Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 3

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Buergkoart[Quelltext änneren]

Rebonjuer ^^ Majo, déi koart woar ass u sech nach guer net färdeg, hat bis elo grad domadden experimentéiert an se fir testzwecker eropgelueden, op ech awer iergendwéi eng interaktiv koart draus maan kann, mee et geet einfach net... lueden eng aktualiséiert versioun dovunner rop, wann ech se komplettéiert hun --JimHawk 12:02, 19 Juli 2005 (UTC)

Kolpech a Koacht[Quelltext änneren]

Halli. Et ass Kolpech. Zu der Kaart: Ech kucken dat nach no, dat war dann éischter hanner-, niewen-, tësche- oder ënnerbewosst. --Cornischong 21:09, 21 Juli 2005 (UTC)

Iwwer Byten an Opléisungen[Quelltext änneren]

"D'Versioun "Lutz net reduz.jpg" ass nach ëmmer just hallef esou grouss wéi dem Zinneke säin Original. Du häss et also besser "Lutz awer reduz.jpg" nenne sollen." Sou, lo hunn ech iwwer eng Stonn mat der Kaart verbruecht (ech hu jo weider näischt ze maachen), a mam Photoshop munneg Bildformater duerchgeholl, se iwwer TIFF gespäichert an esou weider. Dann hätt ech lo mol gären eng Äntwert: Wéi grouss (Opléisung, Bytegréisst a Späicherplaz!!!) war dem Zinneke säin Original? A wéi grouss war ((Opléisung, Bytegréisst a Späicherplaz!!!)) d' "Lutz net reduz.jpg"? Da ka mäi Photoshop, den Irfanview an den Windows Esplorer anscheinend net méi zielen. --Cornischong 16:20, 22 Juli 2005 (UTC)

Ech hunn dat emol nogesicht (et hëlt ee jo gären deen aneren d'Aarbecht of :))

  • Zinneke: 1600x1200, 666978 Byte, 180 dpi (hei)
  • Cornischong: 800x600, 438291 Byte, 180 dpi (hei)

Wann een natierlech net dem Zinneke säi Bild, mee just den Tëschethumbnail vum Zinneke sengem Bild beschafft, da kann et jo näicht ginn, egal mat wéivill Programmer ee sech drumécht (klick uewen hannert "Zinneke" op "hei" an du mierkst, wat ech mengen - op d'mannst, wann s de keen IE gebrauchs, well dee verklengert alles automatesch an du muss dann d'Bild späicheren a Photoshop ukucke fir et an Originalgréisst ze gesinn). --Uditex 17:04, 22 Juli 2005 (UTC)

Besser hätt ech et och net soe kënnen. --Otets ♣ 17:53, 22 Juli 2005 (UTC)

"well dee verklengert alles automatesch" - Nee, besser kann een dat net soen. Lo huet d'Bild jo 1650951 Bytes, dat wäert jo duergoen. --Cornischong 21:56, 22 Juli 2005 (UTC)

Stëmmlagen[Quelltext änneren]

De "Kontraaltsängerinnen" ass iwwerflësseg, dee gëtt et net. Merci. --Cornischong 21:25, 23 Juli 2005 (UTC)

Ech weess, et ass einfach mat eppes d'accord ze sinn. Ech hu keng Ahnung, wéi dat ze maache wier. Wann et där d'selwecht geet, da misste mer op d'Briséis waarden. Ech hu mer op der de dat Ganzt emol ugekuckt, dat as jo nach méi quokeleg, wéi ech mer et virgestallt hat. --Cornischong 23:06, 9 August 2005 (UTC)

Koarten an aaneren sproochen[Quelltext änneren]

Moien ^^ maaa... u sech wollt ech et sou maan, wéi et och an der gréisseren Atlasen ass... a villeicht och e bessi aus der hoffnung eraus, datt eng aner wiki se mol fir artikelen iwwert eis uertschafften ausléinen kinnt... wann dann alles do op letzebuergesch giff stoen, giffen di aaner dann éischter net maachen (ass mol eng hoffnung ^^, haasen dat, wann di däitsch mengen, hei hätt alles nemmen e franséischen numm) --JimHawk 10:36, 10 August 2005 (UTC)


Salu

eng Remarque zu de Koarten vum Jim Hawk, ech fannen se supergudd, an ech fannen dat un de Nimm vun de Nopeschlänner vu Lëtzebuerg kee Buschtaf duarf geännert ginn.Johnny Chicago 12:12, 10 August 2005 (UTC)

