Op den Inhalt sprangen

Bernard van Orley

Vu Wikipedia
Bernard van Orley
Gebuer 1488 jul.
Bréissel
Gestuerwen 6. Januar 1541
Bréissel
Nationalitéit Südlech Nidderlanden
Aktivitéit Moler, visuelle Kënschtler, Zeechner, Aquafortist, Graphiker

De Bernard van Orley (och Barend van Orley, Bernaert van Orley oder Barend van Brussel), gebuer ëm 1491-1492 zu Bréissel, an och do gestuerwen de 6. Januar 1541, war e nidderlännesche Moler zu der Zäit vun der Renaissance.

Zesumme mat sengem Brudder Everard huet hie säin Handwierk warscheinlech am Atelier vu sengem Papp Valentin van Orley (zirka 1466 - 1532) geléiert. D'van Orleys ("d'Ourley" oder "d'Ourle") waren en Adelsgeschlecht aus dem Herzogtum Lëtzebuerg. Tëscht 1509 a 1515 huet de Bernard an Italie gelieft, wou e sech vun der Molerei vum Raffael inspiréiere gelooss huet.

Vu 1520 bis 1527 war e Moler um Haff vun der Gouvernante Margarete vun Éisträich a vu 1532 un vun hirer Nofollgerin, der Maria von Kastilien.

1539 huet hie sech mat der Catherina Helluick bestuet. Si krute 6 Kanner, dovu goufen der véier och Moler.

Nieft der Molerei huet de Bernard van Orley och Entwërf gemaach fir Tapisserien a faarweg Fënsteren.

  • Jules Vannérus: L'origine luxembourgeoise des peintres van Orley ; in: RBPH (Revue belge de Philologie et d'Histoire), Bd. 3, 1924; Ss. 592-598.
Commons: Bernard van Orley – Biller, Videoen oder Audiodateien