Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 4

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kiischpelt[Quelltext änneren]

Salut

Salut Otets ass et méiglech fir an der Tabell Kiischpelt Awunner a Fläch déi d'Uertschaft betreffen ewech ze maachen Vu dat Kischpelt jo nëmmen eng Gemeng ass a keng Uertschaft , mengen ech, miisst eis Tabell jo fir déi Gemeng geännert ginn. Well fir dat Tabell Gemeng Kiischpelt, deenen anere Gemengentabelle gläicht misst se jo zweefarweg bleiwen, oder nëtt.

Johnny Chicago 17:33, 7 Dezember 2005 (UTC)

Chimie / PSE[Quelltext änneren]

ech hunn elo e Word-Doc opgestallt mat de ltz Nimm, dem Symbol etc fir däi Bot ze fidderen, mee wohi soll ech der dat schecken? --Marcus 12:20, 9 Dezember 2005 (UTC)

de Mail schengt net ze goen... vläicht hëlleft och dathei

< Date goufen erauskopéiert >

méi wäit ewéi 116 brauche mer net ze goen, wat doriwwer eraus geet ass Spekulatioun (Elementer déi et bis elo nach net ginn) a gehéiert also éischter an de Rayon Theologie  ;-) --Marcus 09:01, 19 Dezember 2005 (UTC)

ech propséieren e Standartsaatz ewéi dësen

Abcium (Symbol Ab) ass e  cheemescht Element, et huet d'Nummer 333 am Periodesystem vun den Elementer. 
Seng relativ Atommass ass 123.

d'Atommass steet an der 3. Kolonn, mee fir déi wou dës Zuel tescht £-Zeeche steet muss et heeschen

Déi relativ Atommass vu sengem stabilsten Isotop ass 123.

ech hoffen du kanns ëppes domat ufänken --Marcus 12:42, 9 Dezember 2005 (UTC)

Onbedingt kucke, wat u falschverstanene Schablounen existéiert:

Ech hunn einfach iwwerall Biologie hannendrun geschriwwen fir sëcher ze sinn, dass et zur Biologie gehéiert. Wann et iwwerflësseg ass, kënne mir et och erëm eraushuelen. --Alexandra 00:12, 12 Dezember 2005 (UTC)

OK, Merci :-) --Alexandra 12:41, 12 Dezember 2005 (UTC)

Moldawesch[Quelltext änneren]

Otets, the article has errors (the dialect issue that has been discussed on the english article talk page, again, ASM regulating Moldavian is false, it does not, it regulates Romanian, also the region nordamerika and sudamerika ??). To make it simpler reflect the main idea from this article - A significant number of linguists consider Moldovan language to be identical to Romanian (instead of going into issues like "grai", dialect, which would create again a lot of conflicts, look at the history of this page :)) And really, I don't see any reason for putting cyrillic there, if you do, again, you have to explain where precisely it was used (presenting a lengthy history from the english article), otherwise it comes with disagreement with the constitution of Moldova which says that the language is written in latin script and don't forget that a lot of users don't even have cyrillic fonts installed and they'll get squares or ??? instead of those characters, plus to that given the history of Moldova, we find it offending to have our language written in cyrillic alphabet. Thanks for reading the long message ;)

I will check all this and revert back at latest tonight. --Otets ♣ 10:17, 13 Dezember 2005 (UTC)

Check done and article updated accordingly. --Otets ♣ 10:17, 13 Dezember 2005 (UTC)

Et ass net grad dat selwescht. D'Taxonomie ass éischter de Begrëff fir eng Andeelung, déi kann awer grad esougudd op anere Gebidder optauchen wéi an der Biologie. D'Systematik ass vill méi präzis, an ass en Deelgebitt vun der Biologie. Si klassifizéiert d'Liewiesen no engem bestëmmte System. Vielleicht kinnt den Marcus nach eppes dozou soen ??? --Alexandra 11:27, 13 Dezember 2005 (UTC)

Ok --Alexandra 09:30, 14 Dezember 2005 (UTC)

Falls et der esou Angscht ass...[Quelltext änneren]

... datt een eis eremkritt ass hei nach ebessi Fudder fir de Bot: Präfixe vu Moosseenheeten

Milli (vu lat ...; Symbol: m) ass e Präfix viru Mosseenheeten de fir 10-6 = 0,001 steet, also een Dausenstel. 

<Tabell elo op: "Lëscht vun de Präfixe fir Moosseenheeten">

--Marcus 10:27, 14 Dezember 2005 (UTC)

Ech haat daat net gesin... an well dem Samupc och net schueden. Den Gilles deen daat alles niewelaanscht mecht an vill Zait investéiert kennen ech ganz gudd vum samupc selwer aus. Ech schéecken him emol en Link op wikipedia, denken hien wees nach naischt vun sengem Gléck an wäert sech rieseg freen.

