Sonnegott

Vu Wikipedia
De Sonnewon vun Trundholm

E Sonnegott oder eng Sonnegottheet ass eng reliéis veréiert Personifikatioun vun der Sonn.

Sou ass et zu enger gudder Partie Legende ronderëm d'Sonn komm, virun allem vill Mythen iwwer d'Motiv vun der "Vermësster Sonn". Obschonn ee meeschtens männlech Sonnegëtter fënnt, déi mam "Géigner" dem Moundgott Famill sinn, gëtt et awer a verschiddene Kulturen och weiblech Sonnegëtter. De Brian Branston argumentéiert zum Beispill, datt d'Majoritéit vun de männleche Sonnegëtter dohier kënnt, datt dat de Fall an deene bekanntste Mythologien (griichesch an egyptesch) ass. Den Dualismus vu Sonn/Männlech/Liicht a Mound/weiblech/Däischtert ass a villen (mee net allen) europäeschen Traditioune vertrueden, déi op orphescher a gnostescher Philosopien baséieren. Eng Ausnam fënnt een do an der germanescher Mythologie wou d'Sonn weiblech an de Mound männlech ass.

D'Veréierung vun der Sonn kann als Originn vum Henotheismus a spéider Monotheismus ugesi ginn. An der 18. Dynastie am Alen Egypten huet dem Echnaton säin Atenismus d'Sonnegottheet Aten als Symbol vun engem eenzege Gott benotzt. Den neolithesche Konzept vun engem Sonneschëff, wou d'Sonn an engem Boot iwwer den Himmel fiert, fënnt een am Alen Egypten mam Ra an Horus erëm. D'Indoeuropäer hunn e Sonnewon. An der germanescher Mythologie ass dëst d'Gëttin Sol, bei de Griichen den Helios an heiansdo den Apollo.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]