Priester vs Paschtouer[Quelltext änneren]

Merci fir d'Verbesserung vun "liturgesch Gewänner" just eng Saach: och wann et am lëtzebuergeschen komesch ass, mä et gett eng fundamental Differenz tescht Paschtouer a Priester (all Paschtouer as zwar Priester mä nach laang net all Priester ass Paschtouer), dofir géif ech et gutt fannen Priester stoenzeloossen oder e Wuert ze erfannen –Marcus 12:42, 10 August 2005 (UTC)

Jo ok, mee trotzdeem geet dat méi frëndlech! Ech hätt geduet, dess Community hei wier vlait e besse mi frëndlech, mee ären Admin Cornischong weist jo net grad vill Manéiren. Bon egal, deen hei ass elo fort. --Christian 16:32, 18 August 2005 (UTC)

maachen a wëllen[Quelltext änneren]

Halli. Entschëlleg. Lo hat ech gemengt, du wiers schonns op de Juck; a well ech net dervun ausgaang sinn, datt s de mar am Laf vum Dag hei erëmspuks, wollt ech schonns d'Alexandra froen. Ech kucke mer dat "Déngen" emol un. Merci. --Cornischong 00:10, 23 August 2005 (UTC)

Aztekesches II[Quelltext änneren]

Flott, flott, déi Cocoatl-Faarf. Mee, hm. geet et, fir d'Schrëft an der Iwwerschrëft wäiss amplaz schwaarz ze maachen; se ass net gutt ze liesen, well de Kontrast Cocoatl-Schwaarz nat grouss ass. Merci. --Cornischong 00:36, 23 August 2005 (UTC)

Gutt Iddi; mee: Ech war net "dran" an ech hu kee Buch driwwer. --Cornischong 00:45, 24 August 2005 (UTC)

Dat heescht: Ech war nach an der leschter (!) "Musterung", an ech hunn den DVD "Ons Arméi" gesinn; mee dat wat do ze gesinn an ze héieren ass, léisst sech net a Wierder faassen :-) fäert de --Cornischong 00:56, 24 August 2005 (UTC)

Soll ech dem Mariekierch an Tëleetuerm-Commons-Freak-Fetischist eng Anesthesie maachen ier ech en erwiergen? --Cornischong 00:50, 25 August 2005 (UTC)

Fluchhafen??[Quelltext änneren]

Du wars jo zimmlech féx fir déi Säit e bëssen opzefëllen. Sorry, hat de Mëtten keng Zäit méi fir ze schreiwen an hat dofir just de Link (gesaved?) (geséift?) gespäichert. Mee wéi as et dann lo? Flughafen oder Fluchhafen? Ech wëll jo nët fluchen, mee heiansdo as och "Luxemburgisches Sprache, schweres Sprache"  ;-) Myriam 15:56, 2 September 2005 (UTC)

Wou s de Recht hues, hues de Recht. Ech man mech lo mol ewech. Schéinen Owend nach Myriam 16:04, 2 September 2005 (UTC)

Den Här Litfaß[Quelltext änneren]

Un dee géif ech awer net réckele goen, well de Mann "esou " geheescht huet. Déi däitsch Wiki-Neo-Schreifweis-Fetischisten hu sech zuguer beherrscht!! Wann an der däitscher iwwert en Här Meunier eppes stéing, an dee wier "iwwersat", da wiere mär entsat!!! Ech sinn zwar nach ëmmer net begeeschtert mat der "Iwwersetzung" vun de franséischen Uertschaftsnimm (wéi geet et mat der Nopeschuertschaft Zoufftgen?), mee da muss een de franséischen awer an den Artikel setzen, soss weess nu kee méi ëm wat et geet! Datt déi Kierch awer elo bei de Lëtzebuerger reliéise Gebaier steet (!!), geet dat net e bësse wäit? --Cornischong 16:15, 2 September 2005 (UTC)

Wann s de eng Kéier den Tour kris; den Diagramm op der Ierbessenzielerei-Säit misst opgebuert ginn an d'Prognos eventuell ugepasst ginn. Wann ech dem ernmuhl seng Matdeelung vun haut richteg interpretéiert hunn, ass an engem Mount mat e puer Dausend Artikelen ze rechnen.