Steve

Naja, un sech ass et mir egal. Ech proposéieren dann emol Systematik (Biologie). Dat ass méi präzis. --Alexandra 20:58, 14 Dezember 2005 (UTC)

Motivationsstéiss[Quelltext änneren]

Wéi kënnt et, datt op menger Diskussiounssäit eppes lant mat: "{{USBundesstaaten}} derbäisetzen an da verschwanne gëllt net." 't ass nawell wouer. Ech hu mech zevill druginn. Entschëllegt. --Cornischong 18:16, 18 Dezember 2005 (UTC)

Fro (natierlech eng speziell)[Quelltext änneren]

Ech fannen "Wéinst hiren historesche Bauten an hiren aussergewéinleche Konschtschätz zitt Bruges ..." Wat mech intrigéiert: Ass et "hiren" oder "sengen". Wann s de mer sees, datt et sous-entendu "stad Bruges" ass, an dowéinst hiren, da gëtt et quokeleg. Esch mat hire vollgestoppte Stroossen, oder Esch mat senge Schmelzen. Ech weess et net (intuitv soen ech Esch mat sengen ...) an ech froe mech, wou ech dat soll sichegoen. Wat mengt de Semiolog? --Cornischong 00:15, 21 Dezember 2005 (UTC)

Kuck emol weg wou d'CAT Peru ënnerkrabbelt. Merci. --Cornischong 19:14, 21 Dezember 2005 (UTC)

Nimm vun Tréierer Bauwierker[Quelltext änneren]

Moien, ech sinn de Moment amgaang eenzel Artikelen zu den Tréierer Bauwierker opzemaachen. Do wier et mir nawell wichteg, datt ech bescheet wees, wéi mir déi Bauwierker dann elo benennen (op Däitsch oder Lëtzebuergesch), fir net dono nees erem un d'Artikele réckelen ze goen. Ech hat d'Thema schonns am Talk Tréier opgeworf, mee ijendwéi ass keen drop agaang. Du kanns Dir dat ganz jo mol am Artikel vun Tréier ukucken. Bai verschiddene Wierker sinn ech mir och net iwwert de Lëtzebuergeschen Numm sécher. Wier fein, wann ech eng Meenung giff kréien. --Tomateus 07:40, 23 Dezember 2005 (UTC)

Merci, ech hunn zwee weider Artikele mam lëtz. Numm elo ugeluecht. Wann ech dann un d'Karl-Marx-Haus kommen, mëllen ech mech nach eng Kéier bei dir fir d'Foto. --Tomateus 11:26, 23 Dezember 2005 (UTC)

Hiwäis --Cornischong 22:36, 23 Dezember 2005 (UTC)

Chrëschtdag vs. Krëschtdag[Quelltext änneren]

Ech wees nët ob's de recht hues mat "Analphabeten", an mengem Diktionär steet Krëschtdag/Chrëschtdag och mat "K". Ech sinn weis de secher mierks och keen Expert an eiser Sproch, genee durfir ginn ech dem Diktionär emmer eng Chance. --mabus 15:47, 24 Dezember 2005 (UTC) Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch vun der Editions St-Paul. Autoren sinn : Rinnen an Reuland. en as vun 1999. Leider ass en nemmen D--> L. Wanns de een Empfehlen kanns ech losen mech gären beroden.--mabus 16:03, 24 Dezember 2005 (UTC)

Geféierlech Redirecten[Quelltext änneren]

Wa mer fir de "Chrëschtdag"-Artikel e Redirect maache mat "Krëschtdag" komme mer jo deenen entgéint déi et mat K wëlle schreiwen. Dat erënnertm ech un déi tranmuselanesch Manéier fir an en Artikel ze schreiwen " Manche meinen, dass .... aber ....". Eng Enzyklopedia schreift, wéi et ass an net wéi et net ass! --Cornischong 19:41, 24 Dezember 2005 (UTC)

Fir déi Ongleeweg steet de Numm vum Allegro am Memorial C 465 vum 19.09.1996 Säit 22307 Johnny Chicago 23:17, 24 Dezember 2005 (UTC)

Den DLW kennt d'Verb "sponseren", an deen deen et mécht e "Sponsor" (!) (-en). E bësse komesch, mee dann huele mer dat. ((wat Saachen)) --Cornischong 19:04, 25 Dezember 2005 (UTC)== Kat==

Ordnungsweise Interwikis[Quelltext änneren]

Hallo,

Ich kann selber die Sourcecode für mein Bot ändern, wenn nötig. Im Moment ist pywikipediabot so programmiert, dass Interwikilinks nach Alphabet der Sprache (nicht Sprachkode) sortiert werden (genau wie auf en: ). Wenn dass nicht stimmt, bitte geben Sie an wie die Links sortiert werden sollen, und ich versuche es umzuschreiben und die Kode zu uploaden, damit alle pywikipedia-bots gleicherweise Interwikilinks sortieren. -- Quistnix 11:48, 26 Dezember 2005 (UTC)

Heutige Kode:

