Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 5

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer Ënnen[Quelltext änneren]

"Schreift äer NEI Matdeelunge wann ech gelift GANZ ënne bäi! Ganz ënnen heescht: No deem leschten. Merci!" Um Ufank hat ech nëmmen "Schreift äer NEI Matdeelunge wann ech gelift GANZ ënne bäi! Merci!" geschriwwen. Well dat awer iergendwéi onkloer muss gewiescht sinn, hunn ech mer geduecht: Da schreif nach "Ganz ënnen heescht: No deem leschten." derbäi. De Grond ass ganz einfach: Da kucken ech ech "ënnen", an ech weess wat d'Vollek mer verrode wëll. Lo sinn ech schlecht drun: D'Myriam fënnt datt ech dat Ganzt misst ëmdréien, dat heescht, datt een dat Neit misst uewe bäischreiwen. Dat ass, wéi et schéingt, eng Gewëssensfro, déi mech net kal léisst. Ech si mer awer nach net eens, ob dat duerch e "Gottesuerteel" oder Walen ze klären ass. --Cornischong 13:15, 5 Februar 2006 (UTC)

Wiki ass weiblech?Myriam 00:20, 6 Februar 2006 (UTC)

Hues de dem Cornischong säi Commentaire matkritt? Pfff Myriam 00:29, 6 Februar 2006 (UTC)

Wann ech op denger Diskussiounssäit eppes ännere kréien ech deen hei Msg: WARNUNG: Dës Säit ass 36 kB grouss; eeler Browser kënne Problemer hunn, Säiten ze bearbechten, déi méi grouss wéi 32 kB sinn. Iwwerleet w.e.g., op eng Opdeelung vun dëser Säit a méi kleng Abschnitter méiglech ass. Länger Säite kënne mat den Ännere-Links am Text bearbecht ginn, falls dës Optioun an de Preferenzen net deaktivéiert ass.

An anere Wierder, du wëlls datt ech meng Dikussiounssäit raumen. ;-) --Otets ♣ 09:21, 6 Februar 2006 (UTC)

Well ech heiansdo tëscht d'Zeile geroden, hunn ech dat verstan als frëndlech Opfuerdurung, näischt méi dohinner ze schreiwen. Sou an deem Sënn: "Warnung: Där hutt scho genuch op aner Leit hir Diskussiounssäite geschriwwen, halt elo mol léiwer op." Wéi kënnt dat, datt ech dat nach ni op Artikelsäite gesinn hunn, ass dat an de Preferenzen desaktivéiert? --Cornischong 09:37, 6 Februar 2006 (UTC)

Jo, sou kéint een et och gesinn ;-) Ech wëll awer eng Lanz fir eis Artikele briechen, op der Säit "Special:Longpages" gesäis de datt mer ëmmerhin 9 Artikelen hunn déi der esou eng Warnung dohischreiwen. --Otets ♣ 09:44, 6 Februar 2006 (UTC)

Ooooch, SOU wollt ech dat net grad soen :-) Mee dat hëlleft awer ;-) Myriam 09:45, 6 Februar 2006 (UTC)

Jo, dat war nach an der Grënnerzäit. Ech selwer hunn déi Originaldatei net méi. Mee waard emol, Briséis, deen Numm seet mer eppes ............--Cornischong 13:32, 6 Februar 2006 (UTC)

Bei "Holocaust zu Lëtzebuerg" fannen ech "Beda zu Lëtzebuerg". Wat ass Beda? An:Bei der Kategorie Holocaust ass haut e Fragezeichen derbäigesat ginn. Wat ass de Grond? D'Kategorie "Sexologie" heescht elo "Sexualopklärung" . Ënner deeër Kategorie stinn elo zwéi Sexologen, wat hunn déi mat enger Opklärung ze dinn? --Cornischong 19:22, 6 Februar 2006 (UTC)

Salut, ech hu gesinn du hues d'Lëscht vun de Muséen bei d'Wikipedia:Referenztabellen derbäigesat; zwar ënnert "Lëtzebuerg", mee ënnert der Rubrik "Kinoen". Ech hat do scho gekuckt, mee wousst dunn och net sou richteg wou ech se sollt hisetzen. Am beschte wier vläicht direkt ënnert "Konscht a Kultur"? Wat mengs du? Myriam 14:11, 7 Februar 2006 (UTC)

OK, da loosse mer se mol ënnert Verschiddenes stoe bis villäicht engem aneren eng Luucht opgeet. Myriam 14:24, 7 Februar 2006 (UTC)

Krëppelbewegung[Quelltext änneren]

Ech hunn der den Artikel opgemaach an zwéin allerhand interessant Spawecklinken dragesat. D'Schuddere ginn engem duerch Muerch a Schank, wann ee bedenkt, dat mer domat pretransmuselanesch sinn. --Cornischong 18:17, 7 Februar 2006 (UTC)

Et ass méi staark wéi ech - typesch Fraleit ;-) : hëllef mer emol op d'Spréng mat deem "Béibreg"???

Aha, Bitburg. Op d'Iddi an der Wiki ze sichen hätt ee natiirlech misse kommen; wéi war dat mat de Fraleit ;-))) Myriam 23:07, 7 Februar 2006 (UTC)

Ech nach eng Kéier. Solle mer net bei "Kuckt och" am Artikel Musée einfach de Link Lëscht vu lëtzebuergesche Muséeën dra setzen amplaz déi eenzel Muséeën? Myriam 23:14, 7 Februar 2006 (UTC)

Vandalismus[Quelltext änneren]

Kuck emol dem 158.64.116.100 seng Kontributiounen, de schengt eng statesch IP ze hunn, déi kéint menger Meenung no emol blockéiert ginn--Marcus 12:15, 8 Februar 2006 (UTC)

Remarque vun engem deen esou lues d'Flemm mat det lëtzebuerger Wiki agedriwwe kritt[Quelltext änneren]

Den Text deen häi geläscht as gin, huet zu de Karikature gehéiert, an en hat ke Sënn ouni d'Biller. An dann nach eppes zum Toun, ass dat néideg dat Làit virgeworf kréien dat se d'Pensioun hun oder dat se méi Zäit hätten wéi anerer.Viru kuerzem huet nach e gewessen Otets fonnt mir hätten ze vill Adminen, wei mer e Problem haten, war nëmmen een do, an elo kritt dien och nach virgeworf dat hie gehandelt huet.Ech fannen dat hei en eenzegt Trauerspill.