Nuddelpropositioun[Quelltext änneren]

Merci. Dat sollt nach kommen. Wat praktesch wier: Kuck schonns no deenen Donnéeën fir déi aner "Fabriken" Moschtert, Esseg, Liqueur, wéi ass et iwwerhaapt mat "Tirfor"?, de "Buff", an eventuell déi Fabrike vu "fréier". --Cornischong 00:11, 3 September 2005 (UTC)

Salut, Merci fir déng Äntwert, mee ech sin technesch nët bewandert. Hu mer awer däi Link ugekuckt (ënner eis gesot: ech konnt nët vill domat ufänken). Recht hues de schon wanns de sees déi mannst sin um Wiki gläichzäiteg online ... Mee fir de lëtzebuereschen gëllt dat wuel nët, oder, oder wéi vill Zäitzonen hu mer schon hei zu Lëtzebuerg? Ech hun op allefall festgestallt dat eng ganz Retsch gläichzäiteg um Web as ...

Jo schon, mee du kanns jo awer nët soen dat en Chat net méi séier as. Wann all Mënsch online as, sou wéi elo mat eis geet et scho séier, mee as awer nët mat engem Chat net ze vergläichen, oder? OK, ech wëll net hartnäckeg sin, et as ewéi et as ... esou geet et och ;-) Myriam 22:17, 6 September 2005 (UTC)

Do hues de och Recht, also bleiwe mer dobäi :-) Schued trotzdem Myriam 22:30, 6 September 2005 (UTC) A wat ech vergiess hun: mir geet et wéi dir: Ech verquasselen mech och gäer ... Myriam 22:40, 6 September 2005 (UTC)

A well et keen Chat gët: also hei méng Fro: wou kënns de un dat Kléiblat hannert déngem Nick? Myriam 22:49, 6 September 2005 (UTC)

Use of noncommercial-only images[Quelltext änneren]

Since the goal of Wikimedia is to provide free content, and -NC licenses are not free, my personal feeling is that these should not be tolerated in any project. However, this is only a statement by me, not by the Wikimedia Foundation. We've never published any policy on this, and Jimbo's statement was directed at the wikien mailing list rather than more generally. I would encourage you to discuss this within your community, since my own interpretation is that these images are not allowed on Wikimedia at all, but there is no formal policy stating this. For reasons why the -NC licenses are harmful, please read this article by en:User:Eloquence. Please consider alternatives to just deleting these images. Are the original authors contactable? Can you ask them to relicense their work under a free license? Are alternative images available on the commons: that you could replace them with? Angela 19:56, 13 September 2005 (UTC)

Please see en:User talk:Angela since Jimmy has responded there. Angela 21:44, 13 September 2005 (UTC)

Suite an Interpretatioun dovunner stinn um Stamminet. --Otets ♣ 20:48, 13 September 2005 (UTC)

There's a difference between being prompt and being rash. Image deletion is not reversible, so I would advise caution in checking the license of all images that are to be deleted. Listing them for a week (or however long your deletion process normally is) will give people a chance to ask the author to relicense, to find alternative images, and to ensure that GFDL images are not deleted. I don't think Jimmy's claim that they should be deleted promptly meant they are candidates for speedy deletion with no verification first that they really should be deleted. Angela 23:06, 13 September 2005 (UTC)

Halen déi eis fir Aarschlächer?? (fir et emol frëndlech auszedrécken) --> an der franséischer: Catégorie:Image Non Commercial . Kanns de weg dat Bëttschel emol froen, wat déi Säit (an déi ass net vun haut a gëscht!!) soll. Merci. --Cornischong 19:09, 14 September 2005 (UTC)

Wann deng eenzeg Aktioun ass, fir mech bei der Angela ze beschäissen, 57 % vun deene Fotoen, déi ech geläscht hunn, wiren GFDL, da wäert sech hoffentlech nach eraustellen ob dat sech aoll gelount hunn. Ech iwwerloossen där dann déi aner fir ze läschen, an zwar déi mat der "net-kommerziell" Mentioun. --Cornischong 19:24, 14 September 2005 (UTC)