# Which languages have a special order for putting interlanguage links,
# and what order is it? If a language is not in interwiki_putfirst,
# alphabetical order on language code is used. For languages that are in
# interwiki_putfirst, interwiki_putfirst is checked first, and
# languages are put in the order given there. All other languages are put
# after those, in code-alphabetical order.
       
 self.interwiki_putfirst = {
     'en': self.alphabetic,
     'et': self.alphabetic_revised,
     'fi': self.alphabetic_revised,
     'he': ['en'],
     'hu': ['en'],
     'lb': self.alphabetic,
     'nn': ['no','nb','sv','da'] + self.alphabetic,
     'pl': self.alphabetic,
     'simple': self.alphabetic,
     'vi': self.alphabetic_revised
     }

Änderungen in pywikipediabot[Quelltext änneren]

Wenn Sie eine komplette nach lb-Richtlinien sortierte Liste von Sprachkodes auf meine Benutzerseite kopieren, kann ich diese Änderungen "officiell" in pywikipediabot implementieren. -- Quistnix 13:20, 26 Dezember 2005 (UTC)

In Griicheland habe ich die letzte (obere) Liste auf meinem Userpage auf nl: verwendet. Stehen die Interwikis alle auf dem richtigen Platz? -- Quistnix 13:40, 27 Dezember 2005 (UTC)

Gesinn ech dat richteg: An där Zäit wou mär sollten decidéieren wéi dat mam RobotQuistnix soll weidergoen, dréit deen hei ronderëm wéi an der gudder aler Zäit, an deeër d'Boten eis emmerdéiert hunn, ouni dat se ugemellt waren an, (an dat ass et!!) ouni datt ee se well gesinn!!! --Cornischong 16:45, 27 Dezember 2005 (UTC)

Ech war elo fir drëtt op d'Quistnix-Säit mar déi Lëschten ukucken. Ënner deene Lëschte fannen ech keng, déi mat eise "meeschtgebrauchten um Ufank" kéint iwwereneeklappen. Soll dat "'af','be','bg','cs','da','de','et','el','en','es','eo','fr','he','is'" sinn? Dat kann ech mer am Dram net virstellen. Oder "'be','bg','cs','da','de','en','eo','es','et','fi','fr','it','ja','la','lv'"?
Mer wäerten eis jo nach op déi eenege kënnen, déi mer bei wäitem am meeschte brauchen. "de / fr / en / nl". An wann nach een eng aner hätt, da geet et op eng net un. Ech hunn e Problem mat deem Gedéngels, an ech soen et alt. --Cornischong 17:09, 27 Dezember 2005 (UTC)

Am Eescht: Gehéieren "lv" an "zh" zu deenen déi "die häufig von lb-Usern konsultiert werden"? Ech hätt och gär datt dëst Thema endlech "verschafft" ass, mee .... --Cornischong 17:25, 27 Dezember 2005 (UTC)

Also:Ech si gär mat allem d'accord, wat dat Thema weiderbréngt. Well ech net de Mann onnëtz dronke maache wëll mat Sazdréiungen, déi géife riskéieren dat Ganzt ze stéieren kriss de mäi Segen. Maach et, am beschte séier (!!) an: mäi wichtegste Punkt ass deen, datt bei "verstopp Boten" net erëm een dorëmmer spukt. Alt nees e Problem aus der Welt. --Cornischong 17:50, 27 Dezember 2005 (UTC)

"Ech si gär mat allem d'accord, wat dat Thema weiderbréngt." Et ginn an der Wikipedia Saachen, déi mech interesséieren an et ginn op deeër aner Säit Saachen, déi mer "immens" op den Nerv ginn. An hei geet ëm eppes, dat mech (huel mer et net fir iwwel, mee ech drécke mech gär däitlech aus) ganz enorm déck op de Sak geet. Meng lescht Afwierreaktioun virum Explodéieren ass normalerweis déi, datt ech "bekannt ginn", datt ech mat allem d'accord sinn wat anerer (an enger bestëmmter Saach) decidéieren. Hei ass et och dat: Mech stéieren déi Bot-Triwwelereien, wann ech "verstopp Boten" ageschalt hunn. Wann ech gelift !!!!!!!!! Merci. --Cornischong 18:11, 27 Dezember 2005 (UTC)

Zu de Provënzen a Spuenien, solle mir do d'Artikelen (Beispill Madrid) Provënz Madrid nennen, oder Madrid (Provënz)?--Alexandra 17:42, 26 Dezember 2005 (UTC)

Ok, Merci. Ech denken dass et dann mat Provënz Madrid machen, a bei all Provënzen eben Provënz vidru schreiwen. An all Regioun gëtt et jo och eng Provënz mam selweschten Numm, an och oft nach eng Stad mam selweschten Numm. Bei der Regioun steet jo 'Autonom Gemeinschaft' vidrun, bei der Stad dann neischt. --Alexandra 17:52, 26 Dezember 2005 (UTC)

