roueg um Stamminet zur Diskussioun fräiginn. --Cornischong 16:25, 6 Mäerz 2006 (UTC)

"Dach, dat kënne mer och maachen.": Wat kënne mer och maachen? --Cornischong 16:59, 6 Mäerz 2006 (UTC)

D'Preisen huelen dofir de Wikiquote. Mee dat och eréischt zënter kuerzem. Dofir kënne mer nach eise Kapp a Rou leeën, mengt den Otets ♣ 16:38, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Riedensaarten[Quelltext änneren]

Majo Cornischong, dat war eng Äntwert op déi Saach vun de Riedensaarten, dat misst de dach nach wëssen: déi Geschischt wou et drëms geet bei de Riedensaarte keng eenzel Artikelen opzemaachen, mee just e klengen Detail an d'Lëscht bäizesetzen; mengen ech emol. Myriam 22:57, 6 Mäerz 2006 (UTC)

Et ass wéi sou vill e Problem vun der Zäit; wéi ech gesinn ass de Portal-Spezialist Johnny Chicago amgaang mat belsche Filmregisseuren. --Cornischong 23:22, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Bei der Aphrodite war ech an de Plättel getrëppelt. Géi mol net un den Artikel. Ech ginn d'Geschirkëscht sichen --Cornischong 22:36, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hu just d'Literatur d'ännert! Mer haten deen Trick do schonns: Wann een eppes amgaang ass z'änneren an de Server kritt den Hick, da gierks deen en Deel zréck an en aneren verduebelt en (an dësem Fall d'Interwikien). An du hues gemengt, ech hätt dat natierlech express nëmme wéinst denger gemaach??! Kuck emol ob alles nees do ass, wuer et higehéiert. Mee da hei: Setz keng ISBN méi an en Artikel, dat ass décke mumpitzt, well se no kuerzer Zäit net méi aktuell sinn (wéi an dësem Fall). --Cornischong 22:50, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Paas just op, wat s de vun elo u späichers, well de Server huet wierklech e Fuerz queesch stoen!!!! Ech wollt Hollerech opmaachen, an deen huet mär "komesch Sache" gewisen!!!!!! Späicher der deng Saache léiwer och op de PC!! --Cornischong 22:55, 8 Mäerz 2006 (UTC)

"Iwwregens, wéi ass dat mat der Email déi verschwonn ass?" - Dat ass esou eng Fro wéi: Wéi ass et mat der Kaz, déi iwwerrrannt gouf? Oder wéi ass et mat der Fra vu Paräis, déi eng Fausse-couche hat? Wouhier kéint ech wësse, ëm wat et geet?? --Cornischong 01:33, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Well ech der viergëscht en Email dowéinst geschéckt hunn ;-)) Myriam 08:51, 9 Mäerz 2006 (UTC)
Mat Emailen hat ech schonns alles materlieft, wéi iwwregens mam PC iwwerhaapt. Gëscht ass nach an der Wiki op ee Mol en Deel vum Text verschwonnen bei enger Verbesserung. An deem Rayon gëtt et definitiounsméissge ALLES. Ech kréien zum Beispill vun där Maile mat engem risegen Unhang, bei deem ech net vetstinn wou en hierkënnt a wöi dat ze verhënneren ass. et kéint vum WORD kommen an eng Fromatéierung bedeiten.

E Beispill:
<head> <meta http-equiv=Content-Type content="text/html; charset=iso-8859-1"> <meta name=Generator content="Microsoft Word 11 (filtered medium)"> <style>

Jo dee risege Rateschwanz kennen ech. E mecht sech wann ech e Reply op eng Note vun dir maachen. Komescherweis allerdéngs nëmme bei deenen wou s de e spezielle Font benotz. Wann ech drun denken, maachen ech en ewech, mee dacks vergiessen ech dat.
Lo hat ech wéinst dem Tereus bal missen d'Ierbessen nei zielen :-) --Cornischong 23:06, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Réimesch Gëtterwelt[Quelltext änneren]

Salut Myriam! Ech hoffen du bass mer net béis, mee momentan kréien ech d'Kéier net mat de Réimer. Ech hunn och nach eng ganz Rei Schantecher op, déi ech endlech emol ofschléisse well ... och eng Geschicht ouni Enn, mee dat ass jo wuel och "des Pudels Kern" vun der Wiki. Kaffi 23:11, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Wat huet de Boreas mat der Oreithyia gemaach??[Quelltext änneren]