Ech froen och nach an der Wiki Media no, wéi dat mat den Honnerte Fotoen ass, déi an der franséischer Wikipedia ënner dëse Kategorien ze fanne sinn: "Catégorie:Image Non Commercial" (dat sinn iwwer 600 Fotoen!!!); "Catégorie:Image non réutilisable"; "Catégorie:Image CC-BY-ND-NC" ; "Catégorie:Image non libre" an esou weider. Ah, do fält mer nach e Bild op: "Image:Beauraing JPGr1.jpg" an als Lizenz steet do: "Image sous copyright - L'auteur autorise systématiquement l'utilisation de l'image à condition que son nom (Jean-Pol Grandmont) soit cité et que celle-ci ne serve pas à un usage commercial. / Non free images - The author gives permission to use them only by citing her name (Jean-Pol Grandmont) and for non comercial purposes." --Cornischong 22:19, 14 September 2005 (UTC)

"I confirm that the most active image contributors of the lb-wiki are currently retrieving even their GFDL-images (on purpose, not by mistake). So losing 50% of our images in just one night reveals to have been an understatement. Intervene directly if you want, as my voice is currently not heard anyway by my sysop colleague. --Otets 23:51, 13 September 2005 (UTC) Up to now, we lost already about 6.5% of all our images. About 57% of these deleted images were published under GFDL, but retrieved on purpose but its contributor/sysop. On small wikis one wrong word can have fatal consequences - please liaise directly with the relevant sysop, as tomorrow I will unfortunately not be available and I ignore whether our third sysop will be around. --Otets 00:32, 14 September 2005 (UTC)

"the most active image contributors ... are currently retrieving even their GFDL-images (on purpose, not by mistake": Ëm wie geet et hei??? Soll do den Johnny Chicago mat duerch de Bulli gezu ginn??? - "Intervene directly ...": Soll dat eng Opfuerderung sinn, dee béise Cornischong op de Fouss huelen ze loossen vun der Madamm Angela?? - " About 57% of these deleted images were published under GFDL,": Huet do ee Statistik gefouert iwwer déi 57%. Wou ass se?? - Gesinn ech eleng hei eng perfid Manéier fir mech moralesch op d'Maul ze haen oder ëm wat geet et?? Firwat ginn déi aner Biller ouni Lizenz net geläscht?? Dat sinn emol déi éischt Froen??? --Cornischong 22:56, 14 September 2005 (UTC)

Halli. Guer net schlecht, déi Iddi mat de Méint! --Cornischong 10:39, 20 Oktober 2005 (UTC)

Zu der Hëllef. Mär loosse kee verkommen ;-))) --Cornischong 10:53, 20 Oktober 2005 (UTC)

Ech hunn elo am Hess senger "Luxemburger Volkskunde" ,am Nicolas van Werveke senger "Kulturgeschicht des Luxemburger Landes" an am Dicks sengem Gesamtwierk gekuckt. Alles, awer net dat. Wann ech am "Luxemburger Wörterbuch" nokucken, da kréien ech de Soud. Do steet ënner Fréileng "s. Gecksmount", mee dee fannen ech iwwerhaapt net dran, och net am Supplement. A wou si mer? Staark am Soff, mee soss net uerg (Poutty Stein). --Cornischong 14:30, 20 Oktober 2005 (UTC)

Merci. Ech schreiwen haut nees méi séier, wéi besser gutt ass. Wat sollen déi Leit vu mär denken? --Cornischong 16:37, 20 Oktober 2005 (UTC)

Mountkrateren[Quelltext änneren]

Halli. Wat fir Mountsbedeitunge feelen der nach? Da froen ech no. --Cornischong 09:57, 21 Oktober 2005 (UTC)

Sciencefestivalistesches[Quelltext änneren]

Ech hat dat och gemengt. Mee et ware just d'Fotoen iwwer den ASIMO an de Kräizgank mat de Wercollier Skulpturen (déi näischt mam Festval ze dinn hunn). A wann ech e Samschteg net dohi gaange wier, da géif ech et glat fir méiglech halen, datt mer guer näischt hätten. An zu allem Kombel hunn ech och nach Fotoen iwwer verschidden Atelieren. Déi hunn ech awer mol nach net dragesat, well ech gefaart hunn, ech géif zevill virun de Weenche lafen. A wat liesen ech haut op der Festival-Disk-Säit. Wann ech et sollt richteg verstanen hunn, da war ech zevill fréi un. Wann ech esou Saach liesen, da ginn ech iergendwéi un den Linux-Atelier am LGL erënnert. Hätt ech net besser gehat, ech wier e Samschden och an de Cactus gaang? --Cornischong 13:12, 24 Oktober 2005 (UTC)

Verschiddenes[Quelltext änneren]