Ech probéieren emol hei eng Opstellung ze machen:

Ech hunn dat emol provisoresch an de Staminet gahaangen. Ech war dorëmmer kucken, wuer een dat Déngen kéint hinhänken, mee ech sinn net op e gréngen Aascht (oppassen: Riedensaart!) komm. --Cornischong 18:17, 29 Januar 2006 (UTC) Spuenien ass an 17 autonom Regiounen an an 2 autonom Stied agedeelt. 7 Regiounen hu just eng eenzeg Provënz, de Rescht ass a méi Provënzen agedeelt, am ganzen ginn et 52 Provënzen (50 + déi 2 autonom Stied). Eng Partie vun de Provënzen sinn a Gemengen agedeelt, anerer sinn fir d'éischt a Comarcas agedeelt (ze vergleiche mat Bezierker) an dann a Gemengen. Et ass e bessse komplizéiert, well d'Spuenier och nach en Ënnerscheed machen an de Gemengen, dat eent sinn Municipios an dat aner Comarcas. Et gëtt och eng Onmass vu Gemengen an all Provënz. Ech denken dass mir villeicht just déi véier Andeelungen solle maachen: Autonom Regiouen oder Gemeinschaften, drënner Provënzen, drënner Gemengen, an zum Schluss Uertschaften an/oder Stied. An dann just di zwou Ausnahmen vun den autonomen Stied (Melilla

Ah jo, hat ech nach vergiess. Et ginn en Partie Gemengen déi just aus enger Uertschaft bestinn a Spuenien --Alexandra 07:53, 29 Dezember 2005 (UTC)

Jo, esou ongeféier. Et ass e besse méi komplizéiert. An Asturien z.B. hues du Regioun un sëch, déi fir d'éischt a Concejosagdeelt ass. Do hues du dann eng Ënnerdeelung déi bei hinnen Parroquia heescht, an do drënner sinn dann d'Barrio (wat e kann mat Stadvéierel iwwersetzen). E Concejo ass ewéi eng Gemeng, mä kann awer och eng eenzel Uertschaft oder Stad sinn, déi awer autonom ass. Op de Balearen sinn et dann Municipios (och erëm wéi bei eis eng Gemeng), mä wat och jeeweils eng Uertschaft ass. Verschidde Gemengen op den eenzelen Inselen hu sech dann och erëm zu enger grousse Gemeng pro Insel zesummegedoen. An et ass bei all eenzel Regioun ëmmer erem anescht. Dofir wäert et och schwéier ginn fir en eenheetleche System ze fannen. Wann ech driwwer nodenken wir et villeicht am einfachsten just d'Katgorieën Regioun/autonom Gemeinschaft, Provënzen an dann Uertschaften ze benotzen. Et kinnt een demno wéi jo och d'Provënzen andeelen a schreiwen: Uertschaft an der Provënz .... --Alexandra 16:24, 29 Dezember 2005 (UTC)

Solle mir dat dann esou machen mat Uertschaft an der Provënz .... an der Provënz an der autonomer Gemeinschaft ...  ? Et misst een se dann och nach all änneren déi vu Madrid --Alexandra 17:29, 5 Januar 2006 (UTC) OK

Dach, iwwert de Wäi hunn ech genug Material. Ech schreiwen den Owend e bessen dobäi --Alexandra 15:20, 27 Dezember 2005 (UTC)

Lëtzebuerger Gemengen[Quelltext änneren]

Wéi kënne mer d'Kaart an der "Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen" nees an d'Rei kréien? --Cornischong 02:26, 3 Januar 2006 (UTC)

Déi Kaart misst de Pear agesat hunn. Mam Frontlueder sinn ech mer net esou sécher ob deen Apparat esou heescht (ech hu Baueren héieren dovu schwätzen, do war et e "Frontlader") a mat der Schéissmaschinn och net. --Cornischong 02:59, 3 Januar 2006 (UTC)

Salut mir hun dräi Gemengen déi net enger Uertschaft entspriechen, Kiischpelt, Préizerdaul an d' Stauseegemeng, déi drài sinn elo OK. Wa spéider der vläicht nach bäikommen , da kann een un en Template denken. De Moment brauche mer keen. Johnny Chicago 09:40, 3 Januar 2006 (UTC)

Protegéiert Deprotectioun[Quelltext änneren]

De Marcus hat gefrot fir den Artikel "Jean-Claude Juncker" z'entspären. Mee dat ass "net esou einfach". Wann ech op "deprotegéieren" klicken, kréien ech "Konfirméiert d'Protectioun" an "Grond fir d'Protegéieren". --Cornischong 15:16, 3 Januar 2006 (UTC)

Bei Windhoek steet eng "Navigatiounsfoussläischt" déi beim Album "Wikipedia:Modeller/Navigatiounsleeschten" an esouguer bei "Wikipedia:Modeller/Infokëschten" net opdauchen. An zwar "Afrikanesch Haaptstied". Wou léisst déi Läischt (!) sech änneren op Windhuk -->Windhoek? Merci. --Cornischong 21:45, 4 Januar 2006 (UTC)

