Bestgensmillen
Koordinaten | 49°30'28,62"N, 6°0'32,51"O |
---|---|
D'Bestgensmillen ass eng fréier Millen, déi an der Millestrooss, dem CR168, zu Schëffleng läit, net wäit vun der Uelzecht an dem Naturschutzgebitt Brill.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Mille gouf warscheinlech ëm 1803 vum Nicolas Olinger (aner Quelle soe Jakob Olinger-Ehlinger) gebaut a gouf virun allem als Karmille benotzt. Se hat zwéi Muelgäng a gouf duerch e Waasserrad ugedriwwen. Géint Enn vum 19. Joerhonnert gouf se duerch e Feier deelweis zerstéiert, tëscht 1890 an 1900 awer nees opgebaut an och vergréissert.
Vun 1947 u gouf d'Millen nëmmen nach als Lager fir Dünger a Fudder benotzt. 1985 hunn d'Proprietaire vun der Millen, d'Gesëschter Bestgen decidéiert, dem Staat d'Millen ze schenke fir s'als Baumonument z'erhalen.
De Staat huet d'Gebai vun den Architekten Hermann & Valentiny renovéiere gelooss woubäi den alen Deel a senger ursprénglecher Struktur erhale bliwwen ass. Déi al Maschinne si funktiounsfäeg bliwwen oder gemaach ginn.
Et gouf am Ufank e sozialpedagogeschen Zentrum fir Jugendlecher dran ageriicht. Spéider hat de Beschäftegungsreseau Objectif Plein Emploi bis Mëtt 2013 do säi Sëtz. E Restaurant an eng Brasserie waren, respektiv sinn nach an der Millen installéiert. E Sall ka bei der Gemeng fir verschidden Aktivitéite gelount ginn. De Schachclub vu Schëffleng huet säi Sëtz an der Millen.
Den 9. Februar 2018 gouf d'Bestgensmillen op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Ongeféier sou laang steet d'Gebai eidel. Am Januar 2022 goufen d'Gemeng Schëffleng an den Educatiounsministère sech eens, e sougenannten Centre socio-thérapeutique (CST) fir Kanner tëscht 3 an 12 Joer dran anzeriichten, dee vun der Telos Education geréiert soll ginn. Dofir soll d'Gebai fir eng 7 bis 8 Milliounen Euro ëmgebaut an ugepasst ginn.[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Bestgens Millen: S. 51)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bestgensmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ Glenn Schwaller: "Neues Leben für 200 Jahre alte Mühle in Schifflingen." wort.lu, 31.01.2022.