Virum d'Jimbo, dee jo fir nei Artikelen zoustänneg ass, kënnt jo nach eis Bürokrätin. Mer haten dach emol eng. --Cornischong 15:39, 24 Oktober 2005 (UTC)

Kréie mär och esou eng schéi Bomber-Këscht wéi déi vun eisen engleschsproochege Frënn, Monni? --Cornischong 23:11, 24 Oktober 2005 (UTC)

Du hues grujelech Recht, mee mat all deem "Déngen", sinn ech nach zu bal näischt komm. Et ass besonnesch déi Vitesse, déi een depressiv mécht. Mat all "Rach a Krach" krut ech bei der zéngte Kéier meng "Chareli-Foto" iwwerhaapt eropgelueden ouni e Preview dovu konnten ze maachen! Dat fresst un de Nerven. --Cornischong 23:03, 25 Oktober 2005 (UTC)

Marokko, Namibien, Südafrika, Angola[Quelltext änneren]

Gudden Owend, Dat si just déi Länner, déi ech nach komplétéieren wëll. Ech muss just nach d'Fotoen a mengem Gewulls rëmfannen.--ernmuhl 15:09, 26 Oktober 2005 (UTC)

Gudden Owend, Ech hu Notiz geholl, dass Du e Lännertemplate preparéiert hues a wou en ze fannen ass. Leider hat ech déi norwegesch Säit schon ugefang an hunn en nach net benotzt. Ech huelen dat no beim nächste Land wat ech opmachen, warscheinlech Dänemerk.--ernmuhl 17:53, 26 Oktober 2005 (UTC)

Gudden Owend, Ech hu weider u Namibien gebastelt. Angola Südafrika a Marokko komme lo un d'Rei. Ech wollt och mat Däanemark ufänken opgrond vu dengem Lëtzebuerger Lännermuster. Mä, do ass Verschiddenes schief gang. Kuck mol no. Merci. --ernmuhl 18:09, 28 Oktober 2005 (UTC)

Literaturarchiven[Quelltext änneren]

Dat kann nach heiter gi mat den Nimm vun deenen Etablissementer. Ech huelen op alle Fall als Titel d' "Originalnimm". Beim lëtzebuerger Modell ass et och kribbeleg. --Cornischong 22:11, 4 November 2005 (UTC)

A jo, lo hun ech geschnallt wei ech dat maachen. merci edit: Naja, awer wuel nach net ganz.. Wanns de wels kucken, ech hun an d'Lecht vun den Schreftsteller den "Bernhard Schlink" dobei gesat. Mee mat engem external link op dei Seit wou ech mein Artikel gemach hun.. Eng aner Method hun ech nach net rausfond Maskil 22:59, 9 November 2005 (UTC)

Ah, ok, lo hun ech geschnallt. D.h. et get mat [[x]] automatech een internen link wann et x schon entzwouch op lb.wikipedia.org get. merci nach eemol Maskil 23:36, 9 November 2005 (UTC)

Hehe, jo dat mat der Infobox waer alt sou eng Sach. Vier eierlech ze sin, ech hun mech hei inspireiert: http://en.wikipedia.org/wiki/Metallica dobei wollt ech am fong keng generell Infobox vier Gruppen, mee awer trotzem bessen mei wei nemen en Bild. Dat hun ech jo och bessen drener gemach Maskil 15:22, 10 November 2005 (UTC)

Inhaltsverzeechnes[Quelltext änneren]

Wat mech awer bessen interesseiert as wei ech en Inhaltsverzeechnes hinkreien. Ech hun zwaer op denen Seiten geluust wou engt as, mee schlau sin ech dobei net gin. Wier frou iwer bessen Hellef. merci Maskil 22:37, 10 November 2005 (UTC)

Georges Wagner[Quelltext änneren]

Dee Mann huet méi verdéngt. Vergläich emol den Contenu vum Link mat deem wat mär do ubidden. Dat ass ënner aller Déngens. Da léiwer guer näischt. --Cornischong 23:35, 10 November 2005 (UTC)

Vitesse pur[Quelltext änneren]

Een Telefonsgespréich, a schonns sprangen der an de Ridoen :-)) . Ma déi zwee si guer keng Synonymen. Eis IPen beglécken eis, wéi ee gesäit, ausser mat däitschen A..lächer och mat skurrilen Definitiounen. Problemrelevant gesinn ass e Redressement en Cours. Nach eppes: Mer mussen awer onbedéngt dem Tageblett säi Lapsus linguae vun haut ënnerbréngen: "Regierungschef Jean-Claude Juncker will scheinbar Licht in die Attentatsserie bringen....." Wann de Juncker weess, wat "scheinbar" heescht, dann ass e Prozess fälleg mengt de --Cornischong 14:01, 12 November 2005 (UTC)