Jo, sinn net esou richteg eens ginn, iergendwéi war d'Schrëft iwwert de Strëch geroden. Kinns du Templaten zerécksetze weg? --Alexandra 13:21, 6 Januar 2006 (UTC)

JO, wanns du wëlls, Merci. Mä ech verstinn nach ëmmer net firwaat Templaten net an d'Box erapassen. D'Schrëft gëtt jo ënnerbrach. Oder ass dat just op mengem Ecran esou? --Alexandra 18:52, 6 Januar 2006 (UTC)

Merci Meng Këscht gesait esou aus:

Dësem Benotzer sen Mammesprooch as Lëtzebuergesch.

oder

Cette personne peut contribu avec un niveau avancé de franç

Do feelen ëmmer hanne Buschtawen déi wéi ofgeschnidden ausgesinn. Mä da leit et warscheinlech u mengem Ecran, wanns du et net geseis. Et misst dir soss bestëmmt opfaalen. --Alexandra 08:40, 7 Januar 2006 (UTC)

Answered at en:user talk:Yurik. Thanks! 02:07, 7 Januar 2006 (UTC)

One more. --207.103.213.227 02:39, 7 Januar 2006 (UTC)
I posted a note in the lb: forum and an answer on my talk page. Not sure what else i can do. --Yurik 15:10, 7 Januar 2006 (UTC)

Ech wëll net onbedéngt doriwwer ofstëmme loossen, awer ech fannen déi "Inhaltsverzeechnes"-Këschtercher total iwwerflësseg, ellen, se huele Plaz ewech an se bréngen näischt. Kéint ee sech dat Gedéngels net spueren? :-) (Cornischong)

Also meng bescheide Meenung: schéngt mer just bei laangen (also richteg laangen) Artikele wichteg ze sinn, ech hunn se bis elo nach ni gebraucht. Myriam 03:07, 7 Januar 2006 (UTC)
muss nach dobäiflécken: bei dengem User talk hun ech se z.B. gebraucht ;-)) (Myriam)

Bureaukratesch photogen TOCe~mailen[Quelltext änneren]

TOC: Komm, mer loossen dat Geseessems einfach sinn. Et mécht ellen an et gët hannen a vir kee Sënn. Wann dann een en Artikel schreift, dee méi wéi 27,5 Wierder schreiwe sollt, an e mengt, et géi ufänken oniwwersiichtlech ze ginn, dann däerf en dat Déngen drasetzen. Photogen: Dat hat ech bis elo nach net gesinn. Eigentlech ganz interessant. De Pinhead ass guer net iwwel, mee déi däischter Auer ........... Beauruokrëtt: ech hunn op der Stamminet-Säit gekuckt, mee (ech wäert ufänke blann ze ginn) ech hun dat net fonnt. A wat hunn "déi Aner" da schonns komme gelooss?! --03:17, 7 Januar 2006 (UTC) Iwwregens ass e Mail an der Këscht. --Cornischong 03:17, 7 Januar 2006 (UTC)

Ier ech op d'Héngerleeder ginn: Am Photogen ass mer eng opgefall, déi technesch "saugutt" ass: "2 Villerscher" --Cornischong 03:25, 7 Januar 2006 (UTC)

Bestëmmungsbicher[Quelltext änneren]

Tjo, ouni Foto leeft emol iwwerhaapt näischt mat de Villien. Et muss ee just uerdentlecher fannen. Wa Rieds geet, datt deen een, mam Kapp ënnen dorëmmer leeft, da kann een eppes domat ufänken. Ech selwer hu ganz grouss Problemer mat deenen eenzelnen Zorten. Dofir hunn ech Matgefill mat deenen aneren. --Cornischong 09:16, 7 Januar 2006 (UTC)

FC Bayern München[Quelltext änneren]

Merci fier d'Ortographieverbesserung!!

Däitsch Nimm[Quelltext änneren]

Mat "(Tréier)" hannendrun mécht et kee Sënn méi (mer linken net drop a kee Visiteur tippt deen "Tréier" tëscht Klamere mat). An ouni riskéiere mer datt eis nach anerer iwwert d'Féiss lafen. Eng quokeleg Affär!