Wann een hei an der Wiki Zivilcourage weist an dat läsche geet, wat vun engem unverantwortleche Matarbechter an d'Wiki gesaat gouf brauch e net vun aneren an de Mound geholl ze ginn.

Wat mech betrefft ech ka meng Zàit och anescht verbrenge wéi an der lëtzebuerger Wiki ze schaffen, obschons ech et ganz flott fannen an der Wiki ze schaffen.

Wann deen iwerhiewleche Toun an déi soi-disant ironesch Remarquen bei Verbesserungen an esou weider net ophéieren, gesinn ech schwarz fir d'Lëtzebuerger Wiki, well domat si schons eng Parti Leit aus der Wiki verdriwwe ginn.Johnny Chicago 16:42, 12 Februar 2006 (UTC)

Do ginn ech dem Johnny Recht, ech war lo bal 2 Deeg net hei an der Wiki (leider, fir mech). Mee wann ech esou eppes liesen fannen ech dat trotzdeem trauereg. Bon, ech hu lo net nogekuckt vu weem dat koum, mee ech hu sou meng Iddi. Ech fanne just mir sollten alleguer mol rëm op de Buedem erofkommen. Den Ament ass hei wierklech eng komesch Stëmmung, an dat soll jo awer net sinn, an ech hoffe jo och dat keen dat wëll. Myriam 22:51, 12 Februar 2006 (UTC)

Effektiv... ech ginn ach ëmmer net Klug aus deem ganzen. Bei den "Neie Säiten" hunn ech der 100 bei de R2D2 (oder wéi dee geheescht huet) derbäigezielt. Mee da raumen ech den Ielesteen nees ewech bis 2 Neier do sinn ;-) --Zinneke 21:08, 21 Februar 2006 (UTC)

Dat schrecklechst[Quelltext änneren]

Also ass et wierklech "Zeen" (ech fannen dat schrecklech, ween huet sech esou eppes ausgeduecht? Dat geet jo duer fir esou eng ze maachen). Bon ech schwätzen et ëmmer nach mat "Sz" aus, mee dat ass jo onwichteg. Mee dat Wuert op lëtz. als "Zeen" ze gesinn dat dee wierlech wéi. (do kann ech mol net méi e Smiley hannendru schécken) Myriam 00:02, 24 Februar 2006 (UTC)


Coucou :) Majo no villem Stress privat a "berufflech" ("studentesch" klengt bessi komesch hihi) hunn ech emol nees e bësselche Rouh a kann mol rem wikipedéieren :) Nierwebäi gëtt um Memoire (dee jo neierdéngs Master heescht an 2 Joer dauert gebastelt :) ) --Briséisβρισεισ 12:51, 24 Februar 2006 (UTC)

Nee si hunn hei de ganze System op d'Kopp gehäit, well alles op engem eenzegen europäeschen Niveau soll sinn. Si nennen dat d'LMD-Reform, a mir sinn déi éischt Versuchskanéngercher. An d'Plaz vun der Maîtrise ass de Master geréckelt, deen sou vill ass wéi eng Maîtrise an een DEA, just dass een nëmmi ka soen "ech well keen DEA, Maîtrise geet mir duer", well de Master egal wéi iwwert déi 2 Joer geet bis een en Diplom an der Täsch huet. Dofir ass meng Arbecht dann elo och duebel sou grouss, dei ech dann am Juni 2007 ganz fäerdeg m --Briséisβρισεισ 15:02, 24 Februar 2006 (UTC)


Et ass mir net opgefall, dass et schonn en CHE gëtt. Mir ass et am Fong egal waatfireen. Du kanns den SUI läsche wanns du wëlls. Den CHE ass jo da scho méi laang do. Wéi geet dat dann eigentlech elo mat dem Admin a Burocrat? Ech kinnt di Saachen nämlech da selwer läschen, a bräicht net dauerend een ze froen. Wéi z.B. och déi aal Kategorien déi ech ersetzen ... asw --Alexandra 12:21, 27 Februar 2006 (UTC)

nei Schreifweis ?[Quelltext änneren]

"genee, awer am Konsens-Koinè" - Soll vun elo u bei all Geleeënheet eng Diskussioun ugoen iwwer eis Schreifweis? Kënne mer eis op déi "offiziell" eenigen oder kënnt et do nach zu Ofstëmmungen?? --Cornischong 15:42, 27 Februar 2006 (UTC)

Wat "d'Haaptuleies vun der Koinè ass", kann s d'eng Kéier mam Jérôme Lulling duerchschwätzen. Bis elo hunn déi meescht sech hei alt un "eng Schreifweis" gehalen. Ech denken, déi meescht wäerten domat weiderfueren. Wann dobäi sollt e Problem sinn, maache mer eng Ofstëmmung driwwer.--Cornischong 16:41, 27 Februar 2006 (UTC)

Salutti Otets, wann ech esou gesi wat déi lescht Stonne bäi komm ass, wars de jo zimmlech aktiv ;-) Myriam 00:30, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Dat nennen ech net vill, vill wier war mer mat de Griichen nach ëmmer gläichop léngen. --Otets ♣ 15:13, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Mat e puer neien Artikelen wiere mir schonn méi no --Alexandra 15:41, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Also ouni der wëllen ze no ze trieden, mee ech mengen et wier gutt wanns du eng e-mail Adress géifs uginn. Myriam 23:09, 2 Mäerz 2006 (UTC)

OK, Merci Myriam 15:03, 3 Mäerz 2006 (UTC)


Interwiki Bot[Quelltext änneren]

Hi. I would like to run interwiki bot on lb:, but apparently there is some issue with getting through the red tape. My bot is already running on 90 wikipedia languages, and soon will pass its 1 million total edits. The bot is standard pywikipediabot bot (i'm one of the developers there). Please let me know what extra steps i need to take to get lb: bot status. My requests is still pending for lb: at this meta page. Please support. en:user:Yurik --66.65.150.103 07:05, 25 Mäerz 2006 (UTC)

In the present case we might indeed help. I worked with Quistnix in order to make the pywikipediabot code fit our specific order for InterMap prefixes. Hence, in principle no run time errors should be possible and a test period is actually not necessary. With respect to the understanding of the "Wikipedia:Bot" rules, I think that it might be sufficient if you would confirm your acknowledgement and approval of our main guidelines, saying that a bot shall be operated only between 23:00 and 8:00 CET with a maximum of 100 edits within 24 hours. Every change effected to the pywikipediabot code in relation to the lb-InterMap-prefix-order is subject to prior approval by the local lb-bot-committee. With your consent I would then take care of the necessary administrative filings and we might get through this swiftly. --Otets ♣ 12:15, 25 Mäerz 2006 (UTC)
Thank you for your quick reply. I see in the code that lb does have its own sorting order, so that shouldn't be a problem. I will have to add some code to actually monitor how many edits get posted to lb wiki - there is no really easy way to do that yet. I will probably start at this in about a week. Thanks. --Yurik 13:30, 25 Mäerz 2006 (UTC)

