Betty Boop
Betty Boop | |
---|---|
Ass en(g) | fiktive Mënsch, animéiert Figur |
Geschlecht | weiblech |
Produktiounsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
D'Betty Boop ass eng weiblech Cartoon-Figur, déi am Joer 1930 vum Max Fleischer kreéiert gouf. Ursprénglech gouf d'Figur vun de Fleischer Studios erausbruecht, mee ass duerno, wéi déi bis faillite waren, vu Paramount Pictures iwwerholl ginn.[1] D'Betty Boop fënnt een ënner anerem och nach a weideren Zeechentrickfilmer, Comics a spéiderhin och am Merchandising. Den éischten Zeechentrickfilm mam Betty Boop ass 1930 erauskomm am Kader vun der "Talkkartoon-Serie". Spéiderhi krut d'Betty Boop awer och seng eege Serie. Hiren Nonumm Boob (boob. engl. weiblech Broscht) spillt schonn op säin albekannte Sexappeal un.
Originnen
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Kéier ass d'Betty Boop an enger "Talkkartoon-Serie" mam Numm Dizzy Dishes (1930) virkomm. Ugefaangen huet dem Betty säi Charakter als anthropomorpht Framënsch. Hatt hat laang Oueren an hänkeg Bake wéi bei engem Puddel. Deemools huet hatt dat weiblecht Pendant zum "Bimbo, the Dog" symboliséiert an huet och zu där Zäit säi bekannte "boop-boop-a-doop" erausbruecht. D'Stëmm gouf vum Mae Questel synchroniséiert. An de Joren drop gouf ugefaangen, d'Ausgesinn ze änneren, bis d'Betty schlussendlech am Cartoon Any Rags (1932) eng komplett erwuesse Fra gouf. D'Schlappouere goufe mat grousse Creollen ersat. Fir déi Modifizéierung vum Betty Boop war de Grim Natwick zoustänneg. Vun do un huet d'Betty Boop sou ausgesinn, wéi een hatt hautdesdaags nach kennt. Dofir gëtt den Natwick, niewent dem Max Fleischer, och als Zeechner vum Betty Boop ugesinn. Mëtt 1932 ass den éischten offizielle Betty-Boop-Cartoon diffuséiert ginn Stopping the show (1932).[2]
Et ass nach ëmmer net sécher wou de Fleischer an den Natwick sech d'Inspiratioun fir d'Figur vum Betty Boop hiergeholl hunn. Et gëtt gesot, datt d'Betty Boop eng Karikatur vun der amerikanescher Broadway Sängerin Helen Kane wier. D'Betty gläicht der Sängerin vum Gesicht a vun den Hoer hier zimmlech vill. Eng zweet Méiglechkeet wier och d'Clara Bow, déi als dat alleréischt IT Girl gëllt. Déi zwou Fraen hunn eng staark Änlechkeet mam Betty Boop, virun allem mat hire schwaarze kuerzen a krauselechen Hoer, dem ronne Gesiicht an de schmuelen a ronn geformten Aperhoer.[3]
D'Betty als Sexsymbol
[änneren | Quelltext änneren]D'Betty stellt ee [[Flapper-GirlΩΩ aus de Roaring Twenties duer. Passend dozou huet hatt immens gär gedanzt a geféiert an hatt war och ëmmer sexy gekleet, mat engem Minirack, Tallekeschong, engem Nylonscollant a grousse gëllenen Ouerréng. Och d'Cartoons vum Betty Boop si voll mat sexuellen Uspillungen. Soumat gëtt et praktesch keng Folleg wou dem Betty säi Collant net erofrutscht oder säi Rack net eroprutscht. D'Betty war déi éischt Cartoon-Figur déi seng eege Sexualitéit hat. Aner Figure wéi zum Beispill d'Daisy Duck, gëlle bildlech als ee Wiesen ouni Geschlecht, ouni weiblech Attributer.[4]
Betty ënnert dem Production Code