D'Iddi vum Redirect mat däitschen Nimm ass, wann een z.B. nom Georgsbrunnen sicht engem net onbedéngt Hellege Georg-Sprangbur giff afalen. Well de Cornischong ganz vill op Originalnimm hält, hunn ech mat him décidéiert fir ee Redirect zu den eenzelnen Tréierer Artikelen ze maachen. Wat giffs Du da virschloen oder wéi méngst Du datt de Redirect misst ausgesinn? --Tomateus 08:03, 12 Januar 2006 (UTC)

Mokuchsdag[Quelltext änneren]

Salut, Kee Wonner dat d'Diskussiounssäit méi Wieder huet wéi den Artikel selwer. Ech hat versicht e bëssen eppes zesummen ze kréien, mee dat gëtt vill Gesichs a wéineg Resultater wéiss de gesäiss. Ech weess och éierlech gesot net wou ech nach soll kucken. Myriam 13:34, 13 Januar 2006 (UTC)

Vernennwieder[Quelltext änneren]

Hallo, du bass awer och net schlecht am vernenen.Myriam 02:14, 15 Januar 2006 (UTC)

Ech hu mer d'Buch vun de 5000 Riedensaarten, Ausdréck a Vergläicher op d'Long gezunn, dat gëtt engem esou munnesch Iddi. ;-) --Otets ♣ 02:17, 15 Januar 2006 (UTC)

Jo, Sorry, ech wollt dech lo net stressen.

iwwer Meedercher[Quelltext änneren]

Endlech, do bass de jo. D'Myriam huet gefrot wéi mer "jungfräulich" kéinten iwwersetzen. An dat ass net "evident". Et geet ëm Gëttinnen. --Cornischong 23:14, 16 Januar 2006 (UTC)

U wat hale mer eis dann elo ?[Quelltext änneren]

"bei där eng Ausso" Bai elo hum er probéiert eis un déi "offiziell" Schreifweis ze halen. --Cornischong 23:21, 16 Januar 2006 (UTC)

Ech mengen ech brauch déng Hëllef (a punkto DLW) nach e bëssi fir meng läscht Artikelen. Bis ech mer och een zouléen ;-) Myriam 22:39, 17 Januar 2006 (UTC)

De "seuil": Do komme mer anscheinend net laanscht eng lëtz. Déngen: "wann et der méi wéi x sinn", oder "vun x Byte un".

Ech hunn den Zwobot mol dräi Deeg Congé vergonnt. --Cornischong 02:19, 19 Januar 2006 (UTC)

Nee, ech hunn d'Moiren an de Moloch net vergiess, sinn awer gëscht net dozou komm; respektiv haut gëtt et warscheinlech och enk. Ech kucke spéitsdens muer duerno. Versprach :-) Myriam 08:04, 19 Januar 2006 (UTC)

Voilà: Moiren. De Moloch ass fir muer. Ech muss lo nach e bësse schaffen ;-) Myriam 12:23, 19 Januar 2006 (UTC)

Wikifizéirung?[Quelltext änneren]

Salut Otets, kanns du mir soen waat mat enger Wikifizéirung gemengt as?

User:Haasi 19:14, 18 Januar 2006 (UTC)

Kleng Fotoen[Quelltext änneren]

Halli. Mer wäert jo lo awer net mat 5 KB Timberen hei ufänken, déi vu Gemengesäite stamen op deenen kloer e Copyright ass (bei deem net Rieds geet vun "nëmme fir netkommerziell ...). Ech fannen dat eng zimmlech Sauerei!!!!!! Wann dat bei hei ugeet, dann hëlt kee méi dat Ganzt fir serieux!!!! Wann et zevill ass, fir de Fotoapparat an de Grapp ze huelen an op de Knäppchen ze drécken, da soll een dat do si loossen. 5 KB Fotoen, eng Zoumuddung!!! --Cornischong 13:42, 19 Januar 2006 (UTC)

Ech wollt deen Aarmen och elo net schluechten, mee op déi do Manéier Fotoen ze "beschafen" spigelt eng Denkmanéier erëm. Ech wëll net eng Kéier op eng Gemeng Material froe goen, an déi géife mech da froen ob ech zu deene Schmarotzer gehéieren, déi hir Websäit plëmmen. P.S. Kuck emol mat denger "Ënnerschrëft": déi "linkt" net, an dat ass zimmlech £ç&$. Merci. --Cornischong 14:22, 19 Januar 2006 (UTC)

Da loosse mer mol déi zwou sinn. Ech fäerte souwisou, dat eng vu menge Fotoen an déi Timberekëscht kënnt! (Wann nach keen et sollt wëssen:Ech sinn allergesch dogéint, datt schaarf Fotoen an deene Timberekëschte "verluer" ginn. Héieren ech ee soen, majo da muss een drop klicken, da gëtt se méi grouss?? Zu der "Ënnerschrëft": Looss mer et dobäi net och nach iwwerdreiwen. (Du hues jo matkritt datt eis transmuselanesch Frënn a gewëssem Sënn ofgenuebelt goufen. Nëmme gutt, datt mär dem T.... säin Numm net ausschreiwen. --Cornischong 14:35, 19 Januar 2006 (UTC)

Navigatiouns"leeschten"[Quelltext änneren]

Wéi schonns gesot, sinn dat Läischten, wéi "Foussläischten" :-) --Cornischong 14:28, 19 Januar 2006 (UTC)