It will not be a problem if once you will have 110 edits, but the trespassing should not happen constantly and/or be substantially. I will file now your request at "Wikipedia:Bot" and then I need only 2 co-admins to give also their authorisation. --Otets ♣ 13:44, 25 Mäerz 2006 (UTC)

Template / Modeller[Quelltext änneren]

Ass et net méi 'Template:...', ma 'Modell:...', oder hunn ech Dech falsch verstan? JayCeeH 14:34, 27 Mäerz 2006 (UTC)

Am Fall vum "haiteg" läit den DLW falsch! (Dee gëtt jo "heiteg" un). De Pear hat reagéiert; am Josy Braun steet et ausdrécklech dran. Et kënnt vun "haut". --Cornischong 20:30, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Warscheinlech[Quelltext änneren]

Salut Otets, Merci fir d'Äntwert, mee ech géif et gutt fanne wa mer eis géifen eens ginn wéi mer et schreiwen. Dann also awer mat "h"? Ech menge wa mer schonn eng Enzyklopedie opsetzen, misste mer jo d'Wierder eechen, oder? Myriam 20:47, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Mat "h" ass sécher net falsch, op d'mannst bis d'Abiergerung definitiv ofgeschloss ass. Bleiwe mer also dobäi. --Otets ♣ 00:02, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Fluchhafen oder Flughafen?[Quelltext änneren]

Wann ech den historique gudd verstan hun hues du am Dezember vun Flughafen op Fluchhafen geännert. Wann nett, da gëf et weider.

Och wann déi Leit déi an der Uflugschneis wunnen driwer fluchen ass deen Hafen wou e Flug ënnegt emmer awer e Flughafen. --Charel

Vu datt et awer en Hafen ass wou Flich ennegen ass et e Fluchhafen (dixit DLW). Meng Ännerung war also kee Feeler. --Otets ♣ 18:09, 3 Juli 2006 (UTC)

a mengem klenge Wierderbuch vun den 6000 letzebuerger Wieder stét Flughafen. Ass daat Wierderbuch falsch Les Meloures 12:46, 12 Juli 2006 (UTC)

Hallo, ech kan deng sching Sproch net schreiwen, wie man sieht. Ich hab ne Frage: Du hast "Klëppelkrich" verfasst. Was heißt das "Klëppel"? Is das das gleiche wie "Knëppel"? Merci. Viele Grüße --85.197.31.45 22:19, 29 Juni 2006 (UTC) de:Benutzer:Jockl1979

Klëppel misst op Däitsch "Dreschflegel sinn. --Otets♣ 18:09, 3 Juli 2006 (UTC)

Wat et MISST sinn huet eis net z'interesséieren. Mir sinn hei an enger Enzyklopedie, do geet et éischter em Tatsaachen. Well jo jiddereen, dee sech fir Lëtzebuergesch intresséiert säi Wierderbuch doheem huet, brauch en nëmmen ënner Dreschfligel ze kucken, fir ze gesinn, datt den Dreschflegel nieft Dreschfligel och Dreschfléiwel an am ieweschten Eislek Dreschfleel heescht. De Klëppel fënnt den Otets ënner K. Do ginn et e puer Bedeitungen, awer keen Dreschflegel. --Luftikuss 20:42, 3 Juli 2006 (UTC)

Un den Otets. (Ech hunn deen nach net hei begéint?!): Wanns de eng Kéier eng Fro hues, stell se op der "Ech hunn eng Fro" Säit. Et kann ee jo net alles wëssen --Luftikuss 20:46, 3 Juli 2006 (UTC)

Da si mer jo gerett. Oder och net. --Otets ♣ 09:01, 10 Juli 2006 (UTC)

do gëtt vil geschriww awer waat ass mat déne Leit déh nit onbedingt én letzebuerger Wierderbuch hun. (ech hun och ként oder weinstens kén komplett). Wir et nit méh einfach gewiescht Klëppel ze wikifiéieren an do op der Säit d'Erklärung ze ginn. Les Meloures 12:38, 12 Juli 2006 (UTC)

Dach, mee de Luftikuss, deen anscheined aleng d'Äntwert weess, wollt eis se jo op kee Fall matdeelen. --Otets ♣ 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

Ech wéss nit waaterén Piff de steckstoffreichsten ass, hun och vläicht an mengem Liewen nit alles gesinn méh Piff vun Pärd giff ech awer gären fannen . Les Meloures 12:21, 12 Juli 2006 (UTC)

Da muss de e Päerdsziichter froen. Déi Stéckstoff-Informatioun hat ech aus engem Lexikon. --Otets ♣ 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

Rout Bréck[Quelltext änneren]

Hir Faarw krut se, well zër Zäit vun hirer Konstruktioun et just een eenzegt Mëttel géint de Rascht gouf dat dofir gëeegent war, an dat war ebe rout.

Daat ass alt sou eng Behaaptung déh nit onbedingt stëmmt. Et goufen och schon zu déer Zeit Antiraschtfuerwen déh nit rout waren an daat rout waat elo drop ass huet och neischt méh domat zo dinn well si ass jo ereischt virun kuerzem nei ugestrach ginn. Les Meloures 13:04, 12 Juli 2006 (UTC)

Vun deem wat elo drop ass sot ech jo näischt. Sou wäit ech mech erënneren hat ech dat vun der Raschtfoarf an enger Publicatioun gelies. Onofhängeg vun eisem Artikel fënnt een dat och soss um Internet nach erëm. Mee wann s du fondéiert Sourcen hues déi eppes aneschters soen da loossen ech mech och gär beléieren. --Otets ♣ 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

Salut,

Ech hu mer déi Säit vun der Bréck do mol méi genee ugekuckt. Wann eng Hollännerin dat behaapt muss et natierlech stëmmen. :-)) Les Meloures 13:55, 25 Dezember 2006 (UTC)