"De Boreas huet déi athenesch Duechter vum Erechtheus, d'Oreithyia." A Stécker geschnidden, nodeem s en se vergawaltegt hat?? --Cornischong 23:18, 9 Mäerz 2006 (UTC)

A wat kréien ech elo?[Quelltext änneren]

--Cornischong 23:32, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Ma ech hunn e klenge Wonsch. Den en-Artikel iwwer d' "Four Freshmen" z'iwwersetzen. Et misst net onbedéngt komplett total ganz sinn. --Cornischong 23:50, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Du wëlls e bësse méi Informatiounen:

The Four Freshmen were an American vocal group popular from the 1950s through the early 1960s. Well-known for their multi-part harmonies, they are notable as early purveyors of vocalese and as the forerunners of vocal-harmony based rock music, particularly that of The Beach Boys.

[edit] Career start and commercial success One of the most influential vocal groups of the 1950s, The Four Freshmen pioneered a revolutionary new style of close-harmony vocals that set the stage for bands like the Beach Boys, Spanky & Our Gang, the Hi-Los, the Manhattan Transfer and countless others. In 1948, brothers Ross and Don Barbour formed a barbershop quartet called Hal's Harmonizers at Butler University's Arthur Jordan Conservatory in Indiana. The band also featured Marvin Pruitt and Hal Kratzsch. Later that year the group switched to a more jazz-oriented repertoire, and the quartet was renamed the Toppers. Pruitt soon left the group and was replaced with Ross and Don's cousin Bob Flanigan.

Early on the group was influenced by Glenn Miller's Modernaires and Mel Torme's Mel-Tones, but began to show signs of their own unique style of free improvisational vocal harmony. By September of 1948, the quartet went on the road as the Four Freshmen. The group was highly touted by jazz legends like Dizzy Gillespie and Woody Herman. In 1950, the Four Freshmen got their big break when bandleader Stan Kenton heard the quartet in Dayton, Ohio. He called his label Capitol Records and arranged an audition. The group was signed later that year. In 1952, the band released their first hit single "It's a Blue World," which brought them instant recognition among mainstream audiences. Kratzsch was replaced by Ken Errair in 1953, but the group never lost its stride. Their subsequent releases of "Mood Indigo" in 1954, "Day by Day" in 1955 and "Graduation Day" in 1956 showed that the Four Freshmen were more than just a one-hit wonder sensation.

The group remained popular throughout the 50s and early 60s, releasing a wide array of successful albums, movie and television appearances and performing countless sold-out concerts. The band eventually lost mainstream attention with the emergence of the British pop bands of the 60s, even though they managed to stay together even after the retirement of final original member Bob Flanigan in 1992. New lineups of the Four Freshmen have continued the legendary vocal tradition of the original band, while adding new touches. In 2000 the group won Downbeat Magazine's reader's poll award for Vocal Group of the Year, proving the quartet's timeless appeal and securing their role as one of the most important vocal groups in jazz history.
--Cornischong 00:00, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Hallihallo. Deng Emailadress bei Wikipedia, as déi nach aktuell? Ech kruut do nämlech sou eng Fehlermeldung! --Fred 00:05, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Ech probéieren muer dann nach eng Kéier mäin Gléck... --Fred 00:50, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Beim "Enceladus (Mound)" schreifs de "Mound" hannendrun. Ech gesinn awer keen aneren Enceladus, sou datt e net mat eppes kéint verwiesselt ginn. An deem Fall géif Enceladus duergoen, mengt de --Cornischong 17:32, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Do war nach een Encelados, mee dd gouf lo ëmgedeeft. --Cornischong 18:25, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Jo ee vun de Giganten, Enceladus schéngt mer déi laténgesch Versioun ze sinn. Mee trotzdeem géif ech soen mir sollten all Artikelen iwwert d'Mounden (déi jo meeschtens Nimm aus der Mythologie hunn, einfach sollen d'selwecht strukturéieren, oder? Myriam 23:32, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Keng Äntwert[Quelltext änneren]

"Ech hu bis elo keng Äntwert kritt op meng zwou Froen: Wikipedia:Ech hunn eng Fro Talk:Enceladus (Mound)?": - Leif Leit. Ech ginn normalerweis eng Äntwert wann ech eng valabel hunn. Dat kléngt villäicht komesch, mee ech hoffen, datt ech net op eemol deen Eenzege sinn, deen hei op eng Fro äntwert. Wou sinn dann all déi Bürokraten, déi richteg an déi aner. Fillen déi sech net méi "mat derbäi". Wat fir eng Roll wëllen déi dann hei spillen. Du has jo dem Otets seng Mail Adress gefrot, firwat äntwert deen op eemol net méi. Wann et ëm déi normal Aarbecht geet, da sinn der an de Kulisse verschwonn. --Cornischong 23:51, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn eng Fro[Quelltext änneren]