[änneren | Quelltext änneren]Schlussendlech gouf dem Betty säin Optrieden him selwer zum Verhängnes. De Production Code huet dem Betty 1934 ee méi laangt Kleed opgezwongen an hatt sollt sech ab elo och net méi sou verféieresch behuelen. Nei Richtlinnen an nei Gesetzer, wat de sexuelle Contenu vu Filmer ubelaangt, sinn a Kraaft getrueden. De Charakter an d'Figur vum Betty Boop huet staark dorënner gelidden. Vum Sexsymbol gouf hatt zu enger braver Hausfra mat engem klengen Hond, dem Pudgy, an engem neie Frënd, dem Freddy. Aus senge kuerze Kleeder gouf ee méi laange Rack a seng schéin Hoer waren net méi sou krauselech. Och seng grouss Bijouen, seng Ouerréng a seng Braceleten, ass et lass ginn. Net nëmmen d'Ausgesinn huet changéiert, mee och säi Verhalen. Hatt gouf méi erwuessen, méi räif a war net méi sou verspillt. Natierlech hunn d'Fans dat net laang op sech roue gelooss an déi Leit déi dat sexy Betty zeréck wollten hunn ofgeschalt. D'Fleischer Bridder hunn nach probéiert mat Gaaschtoptrëtt d'Serie ze rette mee den Interessi ass nom Ëmschlag net méi zeréckkomm. Soumat gouf de leschte Betty Boop Cartoon 1939 produzéiert. Rhythym on the reservation (1939) war säi leschten Optrëtt mä als offiziellt Enn vun de Betty Boop Cartoons gëllt de Yip Yip Yippy (1939) wou d'Betty selwer awer net méi dran ze gesi war.[5]
Medien
[änneren | Quelltext änneren]Comics
[änneren | Quelltext änneren]D'Betty Boop war och an de Comics present. Vun 1934 bis 1937 goufe vum Bud Counihan puer Comic Reie mam Betty Boop verëffentlecht.[6] Duerno goufen et nach weider Comic Strips an deenen hatt eng kleng Roll gespillt huet, wéi am Felix the Cat oder am Graphic Novel Betty Boop's Big Break. 2016 goufen weider Comics rausbruecht vun Dynamite Entertainment am alternativ amerikaneschen anime Graphic Novel Stil.[7]
Tëlee
[änneren | Quelltext änneren]- Réischt an de 60er Joren huet een ugefaangen d'Betty faarweg ze molen an heiansdo gouf hat am us-amerikanesche Fernsee diffuséiert. D'Filmer goufen a Korea op der Hand koloréiert, well do d'Produktiounskäschte méi gënschteg waren.
- 1988 hat d'Betty selwer och nach ee Gaaschtoptrëtt als Cartoon-Figur am Film Falsches Spiel mit Roger Rabbit mee erëm als schwaarz-wäiss Figur. An der Zeechentrickserie Drawn Together gëtt et eng Figur d'Toot Braunstein, wat eng Persiflage vum Betty Boop soll sinn.
- 1995 gouf et eng Rei vun 8 Bänn mam Numm "Betty Boop: The Definitive Collection" op VHS (Video Home System) verëffentlecht. Seid den 30er Jore war d'Betty Boop di am meescht verkaafte Cartoon-Figur vun engem weibleche Comic-Charakter.[1]
Merchandise
[änneren | Quelltext änneren]Haut ginn et dem Betty seng Erliefnisser op DVD ze kafen, an et gëtt och ee grousse Marché u Fanartikel. D'Fanartikel stellen dat Betty duer, dat d'Publikum am léifsten hat, als Sexsymbol, also virun der Ëmstellung vum Production Code. 2007 koum och ee Spill fir den Nintendo DS eraus Betty Boop's Double Shift. D'Betty Boop ass mam Merch bis Haut och erëm weltwäit bekannt ginn. Virun allem als Pin-Up Ikon fir Kanner an och Erwuessener.[4]