"der Leisten" ass dem Schouster seng hëlze Form, iwwer déi hien d'Material fir en neie Schung spant an déi "Schungspaner" fir d'Schung a Form ze halen. "die Leiste" kann eng hëlze Baguette sinn oder eng Foussläischt fir net mat der Wichsbiischt d'Tapéit futti ze stoussen. gär geschitt --Cornischong 14:42, 19 Januar 2006 (UTC)

Schwoarzkapptimberevillien[Quelltext änneren]

Fro mol weg de Fotograf, mat wat hien déi Foto gemaach huet (Apparat + Objektiv). Merci. --Cornischong 06:26, 20 Januar 2006 (UTC)

Mol kucken[Quelltext änneren]

Schuet dat s de keng e-mail Adress hei hues. Ech fille mech hei eigentlech ganz wuel, mee dat geet op e puer Käschten. Ech si gär hei, mee misst em des Zäit eigentlech scho laang am Bett sinn fir muer a Form ze sinn. Dat geet op d'Käschte vu menge Kanner a vu mier, haaptsächlech. Schwiereg .... Myriam 23:10, 23 Januar 2006 (UTC)

Dat mam e-mail ofkucken, dat kennen ech. Ech kucken se warscheinlech grad sou oft of wéis du ;-). Mee ech hat gëscht scho probéiert iwwert "Dësem Benotzer eng Email schécken", mee da kréien ech dat hei:
Keng Email Adress
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Jump to: navigation, search
Dëse Benotzer huet keng valid Email Adress uginn, oder well keng Email vun anere Wikipedianer kréien.
Zeréck op Haaptsäit.
Vun "http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Emailuser"

Myriam 07:50, 24 Januar 2006 (UTC)

Gouschteng[Quelltext änneren]

(Dës Diskussioun ass op Talk:Gouschtengen geréckelt ginn)


Iers de an d'Heia geess, lies de jo nach mäin Nuetsgebiet! --Cornischong 01:37, 25 Januar 2006 (UTC)

Ech liesen op der Statistiksäit, mer hätten 7844 Artikelen!?? --Cornischong 01:50, 25 Januar 2006 (UTC)

Sorry, dass ich Dich Deutsch anschreibe, ich hab aber relativ wenig Ahnung über dem Luxemburgischen (das geschriebene verstehen tue ich schon). Danke für die Begrüßung! Kannst Du mein Artikel Kurów auf die sprachliche Richtigkeit überprüfen? Ich hab's auf die Bitte von einem anderen Wikipedianer geschrieben, der will seine ortschaft in allen möglichen Sprachen der Welt beschrieben haben. Danke! Shaqspeare 19:40, 25 Januar 2006 (UTC)

Könntest Du auch meine Benutzerseite lëtzemburgisieren? Shaqspeare 19:47, 25 Januar 2006 (UTC)

Spréchwierder[Quelltext änneren]

't ass geféierlech dem Dicks seng "Sprichwörter" am Original ze liesen, da kann een de Quecksëlwer an d' "Oeren" kréien amplaz an d'Oderen. Ech maachen et niméi. --Cornischong 11:24, 26 Januar 2006 (UTC)

Verbindungs "s"?[Quelltext änneren]

Eppes hunn ech nach net ganz verstan (ënner anerem warscheinlech): wéi ass et mam Verbindungs-S? Wëll heeschen: z.B. "Wanns de" oder "Wann s de"? Heescht: gëtt den "s" ganz aleng gelooss (d.h. Espace vir- an hannendrun)? Oder gëtt en un dat Wuert virdrun drugehaang? Myriam 21:25, 26 Januar 2006 (UTC) (Ortho kanns de gäer verbesseren, si net sëcher op alles richteg ass]

Merci Otets, ech hat nach sou eppes an Erënnerung, ech war mol an engem Cours fir Lëtzebuergesch richteg ze schreiwen beim Josy Braun (iwwert den OLAP), mee dat ass lo och scho rëm min. 5-7 Joer hier an do geet ganz vill verluer wann een dat net reegelméisseg schreift. Myriam 21:43, 26 Januar 2006 (UTC)

Äntwerten[Quelltext änneren]

Also du an de Cornischong (oder heescht dat de Cornischong an du) sinn eigentlech déi eenzeg déi direkt op Froen äntwerten (ouni lo wëllen den Zinneke virun de Kapp ze stoussen. Wat maacht dir eigentlech privat, wann ech froen däerf? Myriam 22:30, 26 Januar 2006 (UTC)

Riedensaarten[Quelltext änneren]

Salut Otets, dat mam Türk ass mol rëm déi üblech Diskussioun (wéi beim "Schéissen Tëmpel", "4 Buschtawen", "2 aarmer Staten", asw). Mee dovun ofgesinn, kanns de mol e Bléck op den Talk bei de Riedensaarte geheien? Myriam 22:59, 27 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn se, allerdéngs just op Däitsch. Dat fannen ech dann awer net esou gudd, well mir jo Titelen ob orginal Versioun hunn --Alexandra 14:06, 29 Januar 2006 (UTC)