Talk mam Schnékert[Quelltext änneren]

Ech haat och dem Cornischong séng Versioun schon gelies an verstin äer Argumenter. Wéi ech schon op ménger däitscher Benotzer Säit erklärt hun, gesin ech mech als eng Art Verbindungsmann tëscht der lëtzebuerger an der däitscher Wikipedia (Géi mol Kucken).

Nodems ech dem Cornischong séng Begréissung an Argumentatioun awer gelies haat, hun ech mier geduecht, dass ech et awer einfach mol probéire sollt (Dikrech). Vlait wiesslen ech an Zukunft méi dachs tëscht deenen Zwee? Dofir hun ech mir e kléngen Deal iwwerluecht: Ech fäenken un mech méi um lëtzebuerger Wikipedia ze ongagéiren, wann dir méng Fehler verbessert an béid Aaen zoudréckt. Mat der Zäit (hoffen ech) gëtt d'Qualität vun méngen Artiklen dann lues a lues besser an dir braucht iech net méi sou vill ze ploen! ;) Ech méngen awer dass ech trotz Fehler iech eng Partie Arbescht ofhuelen kann well een Artikel ze schreiwen hëllt vill Zäit an Asproch. Mee een ze verbesseren ass eng Saach vun e puer Minuten!

(Daat kéint eng Politik gin, duerch déi dir méi Matarbeschter kënnt rekrutéiren. Déi aal ënnerstëtzen sou déi nei, mee se weisen awer diskret op hier Fehler hin (wann se se ze dachs maachen). Wann dir matt sou enger Methode Reklam maacht (z.b. Haaptsäit), sin manner Leit oofgeschréckt matzemaachen, dir bréngt d'Enzyklopedie no vir an sidd am Dingscht vun der lëtzebuerger Sproch!)

Zwar wäert ech och an noer Zukunft warscheinlech méng Beméiungen op Wikipedia.de konzentréiren, mee wann ech schon vun 50% vun allen lëtzebuerger Adminen begréisst gin, dierf mech daat net kaal loossen! Wéi gesot: wann ech hëllefe kann...

Waat dénkst du?

Wee wees, vlait kritt dir mech jo bekéiert:) --Schnékert 21:06, 13 November 2005 (UTC)

Talk mam Verbindungsmann, oder "dir" an "ech"[Quelltext änneren]

"gesin ech mech als eng Art Verbindungsmann tëscht der lëtzebuerger an der däitscher Wikipedia": - Op däitsch heescht dat: "Außerdem empfinde ich es als Wichtig das luxemburgische Artikel auch auf der deutschen Ausgabe präsent sind, da viele Luxemburger besonders die deutsche Wikipedia oft besuchen."
"Ein weiter Grund ist, dass Artikel die in Deutsch verfasst werden, viel mehr Menschen zugänglich sind als wenn sie auf Luxemburgisch verfasst werden."
"Zwar wäert ech och an noer Zukunft warscheinlech méng Beméiungen op Wikipedia.de konzentréiren": Wann ech dat alles liesen, da sinn ech scho bekéiert.
Mär brauche kee Verbindungsmann mat der däitscher Wikipedia. Wat mär brauchen, dat si Leit, op déi mer eis verloosse kënnen, a keng, déi hire Schläim an all Trach hänke loossen. Bis elo huet sech d'Zesummenaarbecht zimmlech eesäiteg ugesinn. Iwwregens hunn ech haut nach eng Kéier an der däitscher gefrot, fir meng "Gëlle Fra"-Foto ze läschen, well se keng an der däitscher gëlteg Lizenz huet. Ech verdroe keng Leit , déi all zweete Saz mat "warscheinlech" oder "Vlait" garnéieren.
Dann zum Saz: "een Artikel ze schreiwen hëllt vill Zäit an Asproch. Mee een ze verbesseren ass eng Saach vun e puer Minuten" - D'Säit "Wikipedia:Eis Schreifweis" duerchzeliesen hëllt anscheinend zevill Zäit an "Asproch", mee ze behaapten, datt Verbesserungen nëmmen e puer Minutten ewechhuelen kënnt mer e puer Minutte staark vir. Ech well um Enn nach ausdrécklech betounen, datt dësen Text ausschlisslech vu mär staamt, an datt keen Aneren dofir responsabel ass!!! Ech hunn e just heihinner geschriwwen, well den "Ausléiser" op dëser Säit ass. --Cornischong 21:33, 13 November 2005 (UTC)