Sécher ;-) Op alle Fall ass et en Ufank, well aner onofhängeg Sourcen hunn ech zu deem Thema leider guer keng méi erëmfonnt, du war ech da séier nees um Enn. --Otets ♣ 02:35, 28 Dezember 2006 (UTC)

Dat ass jo elo duerch dem Les Meloures seng Hëllef gutt op en Enn gaangen: et war déi bëllegst Antiraschtfoarf déi rout war a gebraucht gouf. --Otets13:01, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Hello, on July 15, I made a request at Wikipedia:Bot for a bot flag for my bot, User:TuvicBot. Because I got no reaction, I made a remark about that on July 22. Another 2 days later, I got an invitation to test-run my bot, to show the changes it would make. I did this, and no objections or reactions appeared at the request page, or at my talk pages. I kept the number of edits low as asked (max 10 a day). This morning, I found out that my bot was blocked without any request at any page to stop, nor any notice towards me. I then noticed discussion at Wikipedia:De Stamminet about the bot, and made a remark and explanation there. Up till now, no reaction has been noted there. Could you take a look at the request and De Stamminet, please? Also, note that have no bad intentions whatsoever, and that questions can be easily asked at my talk page here, or at my Dutch talk page. Thanks, --Tuvic 15:12, 1 August 2006 (UTC)

(P.S. I'm posting this message at the talk page of every sysop here at lb-wikipedia)

Talk: Aloyse Hentgen[Quelltext änneren]

Kanns Du mol an d'Diskussiounsät vum Aloyse Hentgen raluussen. Do muss eppes iwwerschafft ginn. Ech huelen un, Du bass den Auteur an ech iwwerloossen Dir dat. Merci. ernmuhl 09:39, 15 Dezember 2006 (UTC)

Do war de Pecalux wuel scho méi séier wéi ech mat verbesseren. --Otets ♣ 00:53, 25 Dezember 2006 (UTC)

Lëtzebuergesch Nimm vun net-letzebuergeschen Uertschaften[Quelltext änneren]

Gudden Owend. Hei eng Zesummefaassung vun dem Gebrauch vun "auslänneschen Uertschaftsnimm" op de lb-Wikipedia. De Siirk-Artikel hunn ech emol op Sierck-les-Bains geréckelt.

  • D'Uertschaften am lëtzebuerger Land droen als Lemma den Numm op Lëtzebuergesch an der Schreifweis vum Josy Braun sengem Bichelchen. (Well et keng offiziell Schreifweis fir Uertschafte gëtt, ass dat e valabele Kompromëss.)
  • Urtschaften am "Ausland" hunn als Lemma deen Numm, dee se an hirem Lan droen.

Ausname maache mer bei auslänneschen Nimm, déi en allgemeng bekannten Numm op Lëtzebeurgesch hunn (Roum, Tréier, Bréissel, Paräis) Selbstverständlech soll sou wäit wéi méiglech bannent dem Artikel den Uertschaftsnumm "erklärt" Mat allem Drëm an Drun.

  • Redirecten: Bei allen Nimm solle Redirecte gemaach ginn, wa se e Sënn erginn. Esou huet jiddereen d'Méiglechkeet en Uertschaftsnumm ze fannen.

Dat wäert eis erlaben, vun elo un eng eenheetlech Uertschaftsnimm-Politik ze fueren, déi méi iwwersiichtlech ass. Eng iwwergrouss Majoritéit huet sech fir déi Léisung ausgesprach. Et ass natierlech dru geduecht ginn, wann nëmme méiglech, an de respektiven Artikelen op d'Variante bannen den Ënnermondaarten anzegoen, eppes wat bis elo leider zevill vernoléissegt gouf. Déi sech vun deenen Theman ugezu fillen kënne sech selbstverständlech um Opbau vum Artikel Lëtzebuergesch Nimm fir auslännesch Uertschaften ze bedeelegen. --Cornischong 19:39, 9 Januar 2007 (UTC)

Mengs de en neien Artikel oder deen aktuellen, deen s de awer mat engem EnCours warscheinlech fir dech behale wolls? --Otets ♣ 19:58, 11 Januar 2007 (UTC)

Salut

Merci fir d'Info an deeër Saach. Et wier flott wanns de kéins de geneeën Datum vun der Opléisung eraufannen. Wann et der net méiglech ass so mer w.e.g Bescheed op menger Diskussiounssäit. Les Meloures 21:59, 15 Juni 2007 (UTC)

Rebonjour
Merci fir d'supplementar Info ech Kann domatter eraus fannen wat lass war.
Les Meloures 22:12, 15 Juni 2007 (UTC)

haiteg/heiteg[Quelltext änneren]

Salut,

Du hues mech gefrot op een offizielle Grond gëtt firwat ech haiteg an net heiteg schreiwen? Also ech beruffe mech op dem Josy Braun sài Bichelchen Eis Sprooch richteg schreiwen (12. Oplo Säit 22 resp. Säit 85). A wann ech dat richteg matkritt hunn dann ass dat eis grouss Richtlinn bei der Orthographie. Wanns du awer elo wëlls wësse wou de Josy Braun dodru kënnt da muss du dech schonn unn hie wenden. Ech si just der Meenung mir sollten hei versichen esou eenheetlech wéi méiglech ze schreiwen fir datt mir eis net onnëtz selwer dronkech maachen.

Mat beschte Gréiss Robby 15:19, 23 Juni 2007 (UTC)

DLW a Josy Braun schénge sech also ze widerspriechen. Waarscheinlech läit et dodrun, op een dat Wuert als en agebiergert gesäit oder net. Bosseg ass dee Widersproch trotzdem, well den DLW seet e géif sech un déi lescht Consignë vum Sproocherot halen, an do sëtzt menges Wëssens de Josy Braun dran. --Otets ♣ 17:25, 26 Juni 2007 (UTC)

Top Level Domain[Quelltext änneren]

MOIEN

neen souguer fir d'Libanesen ass .lb den top level domain fir Libanesien. Fir Lëtzebuerg ass et .lu Les Meloures 18:58, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Steenueleg[Quelltext änneren]

Zali;

hunn och keen Dictionnaire bei Hand; warscheinlech gëtt et fir déi zwou Versionen Argumenter dofir: Der Etymologie no wier 1 L, der Aussprooch hier wieren 2 L-e "méi richteg". Meng Preferenz geet liicht fir déi lescht, mee dat wëll näischt soen. --Z.