Halli. Fletsch emol weg bei der Elsy Foto eng Lizenz dohin, datt net all $ç£& se fir den Déngen hëlt. --Cornischong 17:27, 29 Januar 2006 (UTC)

Wann ee mer gëscht eppes gesot hätt, dann hätt ech och kéinten de Buedem an d'Foussläischt mat de Schung bei der S3, S4 an S5 "esou wäit wéi méiglech" verschwanne loossen. Da bleiwen nach just d'Grade-Fotoen opzehellen. --Cornischong 18:40, 29 Januar 2006 (UTC)

Bonsoir. Hu mer wëlles bei Waffenartikelen eng Zort Këscht anzeriichten? Mat oder ouni Timberenalbum? Oder soll dat einfach als "normalen" Artikel lafen? Ech froen dat, well do ass villäicht nach Munneges op der Broutschéiss. An ech hu mer soe gelooss, do wieren der, déi hir Fotoen net a kleng Këschtercher wëlle setzen, besonnesch net, wann et ëm iwwer 8 Zoll Apparate geet..--Cornischong 17:38, 2 Februar 2006 (UTC)

Gutt, keng Këscht, keng Timberen. Dat deet engem gutt. --Cornischong 23:15, 2 Februar 2006 (UTC)

Schreifweis[Quelltext änneren]

Also schéngt dat trotzdeem net sou einfach ze sinn. Ech gi mer Méi (schreift een dat esou?), mee et freet mech dat déi "Professionell" och hier Schwiregkeeten hunn. Myriam 21:29, 2 Februar 2006 (UTC)

Also fir d'éischt hunn ech mer jo geduecht: sou lo sinn ech erem net gutt genuch an ech kréien erem eng laanscht d'Läffelen. Mee duerno hunn ech weider gelies. Dat ass scho fei(n) vun dir. Ech muss éierlech soen et ass guer net sou einfach lëtzebuergesch ze schreiwen. Wéi gesot ech gi mer Méi, mee dat geet villäicht net ëmmer duer. Mee et mecht mer Spaass hei matzemaachen an all Dag bäizeléieren. Och wann et heiansdo schwéier fällt seng al "Gewunnechten" ofzeleeën (richteg?). Op alle Fall Merci Myriam 23:02, 2 Februar 2006 (UTC)

Ech gi mech geschoen (kann awer net verspriechen dat ech dat net déi nächst Kéier net nach eng Kéier (scheift een dat eigentlech grouss oder kleng?) maachen). Myriam 23:13, 2 Februar 2006 (UTC)
Näischt Apaartes: OK, mee gëtt awer grouss geschriwwen? Myriam 23:22, 2 Februar 2006 (UTC)

Jo, do hues de scho Recht, mee heiansdo stellen ech mer schonn d'Fro: ass dat lo e Substantiv oder net Myriam 23:27, 2 Februar 2006 (UTC) OK, versiche mech drunn ze halen, mee ginn der awer keng Garantie. Ass schonn e bësse spéit. Mee huel mech erem wann ech falsch leien. Myriam 23:35, 2 Februar 2006 (UTC)

D'Fro ass net wéi eppes gechriwwe gëtt, mee wuer! --Cornischong 23:40, 2 Februar 2006 (UTC)

"Deutsches Sprache schweres Sprache", mee fir Lëtzebuergech gëllt dat och. Ech mengen du muss mech nach ganz oft verbesseren. Op alle Falll ginn ech elo "lofen", wéi mäi Bouf oft seet. Myriam 23:44, 2 Februar 2006 (UTC)

Dat muss du nach grad soen, du hues haut iwwerhaapt keen neien Artikel geschriwwen, an esou hu mer der just 4 morer opweises! --Otets ♣ 23:45, 2 Februar 2006 (UTC)

Jo, sou éierlech sinn, ech: ech hat haut keng Loscht méi gehat, hunn méng Kanner eréischt um 09H30 richteg an d'Bett kritt. War awer zwar fuerwëtzeg mee hat awer keng Loscht méi eppes neies unzefänken, just e bëssen ze schnêssen Myriam 23:53, 2 Februar 2006 (UTC)

Dacks an oft: ech mengen do ass d'Saach zimmlech verluer. Maache mäi Bescht, mee ka näischt verspriechen. Hues du Kanner? Myriam 23:59, 2 Februar 2006 (UTC)

Ierbessenzielereien[Quelltext änneren]

"Wikipedia:Ierbessenzielereien; 07:47 . . Otets (Talk) (+37, Respekt!)": do gesäis de wéi mer sinn. Knaps dréckt den Otets e bëssi op d'Tréinendrüs well net genuch nei Artikele bäi komm sinn, a scho schreiwen se all wéi wëll. Si mer net fein? ;-))) Myriam 11:10, 4 Februar 2006 (UTC)

lo bass de mer scho rëm zevirkomm, ech wollt lo och grad de spoiler bei de Superjemp setzen. Myriam 11:18, 4 Februar 2006 (UTC)