En Artikel seriö recherchéieren hëlt sécher vill Zäit an Usproch. Mee en Artikel just vun Däitsch op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen geet scho e ganze Krack méi séier. A wann een dann nieft enger Hällewull Schreiffeeler och nach Tippfeeler ze verbessere kritt, dann ass dat näicht méi wat een an "e puer Minutten" esou niewellaanscht aus dem Äermel rëselt. Wat den "Deal" ugeet: et ass vläicht manner bekannt, mee ech si kee professionelle Verbesserer vu Leit déi sech den Artikel "eis Schreifweis" net emol eng eenzeg Kéier wëllen ukucken, mee ech hunn nawell Wëlles och mol eegen Artikelen ze schreiwen an net dauernd den Torschongsmann ze spillen. Domat mengen ech net, datt ech net engem Neien op der lb-wiki mat der Schreifweis ënnert d'Äerm wëll gräifen, bis datt d'richtegt schreiwe fir en eng Gewunnescht ginn ass, mee ech viséieren domat déi, déi all Wëlle fir aktiv un hirer Schreifweis ze schaffe vu virera vermësse loossen. Ech kéint awer - fir am Geescht vun der de-wiki ze bleiwen - e Glieserset ubidde wann de Schnékert hei mat enger substantiell opgebesserter Orthographie Artikele géif schreiwen. --Otets ♣ 11:49, 14 November 2005 (UTC)


Lo wees ech mäint! Dat hun ech net erwaart an et ass mir och net egal. Ech ëntschellegen mech: Fir d'Art a Weis wéi ech dat geschriwwen hun, fir d'Zäit déi ech kascht hun, fir d'Schreiffeeler, den Deal an dofir dass ech den Projet falsch verstaan hun. Ech hun et einfach net sou gesin! Daat mat der Foto deet mir och Leed. Daat war an enger Zäit, wou ech nach méi experimentéire wollt an ier ech ugefaag hun fir Lizenzen duerchzeliesen. Daat war Falsch!

Ech verstin awer net, wisou dat schlecht soll sin, wann ech lëtzebuerger Texter an déi däitsch Wikipedia bréngen. Dat sin einfach verschidden Usiichten. Ech fannen et zum Beispill och net schlecht, wann een Texter iwwersetzt. Ausserdem emfannen ech et net als Schläim waat ech geschriwwen hun. Natirlech kann en alles sou oder sou ophuelen, mee dass daat direkt sou gereizt gesitt muss jo och net sin. Mee déi gutt Recht.

Ech vu mir aus hun daat ganzt méi (ze?) labber gesin. Mee äenneren kann ech dat lo och net méi. Zwar geheien ech lo net d'Béngelen bei d'Tromm, mee wäert ech länger Zäit daueren, bis ech mech hei zeréckweisen. Fir d'éischt muss ech jo baal "eis Schreifweis" liesen. Well daat awer nach daueren kann, war dat hei e relativ kuerzen an onwëllkommenen Gaaschtoptrëtt.

Zu gudder Läscht sollt dir mir awer nach alles soen, wou dir soss nach e Problem mat mir hudd. Egal op daat um däitschen oder um lëtzebuergeschen Wikipedia ass. Well esou e Start brauch ech (wéi dir schéngbar och) kee méi!--Schnékert 18:11, 15 November 2005 (UTC)

De Cornischong hat et just zimmlech iwwel geholl, datt s de em säi Bild vun der Gëllener Fra an d'de-wiki eriwwergeholl has mat enger anerer Lizenz wéi déi déi heen hir ginn hat - dat ass illegal. An ech hat eppes drun auszesetzen, datt s de ugekënnegt has, just Artikelen an enger falscher Schreifweis wëllen an d'Wiki ze setzen, ouni der wéinstens d'Méi ze maachen, "eis Schreifweis" op d'mannst eng eenzeg Kéier unzekucken an no an no a lues a lues besser wëllen ze ginn. Et muss ee jo net direkt vun Ufank u perfekt sinn, mee et ass wichteg, wéinstens de gudde Wëllen ze weisen. --Otets ♣ 18:47, 15 November 2005 (UTC)

Ok, ech hun déi eenzel Lizenzen net gelies, mee ech hun säin Bild, ënnert séngen Konditiounen, wéi hien selwer se ennert d'Foto gesaat haat, op den däitschen Wikipedia iwwerholl. Mäin Fehler war et, dass ech net wosst, dass séng Lizenz net fir Wikipedia zougeloss ass. Mee ech hun séng Lizenz net geännert!!! Daat stëmmt net!!! Ech hun am "gelöschte Versionen anzeigen" gesin, dass d'Foto nach puer mol geännert gouf, mee wann d'Lizenz geännert gouf, war net ech daat! A well ech eng Foto vun engem Admin iwwerholl hun, hun ech och geduercht, dass daat sou stëmmen géif. Mee och hien wosst et net besser: "22:10, 13 September 2005 Cornischong "Image:Gëlle Fra.jpg" gouf geläscht (Noncommercial images are non-free. They are absolutely forbidden in all Wikimedia projects. This has always been the policy and will always be the policy. They should be deleted promptly.--Jimbo Wales 21:31, 13 September 2005)"! Ech wollt daat jo net.

Zur Schreifweis: ech hun mäin Kommentar lo op mannst 10x gelies a fannen e vu Kéier zu Kéier méi domm! Ech hun daat och anescht geschriwwen wéi ech daat geméngt hun. Et stëmmt zwar dass ech d'Schreifweis nach net gelies hun, mee ech hun mir awer well Saachen geprint, fir aus de Blieder ze léiren! Den Text iwwert Dikrech an iwwert den Waasserball wollt ech awer onbedingt direkt schreiwen, vir mäin gudde Wëllen ze weisen. Dofir hun ech daat mam verbesseren geschriwwen, an hun net iwwerluecht waat ech do vu mir gin hun! Daat war e Schoss no hannen! Sou een Dréck kritt dir net méi vu mir ze héiren! Pardon an Äddi bis den Dag un dem ech eis Schreifweis beherrschen!--Schnékert 19:37, 15 November 2005 (UTC)

Näicht fir ongutt. Bis dann deemnächst eng Kéier. --Otets ♣ 19:40, 15 November 2005 (UTC)

Biller am Wartesall[Quelltext änneren]

Da fletsch se léiwer an eng Skizz. Et ass zevill schued. --Cornischong 00:10, 2 Dezember 2005 (UTC)

Schlofe', schlofe', schlofen:
Sét de Wollef zu de Schofen.
Wèrt ir alle mein,
Ir solt schon lange schlofen sein. (aus dem Dicks senge "Wiegenlieder")
--Cornischong 00:35, 2 Dezember 2005 (UTC)

Ech weess zawr nach ëmmer net, wou de Problem ass, mee mat der Zäit fannen ech ëmmer méi eraus, datt nëmmen ech Problemer mat den Ierbessen hunn. Eigentlech hunn ech schonns eng bommesécher Léisung fonnt. --Cornischong 01:36, 3 Dezember 2005 (UTC)

Schéin, datt s de laanschtkënns. D'Alexandra an ech sinn am Dauerlaf vun enger Brennerei bei déi aner. Do leien sécher nach e puer Faassspéin a Gedrëppsels doruechter. --Cornischong 23:19, 5 Dezember 2005 (UTC)

Jo, et feelt de Gesëffsartikelen nach um leschte Perfektiounsschlëff :-) Wonnert et dech, datt hei de Schwaarze Prënz opdaucht? --Cornischong 23:33, 5 Dezember 2005 (UTC)

Bimmel mol un, da kann ech der dat erklären. --Cornischong 23:45, 5 Dezember 2005 (UTC)

Lännerkescht[Quelltext änneren]

Ech probéieren fir se ze gebrauchen. Awwer ech ginn net richteg eens, well ech fannen d'Donneeën net fir dran, wann ech z. B. vu der Lännerkëscht vu Lëtzebuerg ausginn. Warscheinlech machen ech eppes falsch. --ernmuhl 18:30, 6 Dezember 2005 (UTC)

Haaptstadkëscht[Quelltext änneren]

Jo, machen ech. Ech hat gesinn, dass si bei den asiateschen Haaptstied nach iwwerall feelt. --Alexandra 09:26, 7 Dezember 2005 (UTC)