Salut,

Ech huele mer deeër Saach nach am Laf vun Dag un, soubal ech mat menge franséische Fläissaarbechte fäerdeg sinn. Les Meloures 16:12, 15. Abr 2008 (UTC)

Remoien
Dat mat de Punkte beim Land huet geklappt. Mat de Schablounen ass et esou datt een d'Ännerung net an engem Preview ka gesinn. Et muss een ofspäicheren. Wann een se dann nach net gesäit, muss een se nach eng Kéier opmaachen, op ännere klicken an dann e Preview maachen. Da geséis de eréischt op et klappt. ~~

Ok merci fir d'Rootschléi! Globi

Hëllefsäiten[Quelltext änneren]

Gudde Moien, Jo, dat kann ech machen. Hunn am Moment zwar net esouvill Zäit, mä ech denken op e puer Deeg kënnt et jo och net méi un :-) Ech gi mir dat emol ukuken. Dat dierft awer kee Problem sinn. --Alexandra 04:26, 20. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

E schéinen Dag[Quelltext änneren]

"Wéi de Les Meloures eng Kéier virgerechent huet si vun eisen 1.027 Fair use Biller jo Dosene vun där selwer,": Déi Feeschtentrëppelereien do hunn ech guer net gär! Et ass net ganz kontruktiv, deem emgem seng Katz deem aneren op d'viischt Dier ze kieren. Am Rosa Parks-Artikel hunn ech zwee Biller fonnt, déi ech ënner Fair use dragesat hunn. Huet ee mat deenen e Problem?? An ier nach ee mam Qualitéits-Argument hauséiere leeft bei de Rosa Parks-Biller: mer kënne frou sinn, datt mer iwwer déi Fra en Artikel hunn! Ech kann a wëll net nach méi Zäit hei mat Idiotië verléieren. Wann een e Problem mat enger Foto huet, déi ech gemaach oder eropgelueden hunn, da soll dee mer dat soen, a mer net de Katzeemer an d'Genéck schëdden. Dee mam Katzeemer kéim vläicht besser iwwer d'Ronnen, wann deen e bësser manner Opmierksamkeet krit. Wat de Grond ass, datt dee mär mat Klibber hannendru leeft, kann ech mer denken. Et wäert, wann dat Nervegeraaspels esou weidergeet, net méi laang daueren, da ka jiddereen et noliesen. Awer lo geet d'Sonn geschwënn nees op, an déi beschasse Kalzongen kënne mer vun der Léngt huelen. An: Et geet mer iwwerhaapt net drëm, fir deeglaang Diskussiounen ze triwwelen iwwer Lizenzen; dat dierft bekannt sinn!! Den Afenzirkus iwwer déi Timberen ass mer awer laang genuch op de Geescht gaangen. Wa mer eege Fotoe brauchen, da soll ee se maachen oder een dat op d'Säit "Fotoen, déi eis feelen" schreiwen, an da wäert dat schonns an d'Rei goen. E schéinen Dag nach. --Cornischong 03:18, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Et huet keen e Problem mat denge Fair use Biller, au contraire, et geet drëms fir där domat kloer ze man datt s du net all puer Woche Problemer mat der Fair use Lizenz opwerfe solls wann s de jo u sech keng Problemer do gesäis. --Otets09:11, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut. Tjo, fir et (nach eng Kéier ze soen): Et waren deng konfus Erklärungen, déi mech derzou bruecht hunn, e puer Froen ze stellen, déi nach keng Äntwert kruten. An: Da solle mer och net mat Fair use ëm eis geheien. Wou dann déi "Autorisatioun" fir déi Biller ass, hat ech och gefrot. Eng Äntwert krut ech dozou och nach net. Wann der hei net wëllen, datt "all puer Wocjen" de Problem opgeworf soll ginn, da solle se mathëllefen, datt dee Problem sech manner (fir net ze soen, ni) stellt. Sou einfach kann d'Liewe sinn. Wa kee méi onméiglech Krätzbiller eropluet, da wäert kee méi eppes vu Krätzbiller (mer kënnen dat och méi wëssenschaftlech ausdrécken) schreiwen. An dobäi ginn et der, déi bis elo et net iwwer d'Häerz bruecht hunn, mat e puer ganz klengen Ausnamen, engem ze soen "Deng Foto ass technesch komplett niewendrun". Wéi ech dem Misty geschriwwen hat, datt op senger Mubautzfoto 2/3 vum Himmel keng Zeechnung ass, huet deen iwwerhaapt net reagéiert. Wat géing geschéien, wann een, deen eng Anung vu Fotoen huet, déi läscht? Ganz richteg. Genee dat. Sou genuch Getalks fir haut. D'Artikele fille sech vernoléissegt. --Cornischong 09:33, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Bei Saachen hei aus dem Land ass et effektiv einfach selwer Biller ze produzéieren an esou de Gebrauch vu Fair use Lizenzen ze limitéieren. Bei Saache vun auswäerts hu mer als kleng Natioun awer leider net iwwerall e Korrespondent sëtzen. Dofir wäert eng kleng Wiki wéi eis, wa se dann nach weiderhi Wäert drop leet, eng vun deenen ze sinn déi am Beschten illustréiert ass, net ganz laanscht Fair use Lizenze kommen. Wa mer awer do elo ganz streng bei der Justificatioun kontrolléiere sollen, da mécht de Justificatiounspunkt "eng méi eng kleng Resolutioun oder eng manner gutt Qualitéit wéi d'Original" där sécher am mannste Freed, well dat fuedert Biller mat enger Hautkränkt jo grad eraus. Wat d'Autorisatioune froen ugeet, do hunn ech jo scho geschriwwe gehat, du solls mer soen, wéi een da beweise soll datt ee wierklech eng Autorisatioun huet, an do sinn ech et dee keng Änwert krut. Där mat Recommandé eng vum Notär legaliséiert Kopie vun der Autorisatioun schécken? Bei jidderengem dee behaapt et wier seng eege Foto eng schrëftlech Attestatioun vun zwee Zeie froen? Oder wéi bis ewell jidderengem Glawe schenken, ausser et gëtt Unhaltspunkter datt do eppes net stëmme kann? Also ech tendéiere fir déi lescht Solutioun. Gudden Appetit. --Otets10:08, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Éischt Schrëtt[Quelltext änneren]

Ech sinn am gang dat nozekuken, et schéngt mir op den éischte Bléck richteg ze sinn. Ech iwwerpréifen nach eng Kéier alles. Et wäert un enger Klengegkeet leien. --Alexandra 06:18, 30. Mee 2008 (UTC) Et misst elo goen. Et muss en all Kéiers den Numm vun der Säit nach eng Kéier aginn beim Switch, ier ee mat den Ënnerandeelungen weiderfiert. --Alexandra 06:27, 30. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Salut

Zum Fair-Use:

  • Mer hunn eng Schabloun, du brouchs dofir keng nei mé ze maachen. Et geet vläicht duer déi al ëmz'änneren oder ze kompletéieren.

Les Meloures 17:43, 31. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Jo, dat ass eng gutt Fro, mer mussen dat op de Stamminet bréngen. Ech kennen een dee sech "si tacuisses" wäert soen. --Otets12:04, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Referenzen[Quelltext änneren]

Gudden Owend,

Well anscheinend net jiddereen Zäit huet fir d'Getalks ze liesen an op Froen ze reagéieren, a fir bei der Aktualitéit ze bleiwen, setzen ech emol jiderengem deen an de leschte 24 Stonnen aktiv war dës Info déi och um Staminet ze fannen ass op seng Säit.

De Playmisty hat dës Fro gestallt:

Referenz small -- kéint een dat nët an de Modell Referenz direkt aprogramméieren?).

Ech hunn du mol bei de franséschen an däitsche Nopere gekuckt wéi dat bei deene fonktionnéiert. Komescherweis ginn d'Referenzen do a Klengschrëft ugewissen wann se déi selwecht Programméierungszeeche wéi mir gebrauchen. U wat et läit, datt et bei ons a Grousschrëft ugewise gëtt, hunn ech awer net erausfonnt.

Dunn hunn ech probéiert fir eng eege Schabloun ze bastelen:

D'Resultat an den Ënnescheed gesitt der hei ënnendrënner mat der Syntaxt derbäi

<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner <references />

gëtt dat heite Resultat:[1]

  1. De Pitt ass do
<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner der neier Schabloun {{Referenzen}}

gëtt dat heite Resultat:[1]

Referenzen

  1. De Pitt ass do

Les Meloures 20:28, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Ech hu gesinn du has do mat prettytable probéiert, a gläich duerno festgestallt datt et net klappt. Dat kann awer och dru leien dat de System d'Informatioun eréischt bei dem nächsten Update iwwerhëlt. Vläicht nach eng Kéier asetzen an dann 2 Stonne waarden éiers de probéiers.

Les Meloures 08:14, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci villmools, et lung effektiv just dodrun, elo klappt et! --Otets10:59, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Meisterkoch an aner Benotzer[Quelltext änneren]

Salut,

Merci, fir d'Hëllef beim Entspäre vum Meisterkoch. War haut net richteg op Zack. Les Meloures 21:52, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Kee Problem, dat ass jo de Wiki-Prinzip. --Otets23:34, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien. "Schéin datt s du dech wëlls ëm d'Qualitéitssécherung këmmeren." Dat liest sech gutt, nodeems ech ënner Bammbelbi ageloggt war, eppes kritiséiert hunn, a vun engem PlayMistyForMe "nach nët definitiv Transvestiten" definéiert gouf. Ass dat den Tounfall op dëser Wikipedia? An deem Fall wënschen ech nach e schéinen Dag. Mat deenen Ëmganksforme wäert der sécher e grousse Succès hunn. Carlo Winandy

Schreifweis op Diskussiounssäiten[Quelltext änneren]

Du hues mir folgende Message geschéckt: Feeler an Artikele gi verbessert, deng Feeler déi s du hei driwwer op der Diskussiounssäit schreifs loossen ech awer stoen. Artikele sinn am Koinè gehalen, awer op Diskussiounssäiten ass Dialekt erlaabt. Mee net all Fantasieschreifweis ass en eegenen Dialekt, well och d'Dialekter hu sech strikt un d'Regele vum groussherzogleche Reglement vum 30. Juli 1999 ze halen. Och där nach vill Gléck mat dengem Boykott. --Otets ♣ 00:25, 19. Jun. 2008 (UTC)

War dëse Message wirklech fir mech? Wa jo, vu wellechem Boykott geet do riets? Ech hunn nach nie iergend eppes vun iergendengem Boykott fale gelooss. --Pecalux 04:51, 19. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Bewe(e)gung[Quelltext änneren]

Kéinst du dir dëst emol ukucke w.e.g..--Fliedermaus 15:22, 24. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Gespaart Säit[Quelltext änneren]

Moien Otets,

merci fir deng Äntwert um Cornischong senger Säit. Di ganz Saach ass e bësschen delikat, kanns de mer w.e.gl. kurz mailen? Merci, Sandra

Casinoslizenz[Quelltext änneren]

Moien Otets,

ech hat virdrun zoufälleg däi Casinosbild gesinn an et an den Artikel dozou gesat. Elo gesinn ech ... d'Lizenz, déi, wéi aus dem Fazit vun der homerescher Summerdiskussioun ervirgeet, vun Där ëmgeännert misst ginn - 't wier jo schued, den Artikel giff ness plakeg do stoen...

--Zinneke 20:21, 8. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Am Summer gouf virun allem iwwer "nd" geschwat a manner iwwer "nc", mee loosse mer alt net esou sinn, ech änneren déi dann. --Otets12:29, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Änneren. "nc" stung duerchaus och an der Diskussioun, cf. dem Thogo seng Bemierkungen (am Stamminets-Archiv vum Juli) - mee net dass de mengs, ech willt Thema elo nees opmaachen ;-) --Zinneke 12:42, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech kennen dem Thogo seng Bemierkung, grad wéi och dem Jimbo seng virun e puer Joer, mee sou wäit ech weess huet d'lb-wiki (well se wuel ni vun Hardcopy- oder DVD-Publikatioune betraff wäert sinn) do éischter eng Asterix-Haltung ugeholl, grad wéi beim Fair use. Enfin, ech hunn de Casino jo elo ënnert eng komplett fräi Lizenz gesat, ech hu mäi gudden Dag. ;-) --Otets12:52, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

lb interwiki order[Quelltext änneren]

Hi, Otets. Is there a page where I can check the interwiki link sort order for this Wikipedia? I'd like to update Pywikipediabot with the latest language additions. Thanks, Malafaya 14:30, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Indeed the order remains the same and should be as quoted by Otets on Benotzer Diskussioun:Malafaya. Do not hesitate to contact me for any further question on this topic. --Robby 16:00, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Current interwiki order is (sorry for pasting it here):
       # A sorting order for lb.wikipedia worked out by http://lb.wikipedia.org/wiki/User_talk:Otets
       self.alphabetic_lb = ['aa', 'af', 'ak', 'als', 'am', 'ang', 'ab', 'ar', 'an',
           'arc', 'roa-rup', 'frp', 'as', 'ast', 'gn', 'av', 'ay', 'az', 'id', 'ms', 'bm',
           'bn', 'zh-min-nan', 'map-bms', 'jv', 'su', 'ban', 'bug', 'ba', 'be', 'bh', 'mt',
           'be-x-old', 'bi', 'bo', 'bs', 'br', 'bg', 'bxr', 'ca', 'ceb', 'cs', 'ch',
           'chr', 'chy',
           'ny', 'sn', 'tum', 've', 'cho', 'co', 'za', 'cy', 'da', 'pdc', 'de', 'dv',
           'nv', 'dz', 'mh', 'na', 'el', 'eml', 'en', 'es', 'eo', 'et', 'eu', 'ee', 'to',
           'fab', 'fa', 'fo', 'fr', 'fy', 'ff', 'fur', 'ga', 'gv', 'sm', 'gd', 'gl',
           'gay', 'ki', 'glk', 'gu', 'got', 'zh-classical', 'hak', 'xal', 'ko', 'ha', 'haw', 'hy', 'he', 'hi', 'ho', 'hsb',
           'hr', 'io', 'ig', 'bpy', 'ilo', 'ia', 'ie', 'iu', 'ik', 'os', 'xh', 'zu', 'is', 'it',
           'ja', 'kl', 'pam', 'kn', 'kr', 'ka', 'ks', 'csb', 'kw', 'rw', 'ky', 'rn', 'sw',
           'kv', 'kg', 'ht', 'kj', 'ku', 'lad', 'lbe', 'lo', 'ltg', 'la', 'lv', 'lb', 'lij', 'lt', 'li',
           'ln', 'jbo', 'lg', 'lmo', 'hu', 'mk', 'mg', 'ml', 'mi', 'mr', 'mzn', 'chm',
           'cdo', 'mo', 'mn', 'mus', 'my', 'nah', 'fj', 'nap', 'nds-nl', 'nl', 'cr', 'ne', 'new', 'ce',
           'pih', 'no', 'nn', 'nrm', 'nov', 'oc', 'or', 'om', 'ng', 'hz', 'ug', 'uz', 'pa', 'kk',
           'kk-cn', 'kk-kz', 'kk-tr',
           'pi', 'pam', 'pag', 'pap', 'ps', 'km', 'pms', 'nds', 'pl', 'pt', 'ty', 'ksh', 'ro', 'rmy', 'rm', 'qu',
           'ru', 'se', 'sa', 'sg', 'sc', 'sco', 'st', 'tn', 'sq', 'scn', 'si',
           'simple', 'sd', 'ss', 'sk', 'cu', 'sl', 'so', 'sr', 'sh', 'fi', 'sv', 'tl',
           'ta', 'kab', 'roa-tara', 'tt', 'te', 'tet', 'th', 'vi', 'ti', 'tg', 'tpi', 'cv', 'tr',
           'tk', 'tw', 'udm', 'uk', 'ur', 'vec', 'vo', 'fiu-vro', 'wa', 'vls', 'war',
           'wo', 'wuu', 'ts', 'ii', 'yi', 'yo', 'zh-yue', 'cbk-zam', 'diq', 'zea', 'bat-smg', 'zh',
           'zh-tw', 'zh-cn']
Missing codes include (there could be others): myv, ext, hif, gan, kaa, mdf, sah, szl, srn, stq.
I suggest you guys maintain this list somewhere in this Wikipedia, and once in a while update it (when new codes emerge). This would make maintaining this custom sort order much easier. Thanks! Malafaya 19:13, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
P.S.: I was wondering what happens to languages not in the above list. I got the answer in Extremadura. Check that language ext got placed at the bottom. Cheers, Malafaya 19:19, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
gudd Iddi mat dem Test n der Sandkaul, ech wollt dat och elo esou ugoen, mee du wars elo méi séier Robby 22:08, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Kategorien[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, Ech giff bei der Kat 'Staatspresidente vu Russland' bleiwen. Da si mir eenheetlech. Mir hate jo schonn driwwer diskutéiert an och scho vill (leider nach net all) Ännerunge gemacht wat déi 'no Länner Kategorien' ugeet. Dach bei de Sänger géing ech och gudd eng Ënnerkategorie no Länner gesinn. Ech hu gesinn, dat zum Deel d'Sänger schonn ënnerdeelt sinn. Et misst ee just nach déi eenzel Kategorien: Däitsch Sänger, Franséich Sänger.... asw an d'Kat. Sänger no Länner setzen. --Alexandra 11:27, 10. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Gutt, da maachen ech dat esou. --Otets15:12, 10. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hat déi Këscht eng Kéier iwwersat, wéi een dono gefrot hat. Du hues natierlech Recht mat denger Remarque, mee well alles, wat Programméiern ass, net esou Ménges ass, hunn ech, no e bëssen Ausprobéieren, leider net erausfonnt wat op der Säit Schabloun:Benotzer SUL misst g'ännert ginn. Vläit kennt soss een sech aus... --Zinneke 08:57, 24. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

wann een déi Schloun mat dem Parameter lb benotzt da fonctionnéiert d'Schabloun och korrekt also:{{Benotzer SUL|lb}} och wann dat op der BenotzerSàit op der lb-Wikipedia wéineg Sënn mécht well de Link dann nees op der eegenr Benotzersäit ukënnt an et mierkt e mol net datt eppes geschitt ass --Robby 09:19, 24. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Traduction en Luxemburgeois de fr:Martin Weinek e fr:Kaspar Capparoni[Quelltext änneren]

Bonjuour à toi et saluts de Campora San Giovanni. Je t'écris au sujet des articles d'une série de la télévision policière connue: Kommissar Rex. Pour mieux dire des acteurs principaux de la série internationale. Martin Weinek et Kaspar Capparoni. Weinek est le vétéran de l'Autrichienne sérieuse, maintenant membre effectif de la série exploitant agricole international, ainsi qu'excellent et théâtral, et un viticulteur expert. Capparoni est le new entry de la série, mais il a déjà travaillé et il travaille pour productions internationales et avec des metteurs en scène célèbres, je cite entre tous: Dario Argento. Je pense que la série arrivera d'ici l'hiver 2008 merci aussi au Rai International, qu'il viendra transmis en 150 pays et en plus que 60 langues entre lequel le Luxembourgeois. Naturellement si tu m'aides en ceci, je rendrai vraiment le service qui en traduit une biographie ou un article géographique en italien et Sicilien. En effet sur l'édition italienne ils sont biographe et géographe. Dans l'attente de ta certaine réponse je te remercie en avance et je te salue de Campora San Giovanni, mon village natal. Merci encore pour la patience et la compréhension. --Lodewijk Vadacchino 11:43, 24. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

P.S. Je n'ai pas compris quel qui tu as ecrit en luxeburgeois.--Lodewijk Vadacchino 11:43, 24. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Adleg Nimm[Quelltext änneren]

'Nowend,

Mengs de déi hei: Wikipedia:Nummkonventiounen#Keeseren.2C_Kinneken_an_aner_Herrscher? --Zinneke 20:08, 25. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Hackerspace.lu[Quelltext änneren]

Salut,

Ech wollt kucken, ob dir als lëtzebuerger Wikipedianer scho vun der Hackerspace Initiative matkritt hutt? Waat mir viir hunn a wéi wäit mer sinn, etc.. steet op eisem Wiki, mee ech wollt einfach och mol iech alueden fir och vun desem (leider ëmmer nach potentiellen) Hackerspace ze profitéieren. Ech wees net ob a wou dir iech heiansdo emol ennereneen träfft, mee vläit wier et och fir iech interessant als Wikipedianer eng "Homebase" ze hunn wou dir iech regelmässeg träffe kéint, aaner Leit mat ähnlechen Interessien fannen, eng Infrastruktur virfannt, etc...

Loosst mech wëssen waat dir vun der Saach haalt! --Clausekwis 09:51, 3. Okt 2008 (UTC)

Nei Messagen[Quelltext änneren]

TESTMESSAGE --Pecalux 16:50, 13. Okt 2008 (UTC)

Also bei mär gëtt alles korrekt ugewisen: "Dir hutt nei Messagen (lescht Ännerung weisen)." Edit: ech gesinn elo datt de Robby dat gefléckt huet, e Merci un heen! --Otets ♣ 09:21, 14. Okt 2008 (UTC)

Verwiesslung[Quelltext änneren]

Moin,

Well ech dem Hackerstiwwel seng Diagnos einfach genial fannen, wollt ech Iech als "Macher" hei um Board mol drems bieden,äre Mataarbechter e bessen op t´Fangeren ze klappen. Definitiv :Den Azeton as net de Cornichong !!! Dofir wier t´Iddi fir mat Webcameraen ze schaffen guer net esou schlecht. Da géif sech nämlech weisen - emol vun e puer domme Binetten ofgesin - dat hei verschidde Profilneurotiker sech em hir eegen Achs dréien. Et kann een awer och ouni Camera feststellen, dat déi zwee Useren A an C net identesch sin. Et get jo sou eppes wéi eng IP-Nummer, gell. T´géif mech wonneren, wann Dir net de Moyen hätt, fir déi nozekucken. Wgl, dit mer de Geefaalen. Ech hun näischt ze verstoppen. Bei aaneren sin ech mer do net esou sécher !

schéine Bonjour Azeton 14:05, 16. Okt 2008 (UTC)

Bonsoir de nouveau. Comme tu peux voir j'ai écrit l'article le Luxembourg en Sicilien, j'ai allunguato ou mieux le d'un beau bout. Je pense que ce soir j'écrirai à la limite toujours l'article sur Luxembourg Ville en Sicilien. S'il vous plaît maintenant tu pourrais te dédier à traduire en Luxembourgeois fr:Martin Weinek et fr:Kaspar Capparoni. Je la volonté je l'ai mise, je te le demande comme service personnel, pas pour autre. je te remercie en avance.

Gutes Abend nochmal. Wie du sehen kannst, schrieb ich Sizilianer den Artikel Luxemburg, ich habe ihm im Gegenteil allunguato von einem schönen Stück. Ich denke, daß ich den Artikel heute abend höchstens immer auf Luxemburg Stadt Sizilianer schreiben werde. Bitte du könntest dich jetzt widmen, in Luxemburger Martin Weinek und Kaspar Capparoni zu übersetzen. Ich stellte der Wille ihn, ich bitte ihm dich um wie persönlichen Gefallen, nicht für anderes. ich danke dir vorzeitig.--Lodewijk Vadacchino 16:17, 20. Okt 2008 (UTC)


Moien,

Dëst Bild Fichier:35 mm Filmkamera 01 KMJ.jpg huet e Lizenzproblem.

Les Meloures 14:07, 22. Okt 2008 (UTC)

Elo net méi. Gëtt geläscht an duerch Commonsbild ersat. Melouresbot 21:31, 30. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Interwikilinkorder[Quelltext änneren]

Salut Otets,

ech wollt emol nofroen ob d'Rei esou wéi se elo hei steet an der Rei ass (ech kenne mech mat den net latengesche Buchstawen net aus) oder ob's Du dat nach ofschléissend kucke kanns fir datt mir dat un de Benotzer:Malafaya weider kënne ginn fir datt d'Iw'en richteg sortéiert kënne ginn?

Mat beschte Gréiss --Robby 20:49, 25. Okt 2008 (UTC)

Ech bekenne mech schëlleg, dat bis ewell ëmmer nach net op en Enn bruet ze hunn. Ech hoffen, datt ech mech dann deen nächste Weekend besseren. --Otets22:35, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut Otets, I hope you did see that the iw sorting order is standarized and updated because new languages as come. Look here on meta for more info on the subject. Carsrac 18:27, 27. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Rit Linn duerch d'Lizenz[Quelltext änneren]

Dëst Bild "Kotor Bucht.jpg" dat s de eropgelueden hues, huet keng Lizenz, oder eng Lizenz déi net kompatibel mat de Wikipedia-Riichtlinne fir Lizenzen ass. Kuck w.e.g no op s de d'Lizenz kënns derbäisetzen oder änneren. Soulaang wéi d'Bild keng valabel Lizenz huet, däerf d'Bild net an Artikele benotzt ginn. -- Les Meloures, 15:06, 26. Jan. 2009

Ech hu mech ëm dee Problem gekëmmert, am Artikel ass elo eng Versioun mat anerer Lizenz. --Otets23:40, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Translation request[Quelltext änneren]

Greetings!Could I ask you to translate the first paragragh of this article into your language?It is listed in m:List of articles every Wikipedia should have.If you want me to translate any article into Vahcuengh,tell me. Thank you very much!--za:User:Biŋhai