An ech hat mer virgestallt, datt déi Säit géif benotzt ginn, wann een eng Fro hätt (ausser dat Genie vun Otets, deen et fir néideg fillt, topech Kommentaren iwwer déi Säit ze maachen). Firwat steeet dann elo déi Fro (an dat ass eng!!) wéi Musek geschriwwe gëtt op der Säit wou et drëm goe soll, wéi eppes op Lëtezbuergesch heescht???????????????? --Cornischong 00:25, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Ech kann zwar lëtebuergesch liese, mee datt do kann ech net novollzéien. Myriam 00:35, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Du hues e laange Mail kritt. --Cornischong 01:38, 11 Mäerz 2006 (UTC)

"Sou ganz honnertprozenteg schéngt mer deen zwar och net ze sinn,...": Wat fënns de net gutt drun? --Cornischong 23:28, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hat virdrun emol duerchgebliedert, do si mer verschidde Saachen opgefall. Hunn ech mer awer net opgeschriwwen. Wann ech se erëmfanne bass de deen éischten deen dat gewuer gëtt. Waart, ech kucken emol :-) Myriam 23:30, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Kanns de der mol d'Feeler, oder déi Wierder bei deenen s de mengs se géife feelen, opschreiwen. Dat intresséiert mech. Et wier deen éischten Dictionnaire, deen 100 % wier.--Cornischong 23:40, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Wéi sollt et schonn anescht sinn, sou direkt fannen ech et net erëm. Bon, mam feelen ass dat esou eng Saach. Ech mengen et sinn 35.000 Wieder dran, do ass et normal datt dat net komplett ass, mee am Verglach mat deenen aneren Dictionnairen ass dat scho ganz schéi vill, also déi lëtz. mengen ech. Mech wonnert och datt z.B. en Zobel dra steet, mee awer kee Clown, mee ech weess jo och net wéi den Dictionnaire zesummegestallt ginn ass, duerfir halen ech mech zréck. A wéi gesot: ech hunn en haut eréischt kaaft, duerwéinst: mol kucken. Ech bezweiwele net datt den Dictionnaire besser ass wéi dat wat mer bis elo haten (sou wéi ech dat aschätze kann). Myriam 23:55, 15 Mäerz 2006 (UTC)
Op der Säit 148 ass e "richtege" Feeler! Wann s de dee bannen dräi Deeg fënns, da gëtt et e Patt. --Cornischong 00:00, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Merci fir den Tuyau, et wat d'Haftpflicht, ne? Wa jo, da war et wierklech Zoufall datt ech haut drop gefall sinn. Myriam 00:05, 16 Mäerz 2006 (UTC)

De "pf" dee bei Pflicht als Flicht iwwersat gëtt. Wat ech net verstinn ass: wisou gëtt Versécherung mat engem "é" a net mat "ë" geschriwwen? Myriam 00:11, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Et gëtt am Koinè e minimalen Ënnerscheed an der Aussprooch vun "éch" an "ëch", och wa vill Dialekter dee guer net kennen. Wann s du do och keen Ënnerscheed héiers, da maach et wéi ech: "é" virun "ch" an "ë" virun "sch", dann ass et richteg. --Otets ♣ 10:57, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Wéi "Aarbécht". --Cornischong 11:19, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Datt onbetount Silbe weder Accent nach Treema kréien war hei jo net de Problem. --Otets ♣ 13:58, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Gratulatioun: Jo et ass näischt perfekt op deser Welt. Wann een awer net méi huet, da muss alt domatt zefridde sinn.An op eppes muss een sech jo verloossen, wëll soss schreiwt jiddereen wéi e wëllt. Johnny Chicago 00:19, 16 Mäerz 2006 (UTC)

Eng lass & Gëtter vun der Sonn[Quelltext änneren]

Sali. Majo haaptsächlech man ech am Moment kleng "stylistesch" Verbesserungen, nei Këschtercher a sou weider. E richtegen Artikel gëtt et den Owend wuel kaum nach mee nach sinn ech net am Bett :-)

Zu de Gëtter waats de dem Alexandra geschriwwen hues: Ech denken do kann een d'Einzuel loossen, ech wollt deen Artikel souwisou nach eemol ënnert d'Lupp huelen, well déi lescht Versioun déi ech gesinn hat, war nëmmen eng Lëscht.

--Briséisβρισεισ 00:12, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Iwwerschaffte Versiounen: Sonnegott a Lëscht vun de Sonnegëtter separat. Kanns jo da mol luussen :-) --Briséisβρισεισ 01:00, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Nee, Sonnegott kanns du stoe loossen. Et ass méi bei de Kategorien wou mir d'Méizuel huelen. --Alexandra 09:58, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Ah sou, Pardon, dat wosst ech net. Ech hu mir geduecht wa mir schonn esou eng schéi Këscht hunn, firwat mir se net drasetzen..... --Alexandra 10:53, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Wat solle mir da machen, drann oder eraus? Ech wier fir drann. Si huele jo eigentlech net méi Plaz ewech, wéi an aneren Artikelen och wou mir Këschten hunn. --Alexandra 11:01, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Dem Briséis séng Erklärung schéngt mir logesch, ech huele se dann erëm eraus :-)--Alexandra 12:55, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Riedensaarten[Quelltext änneren]

Ah majo do fannen ech et eben net sou wichteg, fir all Riedensart en egenen Artikel opzemaachen, wou dann effektiv nëmmen drasteet wat d'Riedensart heescht. Ech ging mengen, dat kéint een an der Lëscht dann och einfach hannendrunner setzen. Am Stil

  • Wéi een an de Bësch rifft  : Dëst gëtt gesot wann...

Wanns de verstees wat ech mengen :) Ausnam wir hei menger Meenung no (mee mer fällt elo kee Beispill an) wann et eng Riedensart oder e Spréchwuert wir, wou effektiv eng gréisser "Hannergrondgeschicht" huet, da kéint ee schon iwwerleeën e klengen Artikel ze maachen. Mee am anere Fall gesinn ech do kee Grond direkt. --Briséisβρισεισ 00:32, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Hmm jo wat ech do och e Problem gesinn hat war effektiv dass do deelweis Saachen drastungen, déi een op Lëtzebuergesch zwar seet, mee déi een net am deem Sënn Lëtzebuerger Spréchwuert nenne kann (Beispill: Roum gouf net an engem Dag gebaut => esou wierklech "lëtzebuergesch" ass dat Spréchwuert net). D'Vernennwierder hat ech nach net gekuckt, bon dat ass en Thema fir sech op ee soueppes soll hei hunn oder net. Wann do awer wierklech Lëtzebuerger Wierder drastinn, déi soss kee kennt, an déi lo och net aner Leit vrun de Kapp stoussen well se eventuell aus enger Zäit sinn, wou et nach an der Rei war, soueppes ze soen, mee haut nëmmi, da kann déi Lëscht wann se propper gemaach ass, och sou stoebleiwen. Email Adress misst gläich ugewise ginn, ech hat vergiess déi konfirméieren ze loossen. :-) --Briséisβρισεισ 00:49, 23 Mäerz 2006 (UTC)


Zigarettenpreis[Quelltext änneren]

Hallo ich schreib in der Deutschen Wikipedia einen Artikel über die Zigarettenpreise in Europa, es wäre ziemlich nett wenn sie mir sagen könnten was eine Packung Marlboro Zigaretten in deinem Land kosten und wie viel Zigaretten sich in einer Schachtel befinden. Es wäre wichtig das es sich dabei um den offiziellen Preis handelt und nicht um einen Preis von Schachteln die auf der Straße gehandelt werden. Ich danke schon mal im voraus.

Hallo, hat ne Weile gedauert, aber den genauen Preis kann ich dir nicht sagen, das müsste so um die 3,50 sein. Die Preise sind in Luxemburg seit Januar um 20 ct angehoben worden. Ich kann aber demnächst mal nachschauen - wenn du jetzt nicht die Preise von sämtlichen Zigarettenmarken haben möchtest -  ;-)) Myriam 21:35, 27 Mäerz 2006 (UTC)
Danke erst mal für die Hilfe, also wenn es keine zu großen umstände für dich bereitet, ich brauch eigentlich auch nur von den normalen Marlboros den Preis. Es eilt auch nicht wirklich, . das soll mal der Artikel werden, wenn du ihn sehen willst, ist aber noch lange nicht fertig. Tschüss

Also die Marlboro (die normalen, aber ich nehme mal an die die sonst 'light' hiessen auch, kosten 3.50€ im Augenblick. Myriam 22:28, 2 Abrëll 2006 (UTC)

Danke noch mal für die Hilfe. --84.160.189.172 21:07, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Nee, du kanns dat machen, ech hat et just dragesat, well ech gesinn hunn dass giff dru geschafft ginn. --Alexandra 06:29, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Halli. Bei der Amphithea schreifs de "Mythologie" a Klameren hannendrun. Eigentlech schreiwe mer dat Mythologie hust hannendrun, wann et nach aner Leit oder Saache gëtt mat deem Numm, d.h. wann et en Deel vun enger Homonymie ass. Gëtt et hei nach aner Bedeitungen? Ech froe well ech keng fonnt hunn. An deem Fall kéinte mer jo de "Mythologie" silossen. Oder hunn ech eppes net matkritt? --Cornischong 22:06, 4 Abrëll 2006 (UTC)

Alles klaro, da réckel du. --Cornischong 22:16, 4 Abrëll 2006 (UTC)

Partizip II[Quelltext änneren]

Also: Bestueden: si hu sech "bestuet"; spillen: hien huet "gespillt" (do mierkt een et besser). Bei reegelméissege Verben op -den mierkt een et vill manner (well ee mengt, den "d" géif bleiwen): bueden: si huet sech gebuet (!). Bei onreegelméissegen ginn et e puer Zorten: soen: gesot; kommen: si si komm; schéissen: geschoss. Alles klaro? --Cornischong 22:54, 4 Abrëll 2006 (UTC)

schéissen - geschoss, asw. dat ass scho kloer. Fir de Rescht kann ech der net verspriechen datt ech net a nächster Zäit (wéi beim "bestueden" (also an der Schreifweis wuelgemierkt ;-)) net nach Feeler maachen. Ech versiche mäi bescht. Myriam 22:59, 4 Abrëll 2006 (UTC)
Ma dann trainéier emol. Et bleiwen nach e puer Bestueder. Gëff "bestued" an d'Sichkëscht an, da komme se kucken. Ech hunn der lo just e puer bestuet. --Cornischong 23:07, 4 Abrëll 2006 (UTC)

Sali

Ech hu grad gemierkt datt mir en Artikel Artemis (Mythologie) hunn, an den normalen Artemis-Artikel ass eidel. Huet dat e Grond ? Ginn et méi Bedeitunge vum Wuert ? Mir fällt nämlech nëmmen d'mythologesch Bedeitung an. --Briséisβρισεισ 00:39, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Schreifwäisheeten[Quelltext änneren]

Halli. Du hues eist "Sidonie Goossens" nogekuckt an do verbessert. "Hirt Liewen" änners de ëm an "Hiert Liewen". An "hire Grousspapp", "hire Bouf" : Firwat? --Cornischong 11:09, 11 Abrëll 2006 (UTC) A wat um "ënner dem ..." falsch? --Cornischong 11:12, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Ma dat ass léiw. Ech war och laang onsécher mat deem iren/ieren. D'Regel ass: Tëscht dem "i" an dem "r" (an dem "u" an dem "r") gëtt KEE Rëtschvokal gesat (den "e") wann am däitsche Wuert en "ir" oder "ur" virkënnt!!! ("dir" dt. dir, Sie) ("hir" dt. ihre, also en i an en r!!)// Bei d'Mier ass et "das Meer", also KEE Rëtschvokal! Alles klaro?? --Cornischong 22:25, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Ech wëll dech net dierengelen (aha!! ie), mee eng ganz nëtzlech Saach wier, mol den Artikel "Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA" duerchzekucken. Do stinn nach "Saachen" dran. --Cornischong 23:03, 11 Abrëll 2006 (UTC)

Halliu. Am Beckett-Artikel has de no engem Numm gefrot. Lo ass en dran. --Cornischong 11:17, 14 Abrëll 2006 (UTC)

Café Mille Colonnes[Quelltext änneren]

Ech hunn drei verschidden Adressen vum Café Mille Colonnes.

1) an der rue Joseph Junck, ech mengen et war de Café deen den Eck mat der rue de Reims mecht. De Propriétaire war opp jiddefall den Eugène Neu, spéidere President vun der F.S.C.L. (†1934)

2) dann hunn ech rue Dicks, an enger Annonce steet: vis-à-vis vum Kino Marivaux.

2) a fir d'lescht hunn ech och nach d'avenue Adolphe. (dat muss déi heiteg avenue de la Liberté sinn).