Benotzer Diskussioun:Sulfura

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Otets 23:38, 21 Abr 2005 (UTC)

Ech hunn um Stamminet op deng Fro geäntwert. Wann s de soss nach eppes wësse wëlls, zéck net, mär sinn dofir do. --Otets 11:15, 22 Abr 2005 (UTC)

Lëtzebuerger Sprooch a Schreifweis[Quelltext änneren]

Gudden Owend. Kee gëtt vun Ufank u mat der Lëtzebuerger Schreifweis gutt eens. Kuck der am Beschten eis Säit iwwer "Eis Schreifweis" un. Fir den Ufank ass dat schonn net schlecht. A kuck der emol dem "Bassist" seng Diskussiounssäit un, deem hat ech schonn eppes erzielt vun engem "Tool", dat heescht dem Josy Braun seng Brochure. --Cornischong 19:35, 22 Abr 2005 (UTC)

Wat Toolen ugeet, do gouf et de Projet Cortina, dee vum Staat finanzéiert gouf. Wéi en hallef fäerdeg war, huet de Staat de Projet agestallt. Resultat: deen "Demonstrateur", deen een erofluede kann, dee mécht een onsënneg, well en ass terribel lues, gëtt net richteg mat der Eifeler Reegel eens (op d'mannst dee fir de Word) a mécht och soss Feeler.
Wéi de Cornischong schonns ugedeit huet, dat Bescht ass et, d'Schreifweis och ouni Tool ze kënnen - et schreift ee grad esou séier richteg, wéi falsch, alles ass just eng Saach vu Gewunnescht. Kee vun eis huet deen Eis Schreifweis-Artikel an enger Kéier ganz gebéxt, deen ass éischter geduecht, fir all Dag eng Kéier kuerz driwwer ze fléien, da léiert een dat ganz automatesch an ouni ze käimen. Dat ass alles kee Problem, am Ufank hate mär och null Ahnung. Dat koum alles eréischt lues a lues mat der Zäit. --Otets 20:20, 22 Abr 2005 (UTC)

Salut Sulfura. Sief mer net béis, ech hunn op denger Benotzersäit e bësse gekniwwelt. ok? --Cornischong 22:53, 22 Abr 2005 (UTC)

Gudde Moien Sulfura. Et ass gutt, datt a leschter Zäit mol méi Lännerartikelen opgemaach ginn. Ech hu gesinn, du hues en Ulaf geholl, fir Holland an de Grëff ze kréien. Do ass awer eng Saach, déi s de nach villäicht net gesinn hues. Mär hunn eng Schabloun, fir déi Zort vun Artikel! Op déi Manéier gëtt den Opbau ëmmer d'selwecht. Kuck der dat emol beim neie "Schweden"-Artikel un. Da kopéier der de "Skelett" eriwwer, an da fëlls de den Text an. ok? --Cornischong 09:51, 3 November 2005 (UTC)

Geet net, de Sulfura huet keen Artikel iwwert d'Land Holland, mee een iwwert d'Provënz Holland opgemaach. A fir Provënzen hu mer keng Schabloun. --Otets 10:09, 3 November 2005 (UTC)

O, mei. --Cornischong 10:27, 3 November 2005 (UTC)

Gudde Moien. Wow. Da misst de eis awer op déi Force en Artikel iwwer de FIAT Cinquecento spendéieren. A vergiess den ale Modell Nuova 500 vu 1957 net. Keng Angscht, vun deem hunn ech Biller. Fuer duer. --Cornischong 00:21, 2 Juli 2007 (UTC)

Gudde Moien. Du schreifs "et fënnt een praktesch keng Infos". Ech hunn der emol d'Linken op deenen anere Wikipediaen hir Artikelen derbäigesat. Do fënns de bestëmmt nach Material fir an den Artikel. Wéi z.B. an der däitschsproocheger sinn d'Modeller all ernimmt. An der engleschsproocheger stinn nach Eenzelheeten iwwer d'Mazda Politik mat dem Numm 121, a wat alles mat deem Numm verkaaft gouf. --Cornischong 04:11, 10 August 2007 (